• Eng nationalistesch Sprooch

    Jonk Lénk zur aktueller Debatt ronderëm Sproochen zu Lëtzebuerg. Mir hunn eng historesch Verantwortung an eng aktuell Erausfuerderung: Opkommende Rietsextremismus an Nationalismus fréizäiteg z’erkennen an ze stoppen. Wat ass d’Zil vun der Sproochendiskussioun? An der Diskussioun ronderëm d’Sprooche kéint praxis-orientéiert iwwer Léisunge fir all déi Betraffen, egal wéi eng Sproochen se schwätzen, nogeduecht ginn. Zu Lëtzebuerg geet et drëms, dass Leit, déi lëtzebuergesch schwätzen, mat hirer franséischsproocheger Doktesch, Leit déi franséisch schwätzen an hirem engleschsproochegen Aarbechtsëmfeld an och Leit déi portugisesch schwätzen zB. an hirer Pensioun mat däitschsproochegem Fleegepersonal eenz ginn. D’Sproochendiskussioun misst also automatesch ee positiven Exercice sinn, fir d’Ausschléisse vu Leit ze verhënneren. Grad geschitt awer de Géigendeel.…

  • Jingoismus, Hurra Patriotismus, Spread-Eagleismus

    Firwat ech soss keen Stolz an mengem Liewen hun oofgsin vun mengem National Stolz: Den Begrëff Patriotismus gëtt meeschtens benotzt vir en staark ausgeprägten National-Stolz par Rapport zu der eegener Heemecht auszedrécken. Dobäi ass den Spektrum vum Patriotismus awer relativ grouss. Sou ginn et z.B. ënnerschiddlech Ausprägungen wei den Jingoismus den Hurra Patriotismus an den Spread-Eagleismus. Des Begrëffer sinn zwar an historesch ënnerschiddlechen Kontexter unzesidelen, mee si vertrieden all den selwechten ideologeschen Standpunkt: déi eegen Natioun ass déi eenzeg déi zielt, an déi et ze verteidegen gëllt. Den Terme Jingoismus (Jingo=Jesus) ass am Joer 1878 an Groussbritannien entstan, an léist sech op den Krich zwëschen dem russeschen Räich an dem…

  • D'Selbstbestëmmungsrecht

    Wien ass iwwerhaapt d'”Vollek”, dat der UN no d’Recht op ee Staat huet? D’Vereenten Natiounen hunn an der Menscherechts-Charta en “Selbstbestëmmungsrecht vun de Vëlker” festgeluecht. E Vollek huet der Charta no d’Recht iwwert säi politesche Status, seng sozial, kulturell a wirtschaftlech Entwécklung ze bestëmmen: Dat heescht ee Staat ze grënnen. Allerdéngs gouf keng Definitioun vun deem mat geliwwert, wat dann elo iwwerhaapt ee Vollek ass. Dat nämmlecht gelt fir d’Definitioune vun “Ethnie” an “Natioun”, déi praktesch Synonymmer vu “Vollek” sinn, a bei deenen och keen*t erkläre kann, wien lo eigentlech dobäi gehéiert a wien net. Wien sollen d’Staatsgrenzen dann elo ëmfaassen? Wiem sollen se d’Recht ginn, sech z’entwéckelen? Hei eng…

  • Et gëtt näischt ze feieren.

    Et ass alt nees geschwënn esou wäit. De Nationalfeierdag steet virun der Dir. An do feiere mir zu Lëtzebuerg zwar iergendwéi de Gebuertsdag vum Grand-Duc, mä am Fong gëtt d‘Natioun geféiert. An déi Natioun, déi ass dach eigentlech eng zimlech komesch Saach. D‘Iddi vun der Natioun ass net immens al. Se staamt aus dem 19. Joerhonnert an ass also eng modern Erfindung. Dat heescht eben och, datt villes, wat mir haut als national Symboler, Gebräicher oder Traditioune verstinn, méi oder wéineger erfonnt oder adaptéiert gi sinn, fir een Gefill vun Zesummenhalt, eben een Nationalgefill, ze kreéieren. A ville Länner ass zimlech kloer, wat déi eegen national Identitéit duerstellt, Mä zu…

  • Projet de loi 6992

    Dat neit lëtzebuerger Immigratiounsgesetz weist, wien hei wëllkomm ass … Den 8. Februar 2017 gouf an der Chamber ee neit Immigratiounsgesetz (PdL 6992) gestëmmt, dat un Hypokrisie net z’iwwerbidden ass. Et ëmfaasst dräi Punkten. Éischtens dass Famillje mat Kanner amplaz 3 elo 7 Deeg am Centre de rétention agespaart gi kënnen, ier se expulséiert ginn. Den Menscherechtskommissär vum Europarot huet sech zwar nach virum Vote ageschalt, fir op den eklatanten Verstouss géint d’Mënscherecht-Charta hinzeweisen, mee den zoustännege Minister Asselborn huet sech net irritéiere gelooss. Aus “prakteschen Grënn” wier dës Virgoensweis noutwänneg. Den zweete Punkt aus dem Gesetz ass d’Schafen vun der Méiglechkeet fir Supperräicher en titre de sejour kréien, wa…

  • Ons Heemecht an de Kräidprozess

    Dës nei Versioun vun der Lëtzebuerger Nationalhymne sollt um Virowend vun Nationalfeierdag 2015 mat Kräid op d’Trape virun der Philharmonie geschriwwe ginn. Nom Mole vun ee puer Buschtawen, engem Police- an engem Pomjeesasaz, souwéi engem Geriichtsprozess gouf dës Kritik un der Natioun als “Geheie mat Géigestänn op ëffentlech Gebaier, mam Zil se knaschteg ze maachen” nom Artikel 557.4 Code Pénal mat Geldstrofe vu jeeweils 200€ veruerteelt. Déi Ugekloten, dorënner och Leit vu Jonk Lénk, sinn an Appell gaangen. (Info ënnert dem Link richtung22.org/kraidprozess ) Wou d’Uelzecht duerch d’Wisen zitt Den Auslänner kee Stëmmrecht kritt Duerch d’Fielsen d’Sauer brécht An d’CSV am Bronge fëscht. Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg blitt Geet de…

  • Aarbecht – Mee 2017

    Léif Lieserin, léiwe Lieser, Dësen zweeten Zine vu Jonk Lénk dréint sech ronderëm d’Thema Aarbecht, passend zum 1. Mee, dem internationalen Dag vun der Aarbechter*innenbeweegung. “Géi du als Éischt mol richteg schaffen, da schwätze mer weider” – vill ze dacks kréie Jonker dëse Saz ze héieren. Eréischt wann een eng regulär Aarbecht huet, zielt een also zum Krees vun deenen, déi wëssen, wouvunner se schwätzen. Wéi vill Frustratioun hannert Säz wéi dësem stiechen ass déi eng Saach, vill méi wichteg ass awer, wat dëse Saz iwwert d’Fro, “wat Aarbecht ass” ausseet. Fréier wor et normal, dass een an enger Ausbildung ