• Raumplanung an Mobilitéit (Ënnert dem Pavé 02.09.16)

    Zu Lëtzebuerg ginn et 660 Autoen op dausend Awunner*innen. Dat ass eng enorm héich Zuel an de Grand-Duché ass domadder Spëtzereider an Europa. Mä wisou ass dat dann eigentlech sou? Wisou ass een*t zu Lëtzebuerg sou staark op den Auto ugewise? D’mp3 downloaden! De Grond dofir ass zu engem groussen Deel an der Raumplanung ze sichen. Historesch gesi gouf et an deene läschten 200 Joer eng Entwécklung zu ëmmer méi Vitesse, déi eis Liewensrealitéiten enorm verännert hunn. No den Pärdstrammen koum d’Eisebunn, no der Eisebunn d’Autoen an Mëtt vum läschte Joerhonnert dunn och flächendeckend Autobunnsnetzer. Vitesse féiert awer net dozou, datt sech Zäit, déi mir am Alldag ënnerwee sinn, verkierzt…

  • Royal Hamilius (Ënnert dem Pavé 02.09.16)

    De Projet “Royal Hamilius” sou keen nohaltege Projet, wéi op den Affichë gäre suggeréiert gëtt. Mir erklären, wisou! D’mp3 downloaden! Um Aldringer an der Stad steet grad eng riesech Baustell. Wou soss déi städtesch Busser gehalen hunn an sech am Ënnergrond d‘Jugendkultur getraff huet, ass lo een Lach. Gebaut gëtt de Projet „Royal Hamilius“, deen – op mannst der Reklamm no, Wunnen, Schaffen an Akafen op enger Plaz vereenege soll. Ass dat dann elo net super, wou et ëmmer heescht, sou eng Mëschung vun de Funktioune wier enorm nohalteg? Op 36.000m² solle Wunnengen, Büroen an Akaafsflächen entstoen. Allerdéngs gëtt déi vill Plaz am Zentrum vun der Stad net dofir genotzt,…

  • Veganismus

    Als Vegan bezeechnen sech Leit déi bewosst op d’Konsuméiere vu Produkter deierlecher Hierkonft, a fir d’Hierstellunge vun deenen, Deieren zu Schued komm sinn, verzichten. Dat heescht am Kloertext, kee Fleesch, kee Fësch, keng Eeër, keng Mëllech, kee Lieder, keng Produkter déi op deiere getest gi sinn etc. Dat dote sinn natierlech déi grob Richtlinne wann een sou well. Innerhalb vun deene Kommunitéite ginn et ëmmer erëm laang an intensiv Diskussiounen driwwer wou een d Grenzen zeie soll/däerf. Et léist sech schwéier ofstreiden dass duerch d’Testen op Deieren d’Medezin an aner Wëssenschafte riseg Fortschrëtter gemaach hunn. Mais dat ass eng Diskussioun fir eng aner Kéier.Fir d’Entstoung vun der Veganer Beweegung a Westeuropa reese mer elo ee Stéckchen zeréck an der Zäit. Déi eicht Texter an niddergeschriwwe Beweiser fir eng Vegan Liewensaart an Ernährung kommen aus England an Amerika. Am 19ten…

  • Ënnert dem Pavé – Veganismus a Klimawandel – 05.08.16

    Jonk Lénk sinn der Meenung, dat lénk Iddien méi sinn wei nëmmen Antifa-Fändelen schwenken an ob der Stross demonstréieren. Doweinst befassen mir eis an der dëser Sendung mat Vegetarismus, Veganismus an dem Kilmawandel. Eng Öko-Sendung am Summer, souzesoen. D’Musek kënnt och vun thematesch passenden Bands. Playlist:  No Omega – “Comfort”  Waka Flocka Flame – “Workin” Contravene – “Inhuman Cage” Converge – “Plagues” xRepentancex – “Through Eyes Unclouded” Moby – “Flower” Disrupt – “A Life s A Life” The Radio Dept. – “Death To Fascism” Podcast – Veganismus an Klimawandel