• Gläichberechtegung – Zu all Moment.

    Am Kampf géint Diskriminéierung vu Fraen an der Aarbechtswelt geet et ëm wäit méi wéi den Gender Pay Gap. Dass Frae manner Chance a Bewerbungsgespräicher hunn, bei Befërderunge manner dacks consideréiert ginn an op ville Plazen nach ëmmer manner verdénge wéi hier männlech Kollegen, déi déi nämlecht Aarbecht maachen (den sougenannten “Gender Pay Gap”) si Phänomener, déi ëmmer nees thematiséiert ginn – grad och well ze mann Mesuren ergraff ginn, fir eppes dorunner ze änneren. Medial Opmierksamkeet krut elo ee Gesetz aus Island, wat Betriber mat iwwer 25 Mataarbechter*innen zwénge soll, deen nämlechten Loun fir déi nämlecht Aarbecht ze bezuelen. An Artikele gouf dës Mesure als revolutionär gewierdegt an Island…

  • Konsequent gläichberechtegt: Paritéit fir d'Setz an der Chamber festleeën.

    Déi mësslonge Campagne “Madame on Tour” vun der LSAP weist, dass d’Politik iwwert all Parteigrenzen ewech de falschen Usaz huet: Amplaz d’Frae selwer zu de Schëllege vun hirem Net-Engagement ze maachen, missten d’Hürden innerhalb vun der Politik ofgebaut – dat heescht virun allem d’Männerdominanz – duerchbrach ginn. Déi haut an der Chamber debattéiert 40%-Quot op de Wahllëschte schéngt e Minimal-Kompromëss innerhalb vun der Regierung ze sinn. Dat ass zimlech peinlech fir eng Koalitioun, déi sech progressiv gi well – a bestëmmt frustréierend fir déi zoustänneg Ministesch, eng vun de grad mol 3 Fraen un der Spëtzt vun engem Ministère. D’Jonk Lénk ass genervt vun esou Alibi-Manöver. Wann et de Parteie…

  • #KappVollerIddien – Politik am Kapp, net an der Posch.

    D’LSAP wëll also méi “Madammen” iwwerrieden vir hier Lëschten ze kandidéieren. Interessanterweis schéngt d’LSAP der Meenung ze sinn, dat net d’Männerdominanz an den oppene Sexismus an der Politik, net de personaliséierte Wahlsystem, net de strukturelle Sexismus an hirer Partei an deenen anere Parteien oder de Mangel u Bereetschaft Fraen* vun Ufank un mat opzebauen an ze ënnerstëtzen de Problem ass. De Problem ass der LSAP no offensichtlech, dass bis elo nach keen d’Fraen* mat engem rosa Camper an enger rosa Posch voller Iddie siche komm ass. Dës Aktioun ass fir ze katzen. Fraen* ginn op ee sexistesche Stereotyp, d'”Madamm mat hirer Posch” reduzéiert a lächerlech gemaach. Mee nieft der schlechter…

  • Consent & Definitiounsmuecht

    Let’s talk about sex, baby. Mir hunn eis geduecht, dass et ëmmer nees wichteg ass iwwert Sex ze schwätzen an dat maache mer haut bei Iwwert der Plage. Dat wichtegst dobäi ass Consent, deen ass nëmmen dann erreecht wann all Persoun déi un enger sexueller Handlung bedeelegt ass dozou zougestëmmt huet a komplett domat averstanen ass. D’Persounen déi involvéiert si mussen also wësse wourop si sech grad aloossen. Dat setzt viraus, dass keent ze vill gedronk huet oder ob eng aner Aart a Weis net zourechnungsfäeg ass. Et ass wichteg, dass all Persoun eng informéiert Entscheedung treffe kann, Kanner a schlofend Persoune kënne keng informéiert Entscheedung treffen. Außerdem muss ganz kloer an ope kommunizéiert ginn, sou dass keng Mëssverständnesser kënnen opkommen zu wat grad zougestëmmt gëtt. Konsens muss sech och…

  • Feminismus

    De Prinzip vum Feminismus ass eigentlech ganz einfach erklärt: All Mënsch, egal ob Mann oder Fra, sollen déi selwecht Rechter hunn an onofhängeg vun hirem Geschlecht mam gläiche Respekt behandelt ginn. Klengt simpel, ass et och. Sou selbstverständlech wéi des Definitioun ass, sou ginn et trotzdem ëmmer Bedenke géigeniwwer dem Feminismus. Brauche mir iwwerhaapt haut nach Feminismus? Och dës Fro ass ganz einfach mat engem “Jo” beäntwert. Just well eng Fra Presidentin ka ginn oder CEO an enger grousser Boite, heescht dat net dat et kee Sexismus méi gëtt an dat ee Feminismus net méi brauch. Frae verdéngen an der Moyenne manner wéi Männer fir déi selwecht Aarbecht, Frae sinn ënnerrepresentéiert a Verwaltungsréit, Parlamenter an anere Féierungspositiounen, … Frae ginn dagdeeglech op der Strooss agresséiert, a si vill ze oft Opfer vun häuslecher Gewalt.…

  • Ënnert dem Pavé – Grenzenlose Solidarität & Frauen*kampftag – 04.03.16

    Ab dem 04. März 2016 gëtt et um Radio Ara all Freiden vun 16-17 Auer eng nei Radio Sendung déi “Ënnert dem Pavé” heescht. Zësummen mat der UNEL, mat OGBL-Jeunes an mat Richtung22 wiesselen mir eis all Freiden oof. Mir klären iech iwwer politesch Phänomener op, interviewe spannend Personnagen an diskutéieren iwwert aktuell politesch Themen. Den Numm vun der Sendung kënnt vun engem Sproch aus der ’68er Beweegung: “sous les pavés, la plage” a wéist, datt duerch Opbroch eng besser Zukunft méiglech ass. Den Podcast vun eiser éichter Sendung an där et ëm eng Demo zu Treier ënnert dem Motto “Grenzenlose Solidarität” an ëm den Fraen*kampfdaag geet fann der hei:…