• Occupy for climate – 24.05.19

    Wisou mir de Freiden d‘roud Bréck blockéieren Laika rifft dozou op, de Freiden den 24. Mee zesummen mat Youth for Climate d‘roud Bréck ze blockéieren. Mir gesinn doranner een klengen Akt vun „zivilem Ungehorsam“, deen als Zeechen dofir steet, datt et net esou ka weider goen. Déi lëtzebuergesch Regierung schreift sech zwar gären grouss Ziler op hir Fändelen, mä si wëll de System net grondleeënd änneren.An genee dat ass awer néideg.Et geet net duer, virun all Wuert d‘Adjektiv „nohalteg“ ze klaken an ze mengen, domadder wier et gedoe.Et geet net duer, Diesel- an Bensinner duerch Elektroautoen ze ersetzen.Et geet net duer, d‘Masseproduktioun vu Fleesch a Mëllech „bio“ ze maachen.Et geet…

  • Féck Lëtzebuerg, féck dat ganzt Land

    Den Donneschden 28. Mäerz huet den Turnup Tun missten virun Geriicht optauchen, fir sech géint d’Plainten vum Fred Keup, Joe Thein an Dan Schmitz ze wieren.  Am Oktober, kuerz firun de Nationalwahlen, hat heen e Lidd erausbruecht, woumat heen eng Äntwert ob den identitären Diskurs vun rietsen Parteien, Organisatiounen an Eenzelpersounen während dem Wahlkampf an verstäerkt ob den sozialen Netzwierker geliwwert huet. Mir hunn dëst Lidd schon deemols gefeiert, well et op eng satiresch Art eng Kritik um Haas, deen sech a Form vun Rassismus, Homophobie an Antifeminismus ausdréckt, eppes entgéint setzt. Senger eegener Ausso no géif et eis ouni dësen Haas all besser goen.  Den Fred Keup gouf duerch den ADR-noen Affekot Alex Penningrepresentéiert, deem…

  • Mir mussen driwwer schwätzen – Oktober 2017

    Léif Lieserin, léiwe Lieser, psychesche Krankheete sinn d’Thema vum véierte Jonk Lénk Zine – vill vun eis, eise Frënn, eisem Ëmfeld an eiser Generatioun si betraff. Mir mussen driwwer schwätze well et wichteg ass net eleng gelooss ze ginn, ze wësse wéi et deenen anere geet an dass et okay ass sech sou ze fillen. D’Thema seet awer och vill aus iwwert déi Welt an der mer liewen. Leeschtungsdrock, Uspréch an Erwaardungen, Stress a Konkurrenzkämpf, existenziell Ängschten, Vereenzelung an Isoléierung vu Mënschen, patriarchalesch a konservativ Strukturen: Psychesch Krankheeten hunn zum Deel hier Wuerzel am Fonctionnement vun eiser Gesellschaft. Et ass dowéinst ee politescht Thema a muss och als solches unerkannt ginn. Op deenen nächste Säite fënns du Texter déi…

  • Nationalismus, Grenzen a Patriotismus – Juni 2017

    Léif Lieserin, léiwe Lieser, den drëtten Zine vu Jonk Lénk hu mir zum Thema Nationalismus, Grenzen a Patriotismus geschriwwen. D’Publikatioun reit sech an an eng Rei vun Aktiounen, déi mer ronderëm Nationalfeierdag den 23. Juni lancéiere fir géint d’Feieren vu Natiounen ze protestéieren. Dass dëst Thema schonn nees do ass, bzw. ni fort war a lo esou aktuell wéi scho laang net méi ass, ass wierklech tragesch. Mir gesinn, dass sech den neien Nationalismus haaptsächlech aus de Verwerfunge vum Kapitalismus an de Wirtschaftskrisen eraus entwéckelt. Dobäi gëtt ëmmer nees déi nämmlecht Logik benotzt: Wann et eis net gutt geet, musse mer eis als Éischtes ëm “eis” selwer këmmeren. Firwat zu…

  • Linnen op Kaarten

    Wéi am 19ten Joerhonnert Strécher op de Globus gemoolt goufen, op déi d’Leit haut houfreg sinn. Déi meescht vun den aktuelle Landesgrenzen op der Äerd ginn zeréck op sougenannten “territorial Nei-Uerdnungen”. Op exklusive Konferenze setzen sech ee puer Mächteger mat engem Lineal virun d’Weltkaart an definéiere Grenzen am Bezuch op hier strategesch Interessen op. Déi haiteg Grenzen op der Welt erginn sech aus ganz fréie Verträg wéi zum Beispill aus der Opdeelung vun de Weltmierer tëscht Portugal a Spuenien 1493 duerch de Pobst Alexander VI., deen domat dat spéidert Brasilien zu Aflossgebidd deklaréiert huet. Oder och aus méi rezente Verträg, wéi dee vun der Yalta-Konferenz nom zweete Weltkrich, op der…

  • Dat hannerhältegste Land op der Welt.

    Wéi Tricks mat Grenzen dëst Stéck Buedem zu enger richteger Natioun maachen. Lëtzebuerg huet zanter senger Erfindung Problemer domat, sech als Natioun ze spieren. Also ginn ëmmer nees Weeër gesicht, vir géint dës Mannerwäertegkeetskomplexer virzegoen. D’Politik huet Komesches proposéiert fir d’Patriot*innen ze berouegen: De blatzegen hollännesche Fändel sollt zum Beispill duerch ee Ritterbuergen-Léiw ausgetosch ginn. Den hei vun engem Deel vun den Awunner*inne geschwaten däitschen Dialekt kritt lo eng offiziell Grammatik a soll dann och Nationalsprooch ginn. D’Hymne, bei der een net erwäne sollt, dass se vun engem Auslänner komponéiert gouf, soll geschwënn Verfassungsrang kréien. Dass dat net duer geet, fir d’Nervositéit ze calméieren hätt misse kloer sinn. Kee Wonner…

  • Eng offiziell Legitimatioun

    Interview mat enger lénker Persoun, déi ee lëtzebuergesche Pass ugeholl huet Wisou hues du déi lëtzebuergesch Nationalitéit ugeholl? Dat ass lo bal 20 Joer hier, an ech kann di genau Motivatioun net méi richteg retracéieren. Mee ech mengen, et war aus engem – deemools – eescht gemengten “Zugehörigkeitsgefühl”; ech sinn zu Lëtzebuerg gebuer, opgewuess, an d’ Schoul gaangen, an hu mat mengem “Ursprongsland” Italien just familiär Connectiounen, a keng vum Liewensalldaag. Ech hunn dat deemools scho komesch fonnt, dass ech dann an Italien hätt dierfe wielen, mee hei dann net. Et war awer och bëssen aus Trotz: ech hu selwer ni grouss Diskriminéierungen erfuer, mee anscheinend gesinn ech wuel net…

  • Eng nationalistesch Sprooch

    Jonk Lénk zur aktueller Debatt ronderëm Sproochen zu Lëtzebuerg. Mir hunn eng historesch Verantwortung an eng aktuell Erausfuerderung: Opkommende Rietsextremismus an Nationalismus fréizäiteg z’erkennen an ze stoppen. Wat ass d’Zil vun der Sproochendiskussioun? An der Diskussioun ronderëm d’Sprooche kéint praxis-orientéiert iwwer Léisunge fir all déi Betraffen, egal wéi eng Sproochen se schwätzen, nogeduecht ginn. Zu Lëtzebuerg geet et drëms, dass Leit, déi lëtzebuergesch schwätzen, mat hirer franséischsproocheger Doktesch, Leit déi franséisch schwätzen an hirem engleschsproochegen Aarbechtsëmfeld an och Leit déi portugisesch schwätzen zB. an hirer Pensioun mat däitschsproochegem Fleegepersonal eenz ginn. D’Sproochendiskussioun misst also automatesch ee positiven Exercice sinn, fir d’Ausschléisse vu Leit ze verhënneren. Grad geschitt awer de Géigendeel.…

  • Projet de loi 6992

    Dat neit lëtzebuerger Immigratiounsgesetz weist, wien hei wëllkomm ass … Den 8. Februar 2017 gouf an der Chamber ee neit Immigratiounsgesetz (PdL 6992) gestëmmt, dat un Hypokrisie net z’iwwerbidden ass. Et ëmfaasst dräi Punkten. Éischtens dass Famillje mat Kanner amplaz 3 elo 7 Deeg am Centre de rétention agespaart gi kënnen, ier se expulséiert ginn. Den Menscherechtskommissär vum Europarot huet sech zwar nach virum Vote ageschalt, fir op den eklatanten Verstouss géint d’Mënscherecht-Charta hinzeweisen, mee den zoustännege Minister Asselborn huet sech net irritéiere gelooss. Aus “prakteschen Grënn” wier dës Virgoensweis noutwänneg. Den zweete Punkt aus dem Gesetz ass d’Schafen vun der Méiglechkeet fir Supperräicher en titre de sejour kréien, wa…

  • Jonk a prekär beschäftegt.

    Wat kee Mensch iwwer d’Aarbechtskonditiounen vu Jonken wesse well. Gleeft een dem Aarbechtsminister Schmitt, den Zuelen vun der ADEM oder och de Medien, déi wéi zum Beispill d’Wort mat Titele wéi “Jahresbericht der ADEM: Ein großer Schritt nach vorne” oder “Jugendarbeitlosigkeit: Luxemburg ist Klassenbester” gutt Stëmmung verbreeden schéngt Letzebuerg a Puncto Aarbechtslosegkeet gutt do ze stoen. Kuckt een awer méi genee hin, a sicht ee sech net grad just aus deene Statistiken déi Zuele raus, déi ee sou dréine kann, dass et gutt ausgesäit, dann ass ze erkennen, dass sech elo scho grouss Deeler vun enger ganzer Generatioun a prekären Aarbechtsverhältnisser befannen. Zuelen iwwer d’Jugendaarbechtslosegkeet liwwert d’ADEM just iwwert déi…