• All Dag 8. Mäerz!

    Fraestreik 2020All Dag 8. Mäerz – Kapitalismus a Patriarchat ofschafen Als Deel vun der Plattform JIF (Journée internationale des femmes) sti mir solidaresch mat alle Fraen weltwäit. De Fokus vum Fraestreik 2020 zu Lëtzebuerg läit op der Care-Arbecht, bezuelter Aarbecht am Fleegesecteur a net bezuelter Aarbecht wéi Hausaarbecht, d’Erzéie vu Kanner, d’Këmmeren em Familljememberen, déi zum Beispill krank oder behënnert sinn, déi oft net gutt remuneréiert oder iwwerhaapt net valoriséiert gëtt. D’verstäerkt Optriede vun de Fraen um Aarbechtsmarché huet eis zwar zu méi finanzieller Onofhängegkeet verhollef, mee eng Duebelbelaaschtung bruecht: Lounaarbecht zousätzlech zur reproduktiver Aarbecht. Global gesinn ginn 75 Prozent vun onbezuelter Aarbecht vu Frae gemaach. D’Emanzipatioun duerf keng Belaaschtung sinn an dës, oft net siichtbar…

  • Feminismus ass Klassekampf

    Lénksradikal Bedeelegung um Fraekampfdag zu Lëtzebuerg Laika bedeelegt sech un der Solidaritéitsaktioun mat alle streikende Fraen dëse Freiden den 8. Mäerz um 12 Auer ob der Gare an der Stad. D’Zuelen zu Lëtzebuerg weisen, dass 34% vun de Frae an Deelzäit Aarbecht sinn an doduerch manner finanziell Ressourcen hunn. Dovunner ginn 58% un, dëst wéinst perséinlechen a familiäre Responsabilitéiten (Betreiung vu Kanner an ale Persounen, Hausaarbecht,…) ze maachen. [1]Et ass wichteg net nëmme vu Lounaarbecht, also déi bezuelten Aarbecht (Produktiounsaarbecht) ze schwätzen, mee och d’onbezuelten Aarbecht déi all Dag muss gemaach gi fir dass mer fit genuch si fir enger bezuelter Aarbecht nozegoen, wéi z.B. d’Hausaarbecht, d’Kannerbetreiung, déi emotional Aarbecht,……