Summercamp 2019

Laika invitéiert op de Summercamp 2019, den 31. August am Scoutschalet zu Réiser (44, Grand-Rue).

Mir sinn eng antifaschistesch an antikapitalistesch Beweegung, déi mat lénksradikaler Kritik eng emanzipéiert Gesellschaft zu Lëtzebuerg ustrieft. Mat Aktiounen, Bedeelegung zu Lëtzebuerg an am Ausland, op Demonstratiounen, matt eiser Radiossendung a villem méi, wëlle mir eise noutwendege Beitrag zur Verwierklechung vun enger gerechter Gesellschaft ze leeschten.

Op eisem Summercamp kanns de eis kenneléieren a mat aneren Interesséierten u Workshops an Diskussiounen deelhuelen!

Programm:
12⁰⁰ Mëttesiessen
13³⁰ Skillsharing Workshops
15³⁰ Aktiounstraining
17³⁰ Virtrag an Diskussiounsronn
19⁰⁰ Grillowend
mat Iwernuechtungsméiglechkeet

De Camp ass gratis, mir froen dech awer aus organisatoreschen Grënn fir eng Umeldung:
https://forms.gle/73MfgWkTgK5Yhjyt7

Wanns de Froen hues, da mëll dech:
contact@laika.lu
fb/laika.lu
ig/laika.lu

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *