• Wat bedeit(en) dir deng Nationalitéit(en)?

    Äntwerten aus dem Jonk Lénk Grupp. “Näischt” “Ee Label fir Leit déi probéieren eng Gemeinsamkeet ze fanne wou et keng gëtt. an awer och een Numm fir Leit déi iergendwéi dach komesch Gewunnechte gemeinsam hun.” “Nationalitéit as en fiktivt Konstrukt, dat éischter Differenzen ewéi Gemeinsamkeete kreéiert. Och wann jiddereen*t déi nämmlecht Nationalitéit huet, bleiwen déi Differenze weider bestoen, Gläichheet as doduerch net garantéiert.” “E Stéck Pabeier wat gläichzäiteg alles an näischt bedeit. Meng Mamm huet an de 70er d’britesch Nationalitéit ugeholl fir kënne legal a Westeuropa ze liewen an ze schaffen. Duebel hunn ech eben aus demselwechte Grond beantragt obwuel ech se usech bis virum Brexit refuséiert hat, well et…

  • Sozialismus

      Vu datt Jonk Lénk sech als eng sozialistesch orientéiert Jugendorganisatioun definéiert, wier et och emol un der Zäit, eis mat deem Begrëff ausernanerzesetzen. Wat heescht et fir eis, Sozialist*innen ze sinn? Fir d’Éischt emol muss ee soen, datt Sozialismus en Uewerbegrëff ass, dee vill verschidde politesch Stréimungen ëmfaasst an dee vill politesch Organisatioune fir sech beusprochen. Mir wëlle mat eiser Selbstdefinitioun als Sozialist*innen an éischter Linn däitlech maachen, datt mir de Kapitalismus iwwerwanne wëllen an duerch eng sozialistesch Wirtschaftsuerdnung ersetzen. Dat heescht, datt d’Produktioun net méi dorop ausgeriicht wier, méiglechst vill Profit ze generéieren, mä de Besoinë vun all Mënsch sollt gerecht ginn. Dat bedeit, datt d’Ekonomie och net méi…