• Projet de loi 6992

    Dat neit lëtzebuerger Immigratiounsgesetz weist, wien hei wëllkomm ass … Den 8. Februar 2017 gouf an der Chamber ee neit Immigratiounsgesetz (PdL 6992) gestëmmt, dat un Hypokrisie net z’iwwerbidden ass. Et ëmfaasst dräi Punkten. Éischtens dass Famillje mat Kanner amplaz 3 elo 7 Deeg am Centre de rétention agespaart gi kënnen, ier se expulséiert ginn. Den Menscherechtskommissär vum Europarot huet sech zwar nach virum Vote ageschalt, fir op den eklatanten Verstouss géint d’Mënscherecht-Charta hinzeweisen, mee den zoustännege Minister Asselborn huet sech net irritéiere gelooss. Aus “prakteschen Grënn” wier dës Virgoensweis noutwänneg. Den zweete Punkt aus dem Gesetz ass d’Schafen vun der Méiglechkeet fir Supperräicher en titre de sejour kréien, wa…

  • Still marching for Freedom

    Beriicht vun der Pressekonferenz vun den Ugeklote vum March for Freedom Noom zweeten Dag am Prozess géint Demonstrant*inne vum “March for Freedom” haten déi Ugekloten op eng Pressekonferenz invitéiert. Géint en Europa vun de Grenzen De “March for Freedom” gouf vu Sans-Papiere selwer gestart. Et ass drëms gaangen, an engem symbolesche Marsch insgesamt 5 Landesgrenzen z’iwwertrieden a sou fir Beweegungsfräiheet ze demonstréieren. Net just déi déidlech Grenz ronderem Europa wor en Thema. Och innerhalb vun Europa ginn trotz dem Schengen-Accord d’Grenzen ëmmer méi präsent: D’Grenz zwëschen Italien a Frankräich ass zum Beispill zou. Biller vu Calais weisen, wéi matzen an Europa Mënschen u Grenze festhänken a keng Méiglechkeet hunn, weiderzezéien.…

  • Freedom March-Prozess #luxTrial

    (deutsche Version weiter unten) Haut war deen éischte Verhandlungsdag am Prozess ronderëm den “Freedom March”. Op enger  Demonstratioun géint d’EU-Flüchtlingspolitik am Juni 2014 um Kierchbierg wor et zu engem brutale Police-Asaz géint d’Demonstrant*inne komm.  Schockéierend  waren haut net just dat neit Video-Material, dat gewisen huet, wéi  brutal an dilettantesch d’Police un d’Opléisung vun der Demonstratioun erugaange war an doduerch d’Lag zum Eskaléiere bruecht huet. Schockéierend war och d’Verhale vun de Poliziste viru Geriicht. Mat hirer absurder Weigerung op däitsch auszesoe  fir dass all déi Ugekloten si verstinn, hunn d’Beamten de Prozess an  d’Längt gezunn – offensichtlech fir méi Zäit ze kréien sech ënnerteneen ofzeschwätzen an nei Erklärunge fir dat duerch…