• Ënnert dem Pavé – Joëresréckbléck, Che, Sozialismus

    http://podcast.ara.lu/wp-content/uploads/2017/01/2017-01-06-Ennert-dem-Pave-Jonk-Lenk-MP3.mp3 An dëser Sendung maachen Jonk Lénk en kuerzen Joeresréckbléck iwwer déi verschidden Aktiounen vun 2016. Dorënner och eis Adventsaktioun zu den “Big 4”. Donierwt, gëtt et och en Film review iwwer dem Soderbergh säin Biopic “Che, Revolucion”. Wéi all Sendung hunn mer dann eng Begrëffserklärung an eiser Rubrik “Iwwert der Plage“, des Kéier erklären mer wat mir mengen wann mir eis als sozialistesch Jugendorganisatioun bezeechnen.   Playlist: Sookee – Vorläufiger Abschiedsbrief Donovan Wolfington – Ollie North My Fictions – Mt. Misery Buena Vista Social Club – Hasta Siempre Jedi Mind Tricks – Uncommon Valor: A Vietnam Story Blink 182 – Cynical Caravels – Meatwave Oasis – Wonderwall  

  • Ënnert dem Pavé – Rietsextremismus zu Lëtzebuerg, Book Review SxE, Repressioun – 07.10.16

    Dës Woch bei Ënnert dem Pavé hunn mer een Interview mam Maxime Weber gefouert, deen ob sengem Blog eng nei Aschätzung vun der rietser Szen zu Lëtzebuerg ginn huet. Außerdem schwätzen mer am Studio iwert déi rietsextrem Szen zu Wien an waat den Ënnerscheed zu Lëtzebuerg ass. An der Bëgreffserklärungsrubrik Iwwert der Plage beschäftegen mer eis mat staatlecher Repressioun am politeschen Kontext. Fir d’éichten Kéier hunn mer och een Book Review dobai, an zwar Sober Living for the Revolution vum Daniel Kuhn. Playlist: GLOSS – Trans Day of Revenge Kflay – FML xIronx – Drugfree Resistance Lowest Priority – Not Just Boys Fun Kali Uchis – Know What I Want…

  • Stoppt d'Police-Repressioun géint Jonker zu Lëtzebuerg.

    Gemeinsame Communiqué vun der UNEL, Richtung22 a Jonk Lénk. “Du Kallef” – De rezent vill thematiséierte Virfall, bei deem Poliziste sech gewaltsam Zougang an eng Wunneng verschaaft hunn, Objeten op Menschen geheit, Jonker perséinlech beleidegt a mat falsche Verdächtegungen drangsaléiert hunn, ass leider keng Ausnahm, mä den Alldag zu Lëtzebuerg. Polizist*innen verlaange “Respekt virun (hirer) Autoritéit”, plustere sech op an hu siichtlech Freed dorunner, sech u Jonken auszeloossen. Datt dobäi méi wéi fragwürdeg Methode benotzt ginn, schéngt keen*t ze stéieren: Amplaz vun internen Enquêtë, gëtt et erofloossend Kommentarer vun der Police- Pressestell. Hëllefslosegkeet oder Virgoensweis mat Systeem? Ob et elo de Groussasaz um Rock-a-Field 2015 wor, Police-Asätz viru Schoulen, déi…

  • Ënnert dem Pavé – Beyoncé & Kraidprozess – 03.06.16

    An dëser Emissioun vun Ënnert dem Pavé ginn iech Jonk Lénk eng Idee iwwer d’Motivatiounen an d’Iwwerzeegungen vun hieren Aktivist*innen, se maachen eng kuerz Analyse vum Beyoncé sengen politeschen Messagen an diskutéieren iwwer den Prozess den engem vun hieren Aktivist*innen bevirsteet. 2016.06.03 – Ënnert dem Pavé

  • Ënnert dem Pavé – Wolf Down, Straight Edge & Sarrazin – 01.04.16

    Den 1. Abrëll ass déi zweet Jonk Lénk – Sendung vun Ënnert dem Pavé gelaf. Mat engem Interview mat der lénksradikaler Hardcore Band Wolf Down hunn mer ugefangen, dono gouf de Begrëff Straight Edge erklärt an zwou Persounen hunn vun hiren Erfahrunge bericht. Fir ofzeschléisse gouf et nach ee Beitrag doriwwer firwat den Thilo Sarrazin sech verpisse soll. Fir sech d’Sendung unzelauschteren: Podcast Ënnert dem Pavé Eran lauschteren: all Freiden tëscht 16 a 17 Auer um Radio Ara!

  • Ënnert dem Pavé – Grenzenlose Solidarität & Frauen*kampftag – 04.03.16

    Ab dem 04. März 2016 gëtt et um Radio Ara all Freiden vun 16-17 Auer eng nei Radio Sendung déi “Ënnert dem Pavé” heescht. Zësummen mat der UNEL, mat OGBL-Jeunes an mat Richtung22 wiesselen mir eis all Freiden oof. Mir klären iech iwwer politesch Phänomener op, interviewe spannend Personnagen an diskutéieren iwwert aktuell politesch Themen. Den Numm vun der Sendung kënnt vun engem Sproch aus der ’68er Beweegung: “sous les pavés, la plage” a wéist, datt duerch Opbroch eng besser Zukunft méiglech ass. Den Podcast vun eiser éichter Sendung an där et ëm eng Demo zu Treier ënnert dem Motto “Grenzenlose Solidarität” an ëm den Fraen*kampfdaag geet fann der hei:…