• Biji Berxwedana Rojava

    Solidaritéit mam Widderstand vu Rojava – Massaker verhënneren! Jonk Lénk huet gëschter am spéiden Nomëtteg eng Aktioun virun der tierkescher Ambassade duerchgefouert. Mat faarwegem Damp, enger Banderole an e puer Fändelen hunn sech Aktivist*inne virun d’Ambassade beginn, fir do géint d’Attacken op déi selwerverwalt kurdesch Gebidder am Norde vu Syrien, d’demokratesch Federatioun vu Rojava, ze protestéieren. Nodeems déi kurdesch Kräften, virun allem d’Volléksverdeedegungseenheete YPG an d’Fraen*-Unitéite YPJ d’Organisatioun Islamesche Staat ënner villen Affer esou gutt wéi zerschloen hunn (mir erënneren eis un de gefeierte Widderstand vu Kobane 2014), gräift d’Tierkei säit Ugangs des Joers mat hiren djihadisteschen Alliéierten de Kanton Afrin un. Ënnert den Ae vun der Weltgemeinschaft dréit e…

  • Mir mussen driwwer schwätzen – Oktober 2017

    Léif Lieserin, léiwe Lieser, psychesche Krankheete sinn d’Thema vum véierte Jonk Lénk Zine – vill vun eis, eise Frënn, eisem Ëmfeld an eiser Generatioun si betraff. Mir mussen driwwer schwätze well et wichteg ass net eleng gelooss ze ginn, ze wësse wéi et deenen anere geet an dass et okay ass sech sou ze fillen. D’Thema seet awer och vill aus iwwert déi Welt an der mer liewen. Leeschtungsdrock, Uspréch an Erwaardungen, Stress a Konkurrenzkämpf, existenziell Ängschten, Vereenzelung an Isoléierung vu Mënschen, patriarchalesch a konservativ Strukturen: Psychesch Krankheeten hunn zum Deel hier Wuerzel am Fonctionnement vun eiser Gesellschaft. Et ass dowéinst ee politescht Thema a muss och als solches unerkannt ginn. Op deenen nächste Säite fënns du Texter déi…

  • Eng nationalistesch Sprooch

    Jonk Lénk zur aktueller Debatt ronderëm Sproochen zu Lëtzebuerg. Mir hunn eng historesch Verantwortung an eng aktuell Erausfuerderung: Opkommende Rietsextremismus an Nationalismus fréizäiteg z’erkennen an ze stoppen. Wat ass d’Zil vun der Sproochendiskussioun? An der Diskussioun ronderëm d’Sprooche kéint praxis-orientéiert iwwer Léisunge fir all déi Betraffen, egal wéi eng Sproochen se schwätzen, nogeduecht ginn. Zu Lëtzebuerg geet et drëms, dass Leit, déi lëtzebuergesch schwätzen, mat hirer franséischsproocheger Doktesch, Leit déi franséisch schwätzen an hirem engleschsproochegen Aarbechtsëmfeld an och Leit déi portugisesch schwätzen zB. an hirer Pensioun mat däitschsproochegem Fleegepersonal eenz ginn. D’Sproochendiskussioun misst also automatesch ee positiven Exercice sinn, fir d’Ausschléisse vu Leit ze verhënneren. Grad geschitt awer de Géigendeel.…

  • Ons Heemecht an de Kräidprozess

    Dës nei Versioun vun der Lëtzebuerger Nationalhymne sollt um Virowend vun Nationalfeierdag 2015 mat Kräid op d’Trape virun der Philharmonie geschriwwe ginn. Nom Mole vun ee puer Buschtawen, engem Police- an engem Pomjeesasaz, souwéi engem Geriichtsprozess gouf dës Kritik un der Natioun als “Geheie mat Géigestänn op ëffentlech Gebaier, mam Zil se knaschteg ze maachen” nom Artikel 557.4 Code Pénal mat Geldstrofe vu jeeweils 200€ veruerteelt. Déi Ugekloten, dorënner och Leit vu Jonk Lénk, sinn an Appell gaangen. (Info ënnert dem Link richtung22.org/kraidprozess ) Wou d’Uelzecht duerch d’Wisen zitt Den Auslänner kee Stëmmrecht kritt Duerch d’Fielsen d’Sauer brécht An d’CSV am Bronge fëscht. Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg blitt Geet de…

  • Fraen* – Just Deko.

    Jonk Lénk huet gëschter an der Nuecht mat enger Aktioun um Monument vun der “Gëlle Fra” op de Sexismus opmierksam gemaach, deen déif an eiser Gesellschaft verankert ass. Dass Fraen* just Dekoratioun si sollen, bleift Realitéit zu Lëtzebuerg. Reklammen, déi Produite mat Frae*kierper dekoréieren (“Poll on Ice”, Poll-Fabaire), Medien, déi Frae* wéi Objete presentéieren (“Pin-ups”, RTL) a Parteien, déi Fraen* iwwert hier Posch definéieren (“Madame on Tour”, LSAP). Beispillhaft ass de peinleche Versuch, bei de Gemengewalen engem reelle Probleem – dem Mangel u Fraen* an der Politik – entgéintzewierken. Amplaz Männerbündnisser opzeléisen a strukturelle Sexismus an de Parteien ze kritiséieren, gëtt eng Alibi-Campagne lancéiert. D’Zil ass et nämlech net, Frae*…

  • Ënnert dem Pavé – FLIT* Sendung – Women's March, Pussy Riot, Hwages, Lana Pochiro, Hannah Arendt, Riot Grrrl

      Zum internationalen Fraen*kampfdaag, huet den FLIT* Grupp [1] vun Jonk Lénk eng Sendung ob d’Been gestallt. Dei Ugeschwaaten Themen ginn vum Hwages Videoclip, dem Women’s March, iwwert Pussy Riot bis zu enger Carte Blanche um RTL. Een Interview mat enger feministescher Aktivistin aus den USA, dem Lana Pochiro bréngt een Abléck an d’Era Trump. Mär presentéieren ärch den Film “Hannah Arendt” an erklären waat et mat Riot Grrrl op sech huet. fraendag.lu Playlist: Majed Alesa – Hwages Milck – Quiet Beyoncé –  Formation Pussy Riot – Make America Great Again Lowest Priority – Not Just Boys Fun All the Way Down – Thick Smoke [1]: F= Fraen, L= Lesben,…

  • Riot Grrrl*

    De Riot Grrrl Movement war ursprénglech eng feministesch underground Bewegung, déi an der amerikanescher Alternativ a Punk Szen entstanen ass. Begrënnerin war d‘Kathleen Hanna, Frontfra vun der Band Bikini Kill. D´Sängerin hat Ufank den 90er Joren d’Iddi eng Zeitung ze verëffentlechen, mat ebe grad deem Numm: Riot Grrrl. Beaflosst gouf hat vu Museker*innen aus de 70er an 80er Joren (Patti Smith,…) Mee eleng déi Tatsaach dass den Numm op eng Zeitung zréck ze feieren ass, erkläert nach net Sënn an Zweck hannert der Beweegung. Vir d’Beweeggrënn also ze verstoen, muss een als éischt op d´Situatioun agoen, an der sech déi deemoleg Musekerinne* befonnt hunn. Natierlech goufen et och schonn zu dem…

  • Black Bloc

    Ëfters gëtt an den internationale Medie vum “Black Block” geschwat ouni d’Konzept dohannert verstanen ze hunn. Woubäi et net vill ze verstoe gëtt: Ee Grupp vu Leit dinn sech schwaarz un fir als Massen erkannt ze ginn an net als eenzel Persounen. Et geet dorëms de Grupp viru Repressioun ze schützen, well et doduerch schwéier gëtt eng eenzel Persoun ze prosécuteieren, et geet also ëm Solidaritéit ënnert Genoss*innen an ëm Selbstschutz. Mee fänke mer mol ganz fir un: ob enger Demo, zemools gréisseren Demo’en wei mer se éischter aus dem Ausland kennen, ginn et ënnerschiddlech “Bléck” wei zum Beispill den internationalistesche Block, oder den antinationale Block oder ee Block vun…

  • Ënnert dem Pavé – ENF zu Koblenz, Merci Patron, Black Bloc

      Ob der Demonstratioun géint d’ENF Konferenz zu Koblenz waren och e puer Aktivist*inne vu Jonk Lénk präsent, an dëser Sendung ziele mer ärch wei dat sech aus eisen Aen aus ofgespillt huet. Ausserdeem hunn mer nees ee Film Review “Merci Patron” vum François Ruffin. An der Begrëffserklärungsrubrik Iwwert der Plage schwätze mer iwwert eng Demotaktik, de schwaarze Block.   Playlist: Cutter & Le Druide (Sang Mêlé) – Ni Oubli, Ni Pardon Sookee – Q1 Les Charlots – Merci patron Brujeria – Viva Presidente Trump Solange – Weary Grimes – World Princess Part II The Internet – Girl Lianne La Havas – Unstoppable Lou Reed – Take a Walk on…

  • Ënnert dem Pavé – Joëresréckbléck, Che, Sozialismus

    http://podcast.ara.lu/wp-content/uploads/2017/01/2017-01-06-Ennert-dem-Pave-Jonk-Lenk-MP3.mp3 An dëser Sendung maachen Jonk Lénk en kuerzen Joeresréckbléck iwwer déi verschidden Aktiounen vun 2016. Dorënner och eis Adventsaktioun zu den “Big 4”. Donierwt, gëtt et och en Film review iwwer dem Soderbergh säin Biopic “Che, Revolucion”. Wéi all Sendung hunn mer dann eng Begrëffserklärung an eiser Rubrik “Iwwert der Plage“, des Kéier erklären mer wat mir mengen wann mir eis als sozialistesch Jugendorganisatioun bezeechnen.   Playlist: Sookee – Vorläufiger Abschiedsbrief Donovan Wolfington – Ollie North My Fictions – Mt. Misery Buena Vista Social Club – Hasta Siempre Jedi Mind Tricks – Uncommon Valor: A Vietnam Story Blink 182 – Cynical Caravels – Meatwave Oasis – Wonderwall