• Fraen* – Just Deko.

    Jonk Lénk huet gëschter an der Nuecht mat enger Aktioun um Monument vun der “Gëlle Fra” op de Sexismus opmierksam gemaach, deen déif an eiser Gesellschaft verankert ass. Dass Fraen* just Dekoratioun si sollen, bleift Realitéit zu Lëtzebuerg. Reklammen, déi Produite mat Frae*kierper dekoréieren (“Poll on Ice”, Poll-Fabaire), Medien, déi Frae* wéi Objete presentéieren (“Pin-ups”, RTL) a Parteien, déi Fraen* iwwert hier Posch definéieren (“Madame on Tour”, LSAP). Beispillhaft ass de peinleche Versuch, bei de Gemengewalen engem reelle Probleem – dem Mangel u Fraen* an der Politik – entgéintzewierken. Amplaz Männerbündnisser opzeléisen a strukturelle Sexismus an de Parteien ze kritiséieren, gëtt eng Alibi-Campagne lancéiert. D’Zil ass et nämlech net, Frae*…

  • Stoppt d'Police-Repressioun géint Jonker zu Lëtzebuerg.

    Gemeinsame Communiqué vun der UNEL, Richtung22 a Jonk Lénk. “Du Kallef” – De rezent vill thematiséierte Virfall, bei deem Poliziste sech gewaltsam Zougang an eng Wunneng verschaaft hunn, Objeten op Menschen geheit, Jonker perséinlech beleidegt a mat falsche Verdächtegungen drangsaléiert hunn, ass leider keng Ausnahm, mä den Alldag zu Lëtzebuerg. Polizist*innen verlaange “Respekt virun (hirer) Autoritéit”, plustere sech op an hu siichtlech Freed dorunner, sech u Jonken auszeloossen. Datt dobäi méi wéi fragwürdeg Methode benotzt ginn, schéngt keen*t ze stéieren: Amplaz vun internen Enquêtë, gëtt et erofloossend Kommentarer vun der Police- Pressestell. Hëllefslosegkeet oder Virgoensweis mat Systeem? Ob et elo de Groussasaz um Rock-a-Field 2015 wor, Police-Asätz viru Schoulen, déi…

  • Hostile Architecture: Wéi ginn Leit aus dem ëffentlechen Raum verdriwwen? (Ënnert dem Pavé 02.09.16)

    Duerch d’Neoliberaliseierung vum ëffentlechen Raum gëtt et ëmmer mei Bestriewungen gewëssen Persounen oder Gruppen déi an eiser Gesellschaft net esou erwënscht sinn, vun Platzen eweg ze haalen. Mir kucken eis um Beispill vun de Skater*innen un, wéi hostile architecture ausgesinn kann an wat fir Mechanismen et soss nach sou gëtt, fir Leit vum ëffentlechen Raum ewech ze haalen. D’mp3 downloaden! (Foto: original CC BY-SA 3.0 by MMFE)

  • Royal Hamilius (Ënnert dem Pavé 02.09.16)

    De Projet “Royal Hamilius” sou keen nohaltege Projet, wéi op den Affichë gäre suggeréiert gëtt. Mir erklären, wisou! D’mp3 downloaden! Um Aldringer an der Stad steet grad eng riesech Baustell. Wou soss déi städtesch Busser gehalen hunn an sech am Ënnergrond d‘Jugendkultur getraff huet, ass lo een Lach. Gebaut gëtt de Projet „Royal Hamilius“, deen – op mannst der Reklamm no, Wunnen, Schaffen an Akafen op enger Plaz vereenege soll. Ass dat dann elo net super, wou et ëmmer heescht, sou eng Mëschung vun de Funktioune wier enorm nohalteg? Op 36.000m² solle Wunnengen, Büroen an Akaafsflächen entstoen. Allerdéngs gëtt déi vill Plaz am Zentrum vun der Stad net dofir genotzt,…

  • Ënnert dem Pavé – Beyoncé & Kraidprozess – 03.06.16

    An dëser Emissioun vun Ënnert dem Pavé ginn iech Jonk Lénk eng Idee iwwer d’Motivatiounen an d’Iwwerzeegungen vun hieren Aktivist*innen, se maachen eng kuerz Analyse vum Beyoncé sengen politeschen Messagen an diskutéieren iwwer den Prozess den engem vun hieren Aktivist*innen bevirsteet. 2016.06.03 – Ënnert dem Pavé