• No more Big4 – Jonk Lénk fänkt déi 4t Adventskäerz un.

    Haut um 4ten Advents-Sonnden ass mat enger Aktioun virum Gebai vu PWC zu Gaasperech d’Advents-Campagne vu Jonk Lénk géint den Afloss an d’Geschäfter vun den véier groussen Beroderfirmaen op een Enn gaangen. Amplaz Käerzen unzezünden war et d’Uleies vu Jonk Lénk Luucht an d’Däischtert ronderëm déi véier grouss Beroderfirmaen, EY, KPMG, PWC an Deloitte (zesummen: “Big4”) ze bréngen. Et geet drëm fir sech méi mat dëse véier Firmen, hire Geschäftsmodeller an hirem globalen Impakt ausernaner ze setzen. Un All Advents-Sonnden huet Jonk Lénk dowéinst eng Photo an ee Text zu enger vun deenen véier Beroderfirmaen publizéiert. Et ass kloer, dass d’Big4 iwwert déi ursprénglech Déngschtleeschtung vum “Audit” scho laang ewech…

  • 4. Advent PwC

    Déi lescht Adventskäerz brennt. No den Audit-Firmen “EY”, “KPMG” an “Deloitte” fehlt nach PwC an der Serie vun de Big 4. PwC (“PricewaterhouseCoopers”) ass déi Beroderfirma mat deem mat Ofstand bedeitendste Sëtz zu Lëtzebuerg an ass wéinst dem LuxLeaks-Skandal och déi bekanntsten. Genee wéi déi aner grouss Audit Firmen zitt sech och duerch d’Firmegeschicht vu PwC eng Rei vu Skandaler. D’Beroderfirma huet Firmen ëmmer nees gehollef Bilanzen ze fälschen, knaschteg Geschäfter ofzewéckelen a Steieren ze vermeiden (1). Dobäi huet PwC och kee Problem Autokrate wei de Vladimir Putin z’ënnerstëtzen, wann et drëm geet fir politesch Géigner aus dem Spill ze zéien. PwC wor d’Accountingfirma vum Mikhail Khodorkovsky sengem Konzern Yukos…

  • 3. Advent: Deloitte

    Fänkt déi drëtt Adventskäerz un! Nodeems mer eis un deene leschte Sonndeger schonns no den Audit-Firmen “EY” a “KPMG” gekuckt hunn, wëlle mer haut Luucht an d’Däischtert ronderëm Deloitte bréngen. Deloitte ass och eng sougenannt Wirtschaftspréiwungsgesellschaft an Deel vun den “Big4”.   D’Lëscht vun de Skandaler ronderëm Deloitte ass laang (1) a weist, awéifern Audit-Firmen onfäheg sinn d’Problemer an déi kriminell Machenschafte vun hire Clienten opzedecken. Deloitte huet eng besonnesch berüchtegt Clientèle, sief et de Chimie-Konzern Monsanto, deem Deloitte gehollef huet Bilanzen ze fälschen (2), sief et Starbucks, déi gehollef krute massiv Steieren ze ëmgoen (3) oder d’Zigaretten-Industrie an Australien, déi bei der Lobbyaarbecht géint de Gesondheetsministère ënnert d’Ärem gegraff krut…

  • 2. Advent: KPMG

    Et gett Zäit, déi zweet Adventskäerz unzefänken. Haut wëlle mer bëssi Luucht ronderëm d’KPMG bréngen, genee wéi EY eng vun de véier groussen Wirtschaftberodungs- an Auditkonzerner (den “Big4”) a mat wichtegem Sëtz zu Lëtzebuerg. Och d’KPMG ass an eng Rei vu ‘Accounting Skandaler’ verwéckelt, also Vertuschungs-Skandaler bei deenen d’Beroderfirma gehollef huet Ongereimtheete bei anere Firmaen ze verstoppen. D’KPMG ass zum Beispill iwwert déi leschte 16 Joer fir d’Iwwerpréiwung vun de Finanze vun der FIFA zoustänneg gewiescht an huet “näischt vu Korruptioun gemierkt”(1). Och huet d’KPMG Russland a Qatar berode fir d’WM an dës Länner ze huelen(2). Ee vun deene gréisste Skandaler vun der KPMG ass den “tax shelter fraud“(3), bei…

