Sexism sells!

E Joer Fraenfeindlechkeet zu Lëtzebuerg

Mäerz: De lëtzebuerger Filmpräiss 2016 gëtt verdeelt, et ass nees keng eenzeg Fra ënnert de Gewënner. De Filmsecteur zu Lëtzebuerg ass komplett vu Männer dominéiert an et gëtt och vu staatlecher Säit (zB. iwwer d’Filmförderung) keng Initiative fir dogéint ze steieren.
Abrëll: A Frankräich gëtt een neit Prostitutiounsgesetz gestëmmt, dat d‘Penaliséierung vu de Clienten virgesäit. Déi Lëtzebuergesch Regierung erkläert, net op dëse Wee goen ze wëllen, an verstreckt sech a Widderspréch bei hierem Versuch et mat engem eegenen Gesetz allen Recht zemaachen.
Mee: Eng Reklamm vun Poll Fabaire an der eng hallefplakesch Fra op enger Äisplack dat neit Gedrenks “Poll on Ice” duerstellt gëtt vum Publicitéitsrot wéinst Sexismus an Objektivéierung vu Fraen veruerdeelt. Poll Fabaire ignoréiert dëst Urdeel an kënnt domat duerch.
Juni: Den Planning Familial reecht eng Petitioun an, fir eng Reduktioun vun der Besteierung op Tampons z‘ereechen. Dës ginn de Moment mat 17% besteiert amplaz ënnert den taux super-réduit ze falen. D‘Petitioun ereecht net déi néideg Zuel un Ennerschreften an d‘Politik hält et net fir néideg, ze reagéieren.
Juli: Et gesäit sou aus, wéi wann den Nicolas Schmit aus der Regierung ausscheede géif an d’Tess Burton (LSAP) noréckelt. Den Alex Bodry lueft d’Regierung schonn am viraus fir dës “Verweiblechung”. Kuerz drop ass de wiessel vum Dësch an d’Repräsentatioun vu Fraen an der Regierung keen Thema méi. Zur Erënnerung, dës „progressiv“ Regierung huet am Moment manner Fraen un der Spëtzt vu Ministerien (3 vu 15) wéi déi vun der CSV gefouerten Regierung virdrunner (4 vun 15).
August: Och an der lëtzebuergescher Press am August ee beléiftent Thema: D’Kleedung vu Fraen bei der Olympiade vu Rio a besonnegt de Verglach tëscht “Hallefplakegen” an “verpaackten” Volleyballspillerinnen.
September: Landeswäit si just 22% vun de Gemengerots-Memberen Fraen. De Chancengläichheetsministère verdeedegt seng d’Sensibiliséierungskampagne “Votez egalité” an setzt op “fräiwelleg” Mesuren. Amplaz strukturell Probleemer unzegoen gëtt sou gemaach, wéi wann duerch e Mangel u politeschem Interessi an u Selbstbewosstsinn d’Fraen selwer Schold un hierer Mëssrepresentatioun sinn.
Oktober: D’Weltwirtschaftsforum publizéiert den Global Gender Gap Rapport. Bei den Gehälterënnerscheeder tëscht Männer a Fraen kënnt Lëtzebuerg op Plaz 34 vun 144 ënnersichten Länner. Bei Manager*innen- an Senior Officials-Gehälter steet Lëtzebuerg souguer just op déi 102t Plaz.
November: Erschreckend Resultater aus enger Etude vun der EU Kommissioun: 38% vun den Awunner*innen zu Lëtzebuerg ginn un, dass Sex ouni Averständnis vun der Partner*in an bestemmte Fäll okay wier, zB. wann Alkohol am Spill wor.
Dezember: Mat enger rosa Posch an der Kampagne “Madame on Tour” start d’LSAP eng Campagne fir méi Fraen an d’Gemengepolitik ze kréien. An hëtzegen Diskussiounen verdeedegen Parteipräsident an Generalsekretär dës sexistesch Approche, wourops hin d’Cátia Goncalves vun der Spëtzt vun den Femmes socialistes zerécktrëtt.
Januar: D’LSAP päckt hier Fuerderung vun engem “Burka-Verbuet” nees aus. Et och dës Kéier sinn et nees al, wäiss Männer déi Fraen virschreiwen wëllen wéi se sech unzedoen an iwwerdeems muslimfeindlech Ressentiments bedéngen.
Februar: Zu Lëtzebuerg ginn net all d’Verhütungsmëttel zeréckbezuelt an d’Krankekeess bezillt insgesamt och just bis zum Alter vu 25 Joer. Dës Kritik äussert d‘EPF, e Bündnis vun Parlamentarier aus ganz Europa an hierem „Contraception Atlas“.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *