• Riot Grrrl*

    De Riot Grrrl Movement war ursprénglech eng feministesch underground Bewegung, déi an der amerikanescher Alternativ a Punk Szen entstanen ass. Begrënnerin war d‘Kathleen Hanna, Frontfra vun der Band Bikini Kill. D´Sängerin hat Ufank den 90er Joren d’Iddi eng Zeitung ze verëffentlechen, mat ebe grad deem Numm: Riot Grrrl. Beaflosst gouf hat vu Museker*innen aus de 70er an 80er Joren (Patti Smith,…) Mee eleng déi Tatsaach dass den Numm op eng Zeitung zréck ze feieren ass, erkläert nach net Sënn an Zweck hannert der Beweegung. Vir d’Beweeggrënn also ze verstoen, muss een als éischt op d´Situatioun agoen, an der sech déi deemoleg Musekerinne* befonnt hunn. Natierlech goufen et och schonn zu dem…

  • Black Bloc

    Ëfters gëtt an den internationale Medie vum “Black Block” geschwat ouni d’Konzept dohannert verstanen ze hunn. Woubäi et net vill ze verstoe gëtt: Ee Grupp vu Leit dinn sech schwaarz un fir als Massen erkannt ze ginn an net als eenzel Persounen. Et geet dorëms de Grupp viru Repressioun ze schützen, well et doduerch schwéier gëtt eng eenzel Persoun ze prosécuteieren, et geet also ëm Solidaritéit ënnert Genoss*innen an ëm Selbstschutz. Mee fänke mer mol ganz fir un: ob enger Demo, zemools gréisseren Demo’en wei mer se éischter aus dem Ausland kennen, ginn et ënnerschiddlech “Bléck” wei zum Beispill den internationalistesche Block, oder den antinationale Block oder ee Block vun…

  • Ënnert dem Pavé – ENF zu Koblenz, Merci Patron, Black Bloc

      Ob der Demonstratioun géint d’ENF Konferenz zu Koblenz waren och e puer Aktivist*inne vu Jonk Lénk präsent, an dëser Sendung ziele mer ärch wei dat sech aus eisen Aen aus ofgespillt huet. Ausserdeem hunn mer nees ee Film Review “Merci Patron” vum François Ruffin. An der Begrëffserklärungsrubrik Iwwert der Plage schwätze mer iwwert eng Demotaktik, de schwaarze Block.   Playlist: Cutter & Le Druide (Sang Mêlé) – Ni Oubli, Ni Pardon Sookee – Q1 Les Charlots – Merci patron Brujeria – Viva Presidente Trump Solange – Weary Grimes – World Princess Part II The Internet – Girl Lianne La Havas – Unstoppable Lou Reed – Take a Walk on…

  • Ënnert dem Pavé – Joëresréckbléck, Che, Sozialismus

    http://podcast.ara.lu/wp-content/uploads/2017/01/2017-01-06-Ennert-dem-Pave-Jonk-Lenk-MP3.mp3 An dëser Sendung maachen Jonk Lénk en kuerzen Joeresréckbléck iwwer déi verschidden Aktiounen vun 2016. Dorënner och eis Adventsaktioun zu den “Big 4”. Donierwt, gëtt et och en Film review iwwer dem Soderbergh säin Biopic “Che, Revolucion”. Wéi all Sendung hunn mer dann eng Begrëffserklärung an eiser Rubrik “Iwwert der Plage“, des Kéier erklären mer wat mir mengen wann mir eis als sozialistesch Jugendorganisatioun bezeechnen.   Playlist: Sookee – Vorläufiger Abschiedsbrief Donovan Wolfington – Ollie North My Fictions – Mt. Misery Buena Vista Social Club – Hasta Siempre Jedi Mind Tricks – Uncommon Valor: A Vietnam Story Blink 182 – Cynical Caravels – Meatwave Oasis – Wonderwall  

  • Ënnert dem Pavé – Madame on Tour, Rifkin, Big4

      An eiser Dezember Episode vun Ënnert dem Pavé, hunn mer iwwert eis Aktioun #KappVollerIddien zu der Campagne “Madame on Tour” geschwaat, kuerz iwwert den Rifikin Rapport geschwaat an an eiser Begrëffserklärungsrubrik “Iwwert der Plage” hunn mer eis mat den Big4 an méi genau mat Ernst & Young beschäftegt.

  • Repressioun

    Well dëse Mount, de Kräidprozess säin zweeten Ulaf geholl huet, fanne mer dat eng gutt Idee an dëser Episode vun Iwwert der Plage iwwert Repressioun ze schwätzen. Wann mer vu Repressioun, am politesche Kontext, schwätzen, da schwätze mer vum Versuch deen de Staat ënnerhëlt fir eng politesch Idee oder Beweegung zeréck ze drängen. Et gëtt ob ville Platze vun der Welt nach vill méi wäitgoend politesch Verfolgunge wéi hei zu Lëtzebuerg oder an Europa. Mär wëllen déi Situatiounen absolut net gläich stellen a sinn eis och bewosst, dass d’Situatioun fir vill politesch Aktivist*innen ob der Welt souguer liewensgeféierlech ass. Trotzdem wëlle mer haut doriwwer schwätzen a wéi enger Aart Drock op politesch Aktivist*innen an Europa an och zu Lëtzebuerg gemaach gëtt a wéi een sech dogéint ka schützen. Während Demo’en kënnt et ëfters zu gezielten Aktioune vun de Flic’en fir d’Identitéit vun den Demogänger*inne festzestellen. Ganz Demo’en…

  • Veganismus

    Als Vegan bezeechnen sech Leit déi bewosst op d’Konsuméiere vu Produkter deierlecher Hierkonft, a fir d’Hierstellunge vun deenen, Deieren zu Schued komm sinn, verzichten. Dat heescht am Kloertext, kee Fleesch, kee Fësch, keng Eeër, keng Mëllech, kee Lieder, keng Produkter déi op deiere getest gi sinn etc. Dat dote sinn natierlech déi grob Richtlinne wann een sou well. Innerhalb vun deene Kommunitéite ginn et ëmmer erëm laang an intensiv Diskussiounen driwwer wou een d Grenzen zeie soll/däerf. Et léist sech schwéier ofstreiden dass duerch d’Testen op Deieren d’Medezin an aner Wëssenschafte riseg Fortschrëtter gemaach hunn. Mais dat ass eng Diskussioun fir eng aner Kéier.Fir d’Entstoung vun der Veganer Beweegung a Westeuropa reese mer elo ee Stéckchen zeréck an der Zäit. Déi eicht Texter an niddergeschriwwe Beweiser fir eng Vegan Liewensaart an Ernährung kommen aus England an Amerika. Am 19ten…

  • Antifaschismus

    Antifaschistische Aktion, oder kuerz Antifa, ass ee Label deen duerch d’Geschicht erduerch vu villen Eenzelpersounen a Gruppe benotzt ginn ass, fir sech Faschist*innen entgéint ze stellen. “D’Antifa” existéiert also net als  Grupp, wei dat dacks an de Medien duergestallt gëtt. Et gëtt net déi ENG Antifa-Grupp déi d’Aktiounen iwwerall koordinéiert. Et si vill verschidde méi oder manner grouss Gruppen déi dezentral Aktioune setzen an heiansdo och mol méi grouss op een Datum hin mobiliséieren. Eng éischt “Antifa” gouf et schonn an den 1920er Joren an Däitschland. Enner dem Label “Antifaschistische Aktion” hunn sech Sozialist*innen, Kommunist*innen an Anarchist*innen zesummefonnt, fir eenheetlech géint den eropkommende Faschismus virzegoen – leider am Nachhinein mat wéineg Erfolleg. Den historesche Logo vun der “Antifa” gëtt och haut nach a liicht ofgewandelter Form vun Antifa-Gruppe rondrëm d’Welt benotzt. D’Aktiounsmëttelen déi…

  • Straight Edge

    Straight Edge ass en Begrëff de benotzt gëtt fir eng bestëmmte Liewensastellung ze definéieren. Leit déi sech als Straight Edge bezeechnen, verzichte bewosst op Drogekonsum. Woubäi een net just op haart oder illegal Droge verzicht. Eng Drog soll an dem Kontext als Substanz déi ofhängeg mëscht an d’Bewosstsinn ännere ka verstan ginn. Leit déi sech als Straight Edge bezeechne verzichten also souwuel op z.B. Cannabis, Heroin an Extasy, mee och op Alkohol an Tubak. Entstanen ass déi Subkultur Ufank der 1980er als Reaktioun op de staarken Drogekonsum an der Punk Szen, Persounen a Gruppen aus dem Hardcore-Punk hunn mat komplettem Verzicht op Drogen dorop reagéiert. Déi meeschte Leit déi sech…

  • Feminismus

    De Prinzip vum Feminismus ass eigentlech ganz einfach erklärt: All Mënsch, egal ob Mann oder Fra, sollen déi selwecht Rechter hunn an onofhängeg vun hirem Geschlecht mam gläiche Respekt behandelt ginn. Klengt simpel, ass et och. Sou selbstverständlech wéi des Definitioun ass, sou ginn et trotzdem ëmmer Bedenke géigeniwwer dem Feminismus. Brauche mir iwwerhaapt haut nach Feminismus? Och dës Fro ass ganz einfach mat engem “Jo” beäntwert. Just well eng Fra Presidentin ka ginn oder CEO an enger grousser Boite, heescht dat net dat et kee Sexismus méi gëtt an dat ee Feminismus net méi brauch. Frae verdéngen an der Moyenne manner wéi Männer fir déi selwecht Aarbecht, Frae sinn ënnerrepresentéiert a Verwaltungsréit, Parlamenter an anere Féierungspositiounen, … Frae ginn dagdeeglech op der Strooss agresséiert, a si vill ze oft Opfer vun häuslecher Gewalt.…