• Jonk a prekär beschäftegt.

    Wat kee Mensch iwwer d’Aarbechtskonditiounen vu Jonken wesse well. Gleeft een dem Aarbechtsminister Schmitt, den Zuelen vun der ADEM oder och de Medien, déi wéi zum Beispill d’Wort mat Titele wéi “Jahresbericht der ADEM: Ein großer Schritt nach vorne” oder “Jugendarbeitlosigkeit: Luxemburg ist Klassenbester” gutt Stëmmung verbreeden schéngt Letzebuerg a Puncto Aarbechtslosegkeet gutt do ze stoen. Kuckt een awer méi genee hin, a sicht ee sech net grad just aus deene Statistiken déi Zuele raus, déi ee sou dréine kann, dass et gutt ausgesäit, dann ass ze erkennen, dass sech elo scho grouss Deeler vun enger ganzer Generatioun a prekären Aarbechtsverhältnisser befannen. Zuelen iwwer d’Jugendaarbechtslosegkeet liwwert d’ADEM just iwwert déi…

  • International Worker‘s Day

    Iwwert den historeschen Ursprong vum Dag vun der Aarbecht Den 1ten Mee feiere mer den internationalen Dag vun der Aarbecht. Mä wisou feiere mer deen iwwerhaapt a wisou den 1ten Mee? War dat en Trick vun der Fleeschindustrie fir en Dag Congé anzeféieren, wou all Mënsch bei sengem Fussballclub Thüringer friesse ka fir d’Grillsaison anzeleeden? Oder hat et aweriergendwann eng Kéier eppes mat Aarbecht ze dinn? 8 hour day with no cut in pay D’Originne vun dësem Dag kommen aus den USA vum spéiden 19ten Joerhonnert. Migrant*innen, déi zu Chicago ukomm si fir en neit Liewen am „Land vun den onbegrenzten Méiglechkeeten“ unzefänken, ware schnell desillusionéiert. Schlecht Aarbechtskonditiounen (laang Deeg…

  • Schaffen; 2017 – Freelance, Frust a Fräizäit.

    Wéi vill schaffs du an der Woch? Am Moment schaffen ech 40 Stonnen d‘Woch an 2 Stonnen den Dag si mat fort fir op d‘Aarbecht hin an nees zeréck ze fueren. Déi sinn et och, déi mer e bëssen d‘Genéck briechen, wat Fräizäit ënnert der Woch ugeet. Virdrun hunn ech freelance geschafft, wou ee selwer e bëssen entscheede kann, wéi vill ee schafft a wei laang den Dag ass, mä et ass een och ofhängeg vum jeeweilege Projet. Leider war dat oft een Hin an Hier tëscht onméiglechen Iwwerstonnen während e puer Wochen an dann e puer Woche wou guer näischt leeft. Dat mécht d‘Fräizäit och stresseg, well ee stänneg…

  • Gläichberechtegung – Zu all Moment.

    Am Kampf géint Diskriminéierung vu Fraen an der Aarbechtswelt geet et ëm wäit méi wéi den Gender Pay Gap. Dass Frae manner Chance a Bewerbungsgespräicher hunn, bei Befërderunge manner dacks consideréiert ginn an op ville Plazen nach ëmmer manner verdénge wéi hier männlech Kollegen, déi déi nämlecht Aarbecht maachen (den sougenannten “Gender Pay Gap”) si Phänomener, déi ëmmer nees thematiséiert ginn – grad och well ze mann Mesuren ergraff ginn, fir eppes dorunner ze änneren. Medial Opmierksamkeet krut elo ee Gesetz aus Island, wat Betriber mat iwwer 25 Mataarbechter*innen zwénge soll, deen nämlechten Loun fir déi nämlecht Aarbecht ze bezuelen. An Artikele gouf dës Mesure als revolutionär gewierdegt an Island…

  • Schaffen; 2017 – ADEM, Aarbecht, Alternativen

    Wéi bass du un deng Aarbecht komm? Meng Aarbechtssich huet aanescht geklappt wéi sech dat normalerweis virgestallt gëtt. Nodeems ech mat mengem Studium opgehalen hunn a mech bei der ADEM ageschriwwen hat, si Leit op mech duerkomm, bei deenen ech e puer Joer virdrunner während dem Studium schonn ee Stage gemaach hat. Ech gouf gefrot, ob ech mer kéint virstellen, bei si ze komme fir hinne mat ënnerschiddlechen Saachen ënner d’Äerm ze graifen. Eigentlech war dat also zimlech genau dat wat ech dee Moment gesicht hunn. Ech war also nëmmen op engem Virstellungsgespreich. Gefält der déi Aarbecht, déi s du méchs oder ass se ee Mëttel zum Zweck? De Moment,…

  • Endlech gëtt d’Aarbecht knapp!

    Wisou Aarbechtszäitverkierzungen onvermeidbar sinn. Mir schaffen alleguer vill ze vill Stonnen an der Woch. Zäit, dass mer eis Gedanke doriwwer maachen, wéi mer dat ännere kënnen. D’Maschinnen huelen de Mënschen d’Aarbecht ewech. De Gedanken ass wäit verbreet: D’Robotiséierung an Digitaliséierung vun der Ekonomie suergen dofir, dass ëmmer manner Mënschen an der Produktion benéidegt ginn. Leit ginn entlooss, ginn „iwwerflësseg“, ganz Produktionszweiger ginn zougemaach. Et ass also kee Wonner, dass “d’digital Revolutioun“ an der Wirtschaft vu ville mat Batterheet an Angscht betruecht gëtt. Et ass net déi éischte Kéier an der Geschicht, dass nei Forme vu Produktioun eng ganz Rei déifgräifend Ëmbréch an der Gesellschaft mat sech bréngen. Och d’industriell Revolutioun…

  • Wéi vill Stonnen an der Woch wëllt dir (spéider) eng Kéier schaffe goen?

    Äntwerten aus dem Jonk Lénk Grupp. Ech géif am léifsten 20 bis 30 Stonnen d’Woch Lounaarbecht maachen an de Rescht vun der Zäit u spannende Projeten schaffen, mech selwer verwierklechen an d’Liewe genéissen. Natierlech wëlle mir all eng erfëllend Aarbecht, mä et ass seele gutt, sech op eng Saach ze konzentréieren, d.h. och bei deene beschten Aarbechtskonditiounen ass eng limitéiert Zäit sécher vu Virdeel. Ech schaffen am Moment 40 Stonnen d’Woch an engem Beräich, dee mer guer näischt seet an do sinn 40 Stonnen definitiv ze vill. An engem Beräich, deen ech gären hunn a passionéiert sinn, kéint ech mer awer virstellen, 30/40 Stonnen d’Woch gären ze schaffen. Ech géing…

  • Literatur vun a fir Aarbechter*innen

    Iwwer d’Entwécklung vun Aarbechter*inneliteratur an Däitschland. Ween u Literatur denkt, deem komme meeschtens Nimm wei Goethe, Beauvoir, Poe oder Brontë an den Senn. Mä dass Literatur sech net nëmmen op en klengen elitäre Krees beschränkt, beweist eis d‘Aarbechter*inneliteratur. Déi sougenannten Aarbechter*inneliteratur bezitt sech zum engen op Schrëftstécker, déi vun Aarbechter*inne verfaasst goufen, an zum aneren op Schrëftstécker, déi sech zwar mat der Liewensrealitéit vun den Aarbechter*innen auserneesetzen, awer net vun hinne selwer verfaasst goufen. Entstan ass dëse Courant zur Zéit vun der industrieller Revolutioun am 19. Joerhonnert. Während virun der industrieller Revolutioun virun allem an der Agrarwirtschaft geschafft gouf, huet sech den Aarbechtsmilieu dono haaptsächlech an d’Fabricke verlagert. Souwuel d´Aarbechtskondtioune…

  • Schaffen; 2017 – Examen, Éducatioun, Empathie

    Job: Proff. Vollzäit beim Staat. 2900€ den Mount. Wéi bass du un däi Job komm? Nodeems ech no der Uni eng Zäit laang aarbechtslos war an bëssen gejobt hunn, hunn ech mech decidéiert den Concours ze maachen fir Proff ze ginn. Et ass schonn liicht frustrant wann s de vun der Uni kënns an en Master an engem Beräich hues, an dann dech awer nach vrun den alen lëtzebuerger Proffen beweisen muss.Du kenns dech mat den neisten Errongenschaften an dengem Beräich aus, mee et gëtt elo nach kontrolléiert ops de dann elo wierklech däin Fach sou beherrschs wéi si et gär hätten. Net d‘Pädagogik, d‘Wëssensvermëttelung oder den Ëmgang mat Jugendlechen,…

  • What is work? Baby don‘t hurt me

    Wann ech Leit erzielen, woumatter ech meng Suen verdéngen, ass d‘Reaktioun meeschtens eppes am Stil vun „Ah, dat ass jo mega cool, datt s du deng Passioun zum Beruff konnts maachen“. An dat stëmmt, mä iergendwou stëmmt et och net. Ech hu schonn als Jugendlechen ugefaangen, journalistesch ze schaffen. A wann ech „schaffe“ soen, mengen ech an dësem Kontext onbezuelten, fräiwëlleg Aarbecht. Also dat, wat een normalerweis een „Hobby“ nennt. An iergendwann hunn ech een „Job“ an deem Beräich kritt, deen e bëssen Suen erabruecht huet, mä d‘Zomm war éischter symbolesch. Mat der Zäit sinn d‘Aufgaben gewuess, d‘Zomme si méi héich ginn an ech hu festgestallt, datt ech mäin „Hobby“…