Rosa Luxemburg

D’Rosa Luxemburg, wat 1871 zu Zamosc a Pole gebuer gouf, ass de meeschte Leit virun allem duerch säin Engagement an der Aarbechter*innebeweegung e Begrëff. E groussen Numm an eng grouss Perséinlechkeet, souvill ass gewosst. Mä wee war dës Fra eigentlech, där hire politeschen Afloss bis haut nowierkt?
Setzt ee sech mat senger Biographie auserneen, sou mierkt een, dass dat politescht Geschéien a sozial Mëssstänn schonn ëmmer e wichtegen Aspekt vum Rosa Luxemburg sengem Liewen waren: Schon a jonke Joren huet hatt sech politesche Gruppen ugeschloss, wuelwëssend, dass dës Gruppéierungen net ëmmer legal waren. Sou huet hatt sech ënner anerem mat der Organisatioun das Proletariat befaasst, wat hatt nohalteg a sengen Usiichte beaflosst huet. Hatt wollt eng aner Gesellschaft, eng besser Gesellschaft wei déi, déi zu där Zeit existéiert huet. Eng Gesellschaft an där jidderee gläich behandelt gëtt an an där sozial Verhältnisser herrschen. Och spéiderhin, während der Studienzäit, huet hatt dësen Interêt weider verdéift: Ëm 1894 huet d´Rosa Luxemburg zesumme mam Leo Jogiches a mam Julian Balthasar Marchlewski d’Partei Sozialdemokratie des Königreichs Polen (SDKP, spéider SDKPIL), eng Partei, där hiert Zil den Zesummeschloss vun den Aarbechter*inne war. Hei gesäit ee schonn, a wéi eng Richtung dass sech déi politesch Usiichten entwéckele géifen: Et ass ëm eng Politik gaang, déi sech fir d’Aarbechter*inne staark maache sollt, fir déi Leit, déi et an der Gesellschaft oft am schwéiersten haten.
No an no huet hatt sech dunn ëmmer méi vun der SPD distanzéiert an nei politesch Weeër gesicht.
Gläichzäiteg huet d’Luxemburg awer och un enger ganzer Rei Zeitunge matgewierkt, sou zum Beispill un der Ënnergrondzeitung Sache der Arbeiter, Arbeiterstimme an die Rote Fahne. Souwuel d’Redaktiounsaarbecht wéi och d’Publikatioun vun dëse Schrëfte sinn zum groussen Deel vum Rosa Luxemburg iwwerholl ginn. Eng weider wichteg Etapp am Liewen vum Rosa Luxemburg war d’Bestietnis mam Gustav Lübeck. Sënn an Zweck vun dëser Relatioun war et, dem Rosa déi däitsch Nationalitéit ze verschafen. Nëmme sou konnt hatt sech der SPD uschléissen an aktiv an d’Parteigeschéien agräifen. Am Numm vun der Partei ass hatt dunn duerch d’Land gezu fir (och déi eegen) politesch Iwwerzeegungen ënnert d’Leit ze bréngen an d’Revolutioun virunzedreiwen. Schnell huet hatt awer gemierkt, dass him e wichtegen Facteurfeelt: Genau dee revolutionäre Geescht an den Idealismus, deen hatt gär verbreet hätt, war him an der Partei net verbreet genuch. Mä eng Verbesserung vun de soziale Verhältnisser kéint nëmme mat enger Revolutioun geléngen, sou d’Luxemburg.
No an no huet hatt sech dunn ëmmer méi vun der SPD distanzéiert an nei politesch Weeër gesicht. An dësem Kontext gouf beispillsweis de Spartakusbund gegrënnt, eng politesch Vereenegung, déi op marxistesche Wäerter baséiert huet. Doraus huet sech och spéider d’KPD entwéckelt, un där d’Rosa Luxemburg an de Karl Liebknecht ebenfalls bedeelegt waren. Trotz dem enormen Engagement, deen d’Rosa Luxemburg un den Dag geluecht huet, war hatt ville Leit en Dar am An: Méi wéi eng Kéier ass dës Fra an den Prisong komm well si sech géint déi bestoend Mëssstänn ausgeschwat huet a géint all Widderstänn kloer Positioun bezunn huet.
Letztendlech huet d’Rosa Luxemburg dunn souguer missen mat sengem Liewen dofir bezuelen: 1919 gouf hatt (an och den Karl Liebknecht ) ëmbruecht.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *