• 3. Advent: Deloitte

    Fänkt déi drëtt Adventskäerz un! Nodeems mer eis un deene leschte Sonndeger schonns no den Audit-Firmen “EY” a “KPMG” gekuckt hunn, wëlle mer haut Luucht an d’Däischtert ronderëm Deloitte bréngen. Deloitte ass och eng sougenannt Wirtschaftspréiwungsgesellschaft an Deel vun den “Big4”.   D’Lëscht vun de Skandaler ronderëm Deloitte ass laang (1) a weist, awéifern Audit-Firmen onfäheg sinn d’Problemer an déi kriminell Machenschafte vun hire Clienten opzedecken. Deloitte huet eng besonnesch berüchtegt Clientèle, sief et de Chimie-Konzern Monsanto, deem Deloitte gehollef huet Bilanzen ze fälschen (2), sief et Starbucks, déi gehollef krute massiv Steieren ze ëmgoen (3) oder d’Zigaretten-Industrie an Australien, déi bei der Lobbyaarbecht géint de Gesondheetsministère ënnert d’Ärem gegraff krut…

  • Prett fir d'Adventskäerzen unzefänken?

    Jonk Lénk schléit fir, dëst Joer keng Käerzen unzezünden, mee Luucht an d’Däischtert ronderëm déi véier grouss Beroderfirmaen, EY, KPMG, PWC an Deloitte (zesummen: “Big4”), ze bréngen – a start dofir muer eng Advents-Aktioun. Mir, souwéi d’Ëffentlechkeet am Generellen, mussen ufänken eis mat dëse véier Firmen, hire Geschäftsmodeller an hirem Impakt ausernaner ze setzen. Iwwert déi ursprénglech Déngschtleeschtung vum “Audit”, also der Iwwerpréiwung vun de Bicher a Bilanze vun anere Firmen, sinn d’Big4 scho laang ewech. Steier-, Personal- a Gewënnoptiméierung sinn d’Servicer, ëm déi et mëttlerweil geet. Wéi grouss ass den Afloss vun dëse Firmen a wéi ee Weltbild versichen sinn duerchzesetzen? Net ouni Grond hunn sech d’Big4 zu Lëtzebuerg…