  • Ënnert dem Pavé – Madame on Tour, Rifkin, Big4

      An eiser Dezember Episode vun Ënnert dem Pavé, hunn mer iwwert eis Aktioun #KappVollerIddien zu der Campagne “Madame on Tour” geschwaat, kuerz iwwert den Rifikin Rapport geschwaat an an eiser Begrëffserklärungsrubrik “Iwwert der Plage” hunn mer eis mat den Big4 an méi genau mat Ernst & Young beschäftegt.

  • 1. Advent: EY

    Hutt der schonn déi éischt vun de 4 Adventskäerzen ugefaangen? Ernst & Young, kuerz EY, ass eng vun deene véier weltwäit gréisste “Wirtschaftsprüfungsgesellschaften”. Eng seriö Iwwerpréiwung vun anere Firmen ass natirlech problematesch, wann een dës Firmen gläichzäiteg als Client behale wëll – kee Wonner, datt EY ëmmer nees a gréisser ‘Accounting-Skandeler’ verwéckelt ass (1). D’Dengschtleeschtungen vun EY ginn awer vill méi wäit: Vu Berodung bei Steierfroen (Kloertext: Steiervermeidung), Berodung bei Personalfroen (Kloertext: Personalofbau) bis zu Berodung bei finanzielle Froen vun all Zort (Kloertext: Gewënnmaximéierung, Spekulatioun, Risiko-Investment). D’Zil ass et, hir Clientel, dat si mëttel bis grouss Entreprisen, awer och ëffentlech Institutiounen, “z’optiméieren”, also an all Beräich méi marchéskompatibel ze maachen.…

  • Prett fir d'Adventskäerzen unzefänken?

    Jonk Lénk schléit fir, dëst Joer keng Käerzen unzezünden, mee Luucht an d’Däischtert ronderëm déi véier grouss Beroderfirmaen, EY, KPMG, PWC an Deloitte (zesummen: “Big4”), ze bréngen – a start dofir muer eng Advents-Aktioun. Mir, souwéi d’Ëffentlechkeet am Generellen, mussen ufänken eis mat dëse véier Firmen, hire Geschäftsmodeller an hirem Impakt ausernaner ze setzen. Iwwert déi ursprénglech Déngschtleeschtung vum “Audit”, also der Iwwerpréiwung vun de Bicher a Bilanze vun anere Firmen, sinn d’Big4 scho laang ewech. Steier-, Personal- a Gewënnoptiméierung sinn d’Servicer, ëm déi et mëttlerweil geet. Wéi grouss ass den Afloss vun dëse Firmen a wéi ee Weltbild versichen sinn duerchzesetzen? Net ouni Grond hunn sech d’Big4 zu Lëtzebuerg…

  • Ënnert dem Pavé – LuxLeaks an Identitäre – 01.07.16

    An dëser Sendung vun Ënnert dem Pavé sinn d’Wiener*innen ënnert eis zesummen hannert dem Mikro fir iwert den LuxLeaks Prozess an iwert déi rietsextrem “Identitäre Bewegung” ze schwätzen. http://giphy.com/gifs/Mv4Cfg2Npmqm4 Hei e puer weider feierend Links zu der Gewalt déi vun den Identitären an Éistraich ausgeet an onbestroft bleiwt: https://www.antifainfoblatt.de/artikel/identitäre-gewalt-wien http://derstandard.at/2000040480690/Ermittlungen-gegen-Identitaere-nach-Ueberfall-eingestellt