• Eng nationalistesch Sprooch

    Jonk Lénk zur aktueller Debatt ronderëm Sproochen zu Lëtzebuerg. Mir hunn eng historesch Verantwortung an eng aktuell Erausfuerderung: Opkommende Rietsextremismus an Nationalismus fréizäiteg z’erkennen an ze stoppen. Wat ass d’Zil vun der Sproochendiskussioun? An der Diskussioun ronderëm d’Sprooche kéint praxis-orientéiert iwwer Léisunge fir all déi Betraffen, egal wéi eng Sproochen se schwätzen, nogeduecht ginn. Zu Lëtzebuerg geet et drëms, dass Leit, déi lëtzebuergesch schwätzen, mat hirer franséischsproocheger Doktesch, Leit déi franséisch schwätzen an hirem engleschsproochegen Aarbechtsëmfeld an och Leit déi portugisesch schwätzen zB. an hirer Pensioun mat däitschsproochegem Fleegepersonal eenz ginn. D’Sproochendiskussioun misst also automatesch ee positiven Exercice sinn, fir d’Ausschléisse vu Leit ze verhënneren. Grad geschitt awer de Géigendeel.…

  • Black Bloc

    Ëfters gëtt an den internationale Medie vum “Black Block” geschwat ouni d’Konzept dohannert verstanen ze hunn. Woubäi et net vill ze verstoe gëtt: Ee Grupp vu Leit dinn sech schwaarz un fir als Massen erkannt ze ginn an net als eenzel Persounen. Et geet dorëms de Grupp viru Repressioun ze schützen, well et doduerch schwéier gëtt eng eenzel Persoun ze prosécuteieren, et geet also ëm Solidaritéit ënnert Genoss*innen an ëm Selbstschutz. Mee fänke mer mol ganz fir un: ob enger Demo, zemools gréisseren Demo’en wei mer se éischter aus dem Ausland kennen, ginn et ënnerschiddlech “Bléck” wei zum Beispill den internationalistesche Block, oder den antinationale Block oder ee Block vun…

  • Ënnert dem Pavé – ENF zu Koblenz, Merci Patron, Black Bloc

      Ob der Demonstratioun géint d’ENF Konferenz zu Koblenz waren och e puer Aktivist*inne vu Jonk Lénk präsent, an dëser Sendung ziele mer ärch wei dat sech aus eisen Aen aus ofgespillt huet. Ausserdeem hunn mer nees ee Film Review “Merci Patron” vum François Ruffin. An der Begrëffserklärungsrubrik Iwwert der Plage schwätze mer iwwert eng Demotaktik, de schwaarze Block.   Playlist: Cutter & Le Druide (Sang Mêlé) – Ni Oubli, Ni Pardon Sookee – Q1 Les Charlots – Merci patron Brujeria – Viva Presidente Trump Solange – Weary Grimes – World Princess Part II The Internet – Girl Lianne La Havas – Unstoppable Lou Reed – Take a Walk on…

  • Ënnert dem Pavé – Rietsextremismus zu Lëtzebuerg, Book Review SxE, Repressioun – 07.10.16

    Dës Woch bei Ënnert dem Pavé hunn mer een Interview mam Maxime Weber gefouert, deen ob sengem Blog eng nei Aschätzung vun der rietser Szen zu Lëtzebuerg ginn huet. Außerdem schwätzen mer am Studio iwert déi rietsextrem Szen zu Wien an waat den Ënnerscheed zu Lëtzebuerg ass. An der Bëgreffserklärungsrubrik Iwwert der Plage beschäftegen mer eis mat staatlecher Repressioun am politeschen Kontext. Fir d’éichten Kéier hunn mer och een Book Review dobai, an zwar Sober Living for the Revolution vum Daniel Kuhn. Playlist: GLOSS – Trans Day of Revenge Kflay – FML xIronx – Drugfree Resistance Lowest Priority – Not Just Boys Fun Kali Uchis – Know What I Want…

  • Ënnert dem Pavé – LuxLeaks an Identitäre – 01.07.16

    An dëser Sendung vun Ënnert dem Pavé sinn d’Wiener*innen ënnert eis zesummen hannert dem Mikro fir iwert den LuxLeaks Prozess an iwert déi rietsextrem “Identitäre Bewegung” ze schwätzen. http://giphy.com/gifs/Mv4Cfg2Npmqm4 Hei e puer weider feierend Links zu der Gewalt déi vun den Identitären an Éistraich ausgeet an onbestroft bleiwt: https://www.antifainfoblatt.de/artikel/identitäre-gewalt-wien http://derstandard.at/2000040480690/Ermittlungen-gegen-Identitaere-nach-Ueberfall-eingestellt

  • Antifaschismus

    Antifaschistische Aktion, oder kuerz Antifa, ass ee Label deen duerch d’Geschicht erduerch vu villen Eenzelpersounen a Gruppe benotzt ginn ass, fir sech Faschist*innen entgéint ze stellen. “D’Antifa” existéiert also net als  Grupp, wei dat dacks an de Medien duergestallt gëtt. Et gëtt net déi ENG Antifa-Grupp déi d’Aktiounen iwwerall koordinéiert. Et si vill verschidde méi oder manner grouss Gruppen déi dezentral Aktioune setzen an heiansdo och mol méi grouss op een Datum hin mobiliséieren. Eng éischt “Antifa” gouf et schonn an den 1920er Joren an Däitschland. Enner dem Label “Antifaschistische Aktion” hunn sech Sozialist*innen, Kommunist*innen an Anarchist*innen zesummefonnt, fir eenheetlech géint den eropkommende Faschismus virzegoen – leider am Nachhinein mat wéineg Erfolleg. Den historesche Logo vun der “Antifa” gëtt och haut nach a liicht ofgewandelter Form vun Antifa-Gruppe rondrëm d’Welt benotzt. D’Aktiounsmëttelen déi…