• 100% ERNEIERBAR ENERGIEN ELO!

    D’Zukunft net dem fräie Marché iwwerloossen. Den Energiesecteur an d’ëffentlech Hand! D’Verbrenne vu fossille Ressourcen, wéi Kuel, Pëtrol an Äerdgas, verursaacht CO2-Emissiounen weltwäit an erhëtzt nieft aneren Ofgasen d’Atmosphäre säit Joerzéngten. Dëst bréngt Loftverschmotzung, Aartestierwen, méi extrem Wieder-Evenementer wéiStierm, laang Drëcheperioden an eng erhéichte Frequenz vun Héichwaasser mat sech. Am Paräisser Klimaofkommes (2015) gouf festgeluecht, dass d’Erhéigung vun derglobaler duerchschnëttlecher Temperatur bis 2100 „däitlech ënnert 2 Grad Celsius“gehale soll ginn (am Verglach zu pre-industrielle Wäerter) – ugepeilt ginn 1,5°C.En hallwe Grad Celsius mécht dobäi e groussen Ënnerscheed fir d’Naturverhältnisser, an domat och fir Mënschen, Déieren a Planzen. Am Moment steiere mir awer op engErwiermung vun 3 bis 4°C zou. Bis spéitstens 2030 musse mer d’weltwäit CO2-Emissiounen em…

  • Jonk Lénk gëtt Laika

    Den neien Numm vu Jonk Lénk ass ab elo LAIKA. Dëse Wiessel bréngt intern Verännerunge mat sech – mee eis politesch Ausriichtung bleift nach ëmmer déi selwecht. Eisem Selbstverständnes als antifaschistesch, feministesch an anti-kapitalistesch Beweegung, déi mat lénksradikaler Kritik eng emanzipéiert Gesellschaft zu Lëtzebuerg ustriewe wëll, bleiwe mer trei.    Fir mat eise politesche Positiounen, Revendicatiounen an eiser Gesellschaftskritik weider ze kommen, musse mir eis selwer an eise Fonctionnement vun Zäit zu Zäit a Fro stellen. Eng Organisatiounsform ass näischt Statesches. Genausou wéi d’Verhältnisser, an deene mer agéieren, sinn och mir engem konstante Wandel ënnerworf. Dowéinst ass et Zäit ginn, dëse permanente Changement och no baussen ze projezéieren.   Mir…