• Ënnert dem Pavé – FLIT* Sendung – Women's March, Pussy Riot, Hwages, Lana Pochiro, Hannah Arendt, Riot Grrrl

      Zum internationalen Fraen*kampfdaag, huet den FLIT* Grupp [1] vun Jonk Lénk eng Sendung ob d’Been gestallt. Dei Ugeschwaaten Themen ginn vum Hwages Videoclip, dem Women’s March, iwwert Pussy Riot bis zu enger Carte Blanche um RTL. Een Interview mat enger feministescher Aktivistin aus den USA, dem Lana Pochiro bréngt een Abléck an d’Era Trump. Mär presentéieren ärch den Film “Hannah Arendt” an erklären waat et mat Riot Grrrl op sech huet. fraendag.lu Playlist: Majed Alesa – Hwages Milck – Quiet Beyoncé –  Formation Pussy Riot – Make America Great Again Lowest Priority – Not Just Boys Fun All the Way Down – Thick Smoke [1]: F= Fraen, L= Lesben,…

  • Riot Grrrl*

    De Riot Grrrl Movement war ursprénglech eng feministesch underground Bewegung, déi an der amerikanescher Alternativ a Punk Szen entstanen ass. Begrënnerin war d‘Kathleen Hanna, Frontfra vun der Band Bikini Kill. D´Sängerin hat Ufank den 90er Joren d’Iddi eng Zeitung ze verëffentlechen, mat ebe grad deem Numm: Riot Grrrl. Beaflosst gouf hat vu Museker*innen aus de 70er an 80er Joren (Patti Smith,…) Mee eleng déi Tatsaach dass den Numm op eng Zeitung zréck ze feieren ass, erkläert nach net Sënn an Zweck hannert der Beweegung. Vir d’Beweeggrënn also ze verstoen, muss een als éischt op d´Situatioun agoen, an der sech déi deemoleg Musekerinne* befonnt hunn. Natierlech goufen et och schonn zu dem…

  • Black Bloc

    Ëfters gëtt an den internationale Medie vum “Black Block” geschwat ouni d’Konzept dohannert verstanen ze hunn. Woubäi et net vill ze verstoe gëtt: Ee Grupp vu Leit dinn sech schwaarz un fir als Massen erkannt ze ginn an net als eenzel Persounen. Et geet dorëms de Grupp viru Repressioun ze schützen, well et doduerch schwéier gëtt eng eenzel Persoun ze prosécuteieren, et geet also ëm Solidaritéit ënnert Genoss*innen an ëm Selbstschutz. Mee fänke mer mol ganz fir un: ob enger Demo, zemools gréisseren Demo’en wei mer se éischter aus dem Ausland kennen, ginn et ënnerschiddlech “Bléck” wei zum Beispill den internationalistesche Block, oder den antinationale Block oder ee Block vun…

  • Ënnert dem Pavé – ENF zu Koblenz, Merci Patron, Black Bloc

      Ob der Demonstratioun géint d’ENF Konferenz zu Koblenz waren och e puer Aktivist*inne vu Jonk Lénk präsent, an dëser Sendung ziele mer ärch wei dat sech aus eisen Aen aus ofgespillt huet. Ausserdeem hunn mer nees ee Film Review “Merci Patron” vum François Ruffin. An der Begrëffserklärungsrubrik Iwwert der Plage schwätze mer iwwert eng Demotaktik, de schwaarze Block.   Playlist: Cutter & Le Druide (Sang Mêlé) – Ni Oubli, Ni Pardon Sookee – Q1 Les Charlots – Merci patron Brujeria – Viva Presidente Trump Solange – Weary Grimes – World Princess Part II The Internet – Girl Lianne La Havas – Unstoppable Lou Reed – Take a Walk on…

  • Ënnert dem Pavé – Joëresréckbléck, Che, Sozialismus

    http://podcast.ara.lu/wp-content/uploads/2017/01/2017-01-06-Ennert-dem-Pave-Jonk-Lenk-MP3.mp3 An dëser Sendung maachen Jonk Lénk en kuerzen Joeresréckbléck iwwer déi verschidden Aktiounen vun 2016. Dorënner och eis Adventsaktioun zu den “Big 4”. Donierwt, gëtt et och en Film review iwwer dem Soderbergh säin Biopic “Che, Revolucion”. Wéi all Sendung hunn mer dann eng Begrëffserklärung an eiser Rubrik “Iwwert der Plage“, des Kéier erklären mer wat mir mengen wann mir eis als sozialistesch Jugendorganisatioun bezeechnen.   Playlist: Sookee – Vorläufiger Abschiedsbrief Donovan Wolfington – Ollie North My Fictions – Mt. Misery Buena Vista Social Club – Hasta Siempre Jedi Mind Tricks – Uncommon Valor: A Vietnam Story Blink 182 – Cynical Caravels – Meatwave Oasis – Wonderwall  

  • Ënnert dem Pavé – Madame on Tour, Rifkin, Big4

      An eiser Dezember Episode vun Ënnert dem Pavé, hunn mer iwwert eis Aktioun #KappVollerIddien zu der Campagne “Madame on Tour” geschwaat, kuerz iwwert den Rifikin Rapport geschwaat an an eiser Begrëffserklärungsrubrik “Iwwert der Plage” hunn mer eis mat den Big4 an méi genau mat Ernst & Young beschäftegt.

  • Kurdistan

    Opgepasst: Dësen Text ass den 3.11.2016 geschriwwen an opgeholl ginn, d’Evenementer vun der Nuecht duerno konnten also nach net berécksiichtegt ginn. Historesch Aleedung zur kurdescher Bewegung PKK, YPG (sprich: Yepegeh), Peshmerga – Begrëffer déi iwwert déi lescht Méint ëmmer rem an de Medien opdauchen. Op, wéi aktuell, d’“Peshmerga“ am Zesummenhang mam Stuerm op Mossul, d’„YPG“ bei der Verdeedegung vun der syresch-türkescher Grenzstad Kobane géint den Islamesche Staat oder d’“PKK“ am Zesummenhang mat bewaffenten Ausernanersetzungen an der Türkei – allen dräi Begrëffer hunn eppes gemeinsam: si sinn Nimm vu kurdeschen, bewaffenten Organisatiounen. Während d’PKK um türkeschen Territoire aktiv ass, kämpfen d’YPG op syreschem Territoire, d’Peshmerga dogéint am Irak. Woubäi, eigentlech kämpfen…

  • Consent & Definitiounsmuecht

    Let’s talk about sex, baby. Mir hunn eis geduecht, dass et ëmmer nees wichteg ass iwwert Sex ze schwätzen an dat maache mer haut bei Iwwert der Plage. Dat wichtegst dobäi ass Consent, deen ass nëmmen dann erreecht wann all Persoun déi un enger sexueller Handlung bedeelegt ass dozou zougestëmmt huet a komplett domat averstanen ass. D’Persounen déi involvéiert si mussen also wësse wourop si sech grad aloossen. Dat setzt viraus, dass keent ze vill gedronk huet oder ob eng aner Aart a Weis net zourechnungsfäeg ass. Et ass wichteg, dass all Persoun eng informéiert Entscheedung treffe kann, Kanner a schlofend Persoune kënne keng informéiert Entscheedung treffen. Außerdem muss ganz kloer an ope kommunizéiert ginn, sou dass keng Mëssverständnesser kënnen opkommen zu wat grad zougestëmmt gëtt. Konsens muss sech och…