• Nationalismus, Grenzen a Patriotismus – Juni 2017

    Léif Lieserin, léiwe Lieser, den drëtten Zine vu Jonk Lénk hu mir zum Thema Nationalismus, Grenzen a Patriotismus geschriwwen. D’Publikatioun reit sech an an eng Rei vun Aktiounen, déi mer ronderëm Nationalfeierdag den 23. Juni lancéiere fir géint d’Feieren vu Natiounen ze protestéieren. Dass dëst Thema schonn nees do ass, bzw. ni fort war a lo esou aktuell wéi scho laang net méi ass, ass wierklech tragesch. Mir gesinn, dass sech den neien Nationalismus haaptsächlech aus de Verwerfunge vum Kapitalismus an de Wirtschaftskrisen eraus entwéckelt. Dobäi gëtt ëmmer nees déi nämmlecht Logik benotzt: Wann et eis net gutt geet, musse mer eis als Éischtes ëm “eis” selwer këmmeren. Firwat zu…

  • Energie fir eng progressiv Gesellschaft

    Interview iwwer d‘Erausfuerderungen u lénke Separatismus an Europa. Déi schottesch an déi katalanesch Onofhängegkeetsbestriewunge sinn zwee Mouvementer, bei deenen d’Virstellung vun enger “Staatsgrënnung” haaptsächlech vu lénken Iddie gedroe gëtt. Zentral sinn d’Iwwerleeunge ronderëm eng nei Selbstorganisatioun. D’Tessy war fir säi Studium éischt zu Glasgow, dann um Erasmus zu Barcelona an elo och fir de Master zu Barcelona. Hatt kruut doduerch direkt zwee separatistesch Beweegungen an divers Referendumskampagne mat: De schotteschen Onofhängegkeetsreferendum am September 2014, déi zu engem Referendum iwwer d’Onofhängegkeet ëmdeklaréierte Wahl vum katalanesche Regionalparlament am September 2015, de Brexit-Referendum am Juni 2016 an elo d’Virbereedungen zu engem neie Referendum a Katalounien. Du hues a Glasgow studéiert, zur Zäit vum…

  • Dat hannerhältegste Land op der Welt.

    Wéi Tricks mat Grenzen dëst Stéck Buedem zu enger richteger Natioun maachen. Lëtzebuerg huet zanter senger Erfindung Problemer domat, sech als Natioun ze spieren. Also ginn ëmmer nees Weeër gesicht, vir géint dës Mannerwäertegkeetskomplexer virzegoen. D’Politik huet Komesches proposéiert fir d’Patriot*innen ze berouegen: De blatzegen hollännesche Fändel sollt zum Beispill duerch ee Ritterbuergen-Léiw ausgetosch ginn. Den hei vun engem Deel vun den Awunner*inne geschwaten däitschen Dialekt kritt lo eng offiziell Grammatik a soll dann och Nationalsprooch ginn. D’Hymne, bei der een net erwäne sollt, dass se vun engem Auslänner komponéiert gouf, soll geschwënn Verfassungsrang kréien. Dass dat net duer geet, fir d’Nervositéit ze calméieren hätt misse kloer sinn. Kee Wonner…

  • Eng nationalistesch Sprooch

    Jonk Lénk zur aktueller Debatt ronderëm Sproochen zu Lëtzebuerg. Mir hunn eng historesch Verantwortung an eng aktuell Erausfuerderung: Opkommende Rietsextremismus an Nationalismus fréizäiteg z’erkennen an ze stoppen. Wat ass d’Zil vun der Sproochendiskussioun? An der Diskussioun ronderëm d’Sprooche kéint praxis-orientéiert iwwer Léisunge fir all déi Betraffen, egal wéi eng Sproochen se schwätzen, nogeduecht ginn. Zu Lëtzebuerg geet et drëms, dass Leit, déi lëtzebuergesch schwätzen, mat hirer franséischsproocheger Doktesch, Leit déi franséisch schwätzen an hirem engleschsproochegen Aarbechtsëmfeld an och Leit déi portugisesch schwätzen zB. an hirer Pensioun mat däitschsproochegem Fleegepersonal eenz ginn. D’Sproochendiskussioun misst also automatesch ee positiven Exercice sinn, fir d’Ausschléisse vu Leit ze verhënneren. Grad geschitt awer de Géigendeel.…