• D'Arméi sicht jonkt Kanounefudder

    Fir den Oprëschtungspläng vun der NATO nozekommen, setzt den Arméiminister Etienne Schneider net just op d’Erhéigung vum Militärbudget an de Kaf vu Militärfligeren, mä och op d’Erhéijung vun der Zuel vun Zaldot*innen duerch nei Rekrutéierungsmechanismen. Haut gëtt dofir mam “Informatiounsbüro” vun der Arméi um Bld. Royal an der Stad eng nei Fal opgebaut fir Jonker anzefänken. Déi nei Militärdoktrin vun der Regierung kënnt zu engem Moment vu globaler Eskalatioun a vu militäresche Konflikter bei deenen och d’NATO mat un der Gewaltspiral dréit. Systematesch gëtt Gewalt mat Gewalt beäntwert an amplaz Fridden ze schafen, gëtt versicht strategesch Virdeeler z’erueweren. Et ass, net just wéinst de Presidenciellen an den USA, komplett onkloer,…