• Projet de loi 6992

    Dat neit lëtzebuerger Immigratiounsgesetz weist, wien hei wëllkomm ass … Den 8. Februar 2017 gouf an der Chamber ee neit Immigratiounsgesetz (PdL 6992) gestëmmt, dat un Hypokrisie net z’iwwerbidden ass. Et ëmfaasst dräi Punkten. Éischtens dass Famillje mat Kanner amplaz 3 elo 7 Deeg am Centre de rétention agespaart gi kënnen, ier se expulséiert ginn. Den Menscherechtskommissär vum Europarot huet sech zwar nach virum Vote ageschalt, fir op den eklatanten Verstouss géint d’Mënscherecht-Charta hinzeweisen, mee den zoustännege Minister Asselborn huet sech net irritéiere gelooss. Aus “prakteschen Grënn” wier dës Virgoensweis noutwänneg. Den zweete Punkt aus dem Gesetz ass d’Schafen vun der Méiglechkeet fir Supperräicher en titre de sejour kréien, wa…

  • No more Big4 – Jonk Lénk fänkt déi 4t Adventskäerz un.

    Haut um 4ten Advents-Sonnden ass mat enger Aktioun virum Gebai vu PWC zu Gaasperech d’Advents-Campagne vu Jonk Lénk géint den Afloss an d’Geschäfter vun den véier groussen Beroderfirmaen op een Enn gaangen. Amplaz Käerzen unzezünden war et d’Uleies vu Jonk Lénk Luucht an d’Däischtert ronderëm déi véier grouss Beroderfirmaen, EY, KPMG, PWC an Deloitte (zesummen: “Big4”) ze bréngen. Et geet drëm fir sech méi mat dëse véier Firmen, hire Geschäftsmodeller an hirem globalen Impakt ausernaner ze setzen. Un All Advents-Sonnden huet Jonk Lénk dowéinst eng Photo an ee Text zu enger vun deenen véier Beroderfirmaen publizéiert. Et ass kloer, dass d’Big4 iwwert déi ursprénglech Déngschtleeschtung vum “Audit” scho laang ewech…

  • 3. Advent: Deloitte

    Fänkt déi drëtt Adventskäerz un! Nodeems mer eis un deene leschte Sonndeger schonns no den Audit-Firmen “EY” a “KPMG” gekuckt hunn, wëlle mer haut Luucht an d’Däischtert ronderëm Deloitte bréngen. Deloitte ass och eng sougenannt Wirtschaftspréiwungsgesellschaft an Deel vun den “Big4”.   D’Lëscht vun de Skandaler ronderëm Deloitte ass laang (1) a weist, awéifern Audit-Firmen onfäheg sinn d’Problemer an déi kriminell Machenschafte vun hire Clienten opzedecken. Deloitte huet eng besonnesch berüchtegt Clientèle, sief et de Chimie-Konzern Monsanto, deem Deloitte gehollef huet Bilanzen ze fälschen (2), sief et Starbucks, déi gehollef krute massiv Steieren ze ëmgoen (3) oder d’Zigaretten-Industrie an Australien, déi bei der Lobbyaarbecht géint de Gesondheetsministère ënnert d’Ärem gegraff krut…

  • 2. Advent: KPMG

    Et gett Zäit, déi zweet Adventskäerz unzefänken. Haut wëlle mer bëssi Luucht ronderëm d’KPMG bréngen, genee wéi EY eng vun de véier groussen Wirtschaftberodungs- an Auditkonzerner (den “Big4”) a mat wichtegem Sëtz zu Lëtzebuerg. Och d’KPMG ass an eng Rei vu ‘Accounting Skandaler’ verwéckelt, also Vertuschungs-Skandaler bei deenen d’Beroderfirma gehollef huet Ongereimtheete bei anere Firmaen ze verstoppen. D’KPMG ass zum Beispill iwwert déi leschte 16 Joer fir d’Iwwerpréiwung vun de Finanze vun der FIFA zoustänneg gewiescht an huet “näischt vu Korruptioun gemierkt”(1). Och huet d’KPMG Russland a Qatar berode fir d’WM an dës Länner ze huelen(2). Ee vun deene gréisste Skandaler vun der KPMG ass den “tax shelter fraud“(3), bei…