• Biji Berxwedana Rojava

    Solidaritéit mam Widderstand vu Rojava – Massaker verhënneren! Jonk Lénk huet gëschter am spéiden Nomëtteg eng Aktioun virun der tierkescher Ambassade duerchgefouert. Mat faarwegem Damp, enger Banderole an e puer Fändelen hunn sech Aktivist*inne virun d’Ambassade beginn, fir do géint d’Attacken op déi selwerverwalt kurdesch Gebidder am Norde vu Syrien, d’demokratesch Federatioun vu Rojava, ze protestéieren. Nodeems déi kurdesch Kräften, virun allem d’Volléksverdeedegungseenheete YPG an d’Fraen*-Unitéite YPJ d’Organisatioun Islamesche Staat ënner villen Affer esou gutt wéi zerschloen hunn (mir erënneren eis un de gefeierte Widderstand vu Kobane 2014), gräift d’Tierkei säit Ugangs des Joers mat hiren djihadisteschen Alliéierten de Kanton Afrin un. Ënnert den Ae vun der Weltgemeinschaft dréit e…

  • Energie fir eng progressiv Gesellschaft

    Interview iwwer d‘Erausfuerderungen u lénke Separatismus an Europa. Déi schottesch an déi katalanesch Onofhängegkeetsbestriewunge sinn zwee Mouvementer, bei deenen d’Virstellung vun enger “Staatsgrënnung” haaptsächlech vu lénken Iddie gedroe gëtt. Zentral sinn d’Iwwerleeunge ronderëm eng nei Selbstorganisatioun. D’Tessy war fir säi Studium éischt zu Glasgow, dann um Erasmus zu Barcelona an elo och fir de Master zu Barcelona. Hatt kruut doduerch direkt zwee separatistesch Beweegungen an divers Referendumskampagne mat: De schotteschen Onofhängegkeetsreferendum am September 2014, déi zu engem Referendum iwwer d’Onofhängegkeet ëmdeklaréierte Wahl vum katalanesche Regionalparlament am September 2015, de Brexit-Referendum am Juni 2016 an elo d’Virbereedungen zu engem neie Referendum a Katalounien. Du hues a Glasgow studéiert, zur Zäit vum…

  • Et gëtt näischt ze feieren.

    Et ass alt nees geschwënn esou wäit. De Nationalfeierdag steet virun der Dir. An do feiere mir zu Lëtzebuerg zwar iergendwéi de Gebuertsdag vum Grand-Duc, mä am Fong gëtt d‘Natioun geféiert. An déi Natioun, déi ass dach eigentlech eng zimlech komesch Saach. D‘Iddi vun der Natioun ass net immens al. Se staamt aus dem 19. Joerhonnert an ass also eng modern Erfindung. Dat heescht eben och, datt villes, wat mir haut als national Symboler, Gebräicher oder Traditioune verstinn, méi oder wéineger erfonnt oder adaptéiert gi sinn, fir een Gefill vun Zesummenhalt, eben een Nationalgefill, ze kreéieren. A ville Länner ass zimlech kloer, wat déi eegen national Identitéit duerstellt, Mä zu…

  • Ënnert dem Pavé – ENF zu Koblenz, Merci Patron, Black Bloc

      Ob der Demonstratioun géint d’ENF Konferenz zu Koblenz waren och e puer Aktivist*inne vu Jonk Lénk präsent, an dëser Sendung ziele mer ärch wei dat sech aus eisen Aen aus ofgespillt huet. Ausserdeem hunn mer nees ee Film Review “Merci Patron” vum François Ruffin. An der Begrëffserklärungsrubrik Iwwert der Plage schwätze mer iwwert eng Demotaktik, de schwaarze Block.   Playlist: Cutter & Le Druide (Sang Mêlé) – Ni Oubli, Ni Pardon Sookee – Q1 Les Charlots – Merci patron Brujeria – Viva Presidente Trump Solange – Weary Grimes – World Princess Part II The Internet – Girl Lianne La Havas – Unstoppable Lou Reed – Take a Walk on…

  • 2. Advent: KPMG

    Et gett Zäit, déi zweet Adventskäerz unzefänken. Haut wëlle mer bëssi Luucht ronderëm d’KPMG bréngen, genee wéi EY eng vun de véier groussen Wirtschaftberodungs- an Auditkonzerner (den “Big4”) a mat wichtegem Sëtz zu Lëtzebuerg. Och d’KPMG ass an eng Rei vu ‘Accounting Skandaler’ verwéckelt, also Vertuschungs-Skandaler bei deenen d’Beroderfirma gehollef huet Ongereimtheete bei anere Firmaen ze verstoppen. D’KPMG ass zum Beispill iwwert déi leschte 16 Joer fir d’Iwwerpréiwung vun de Finanze vun der FIFA zoustänneg gewiescht an huet “näischt vu Korruptioun gemierkt”(1). Och huet d’KPMG Russland a Qatar berode fir d’WM an dës Länner ze huelen(2). Ee vun deene gréisste Skandaler vun der KPMG ass den “tax shelter fraud“(3), bei…

  • Repressioun

    Well dëse Mount, de Kräidprozess säin zweeten Ulaf geholl huet, fanne mer dat eng gutt Idee an dëser Episode vun Iwwert der Plage iwwert Repressioun ze schwätzen. Wann mer vu Repressioun, am politesche Kontext, schwätzen, da schwätze mer vum Versuch deen de Staat ënnerhëlt fir eng politesch Idee oder Beweegung zeréck ze drängen. Et gëtt ob ville Platze vun der Welt nach vill méi wäitgoend politesch Verfolgunge wéi hei zu Lëtzebuerg oder an Europa. Mär wëllen déi Situatiounen absolut net gläich stellen a sinn eis och bewosst, dass d’Situatioun fir vill politesch Aktivist*innen ob der Welt souguer liewensgeféierlech ass. Trotzdem wëlle mer haut doriwwer schwätzen a wéi enger Aart Drock op politesch Aktivist*innen an Europa an och zu Lëtzebuerg gemaach gëtt a wéi een sech dogéint ka schützen. Während Demo’en kënnt et ëfters zu gezielten Aktioune vun de Flic’en fir d’Identitéit vun den Demogänger*inne festzestellen. Ganz Demo’en…

  • LuxLeaks-Prozess: Ee Schauprozess géint Finanzplazkritiker

    D’Verhandlunge vum Deltour-Prozess kommen elo op en Enn. Dëse Prozess iwwerhaapt zouzeloossen, war allerdéngs schonn eng Virveruertdeelung. Hei gouf probéiert, ee politeschen Akt juristesch ze verhandelen, eng politesch Diskussioun juristesch z’erstécken an d’Responsabel vun industrieller Steiervermeidung hannert engem Geriicht an Deckung ze bréngen. D’Whistleblower ginn an engem Schauprozess als Verbriecher inszenéiert an entwierdegt, während déi moralesch Verbrieche vum “lëtzebuerger Modell” un allen Steierzueler*inne vun der Welt ni viru Gericht wäerte kommen. All Versuch vun der Verdeedegung, fir déi politesch Dimensioun an de globalen Impakt vun der LuxLeaks-Affär ervirzehiewe gouf vum Riichter ënnerbrach. Hien schéngt dëst Verhalen als seng Haaptaufgab gesinn ze hunn. Wéi kann ee Geriicht den “Interêt General” vun…

  • Anert Europa 14.11.15

    Nei Weeër vu politescher Partizipatioun – Political Participation – 14.11.2015 Alternativ Formen vu politescher Partizipatioun können den gesellschaftlechen Diskurs beaflossen, Leit politiséieren an sou zum Moteur vun neie Mouvementer ginn. Nieft der Aarbecht vun ONGen an spontanen Bierger*inneninitiativen gehéiert och Pan-Europäeschen Journalismus an politiséiert Konschtprojeten dozou. Vergiess d’Politik. Vergiess d’Politik a maach et selwer. Op am Benevolat, am Journalismus oder an der Konscht: et dinn sech ëmmer méi Weeër op fir onofhängeg vun “der Politik” an hiren entschlofenen Institutioune politesch aktiv ze ginn. Et entstinn alternativ Forme vu politescher Partizipatioun, déi d’gesellschaftlech Diskussioune beaflossen, Leit politiséieren an sou zum Moteur vun neie Mouvementer ginn. Zum éischten Organisatiounsdag fir een “Anert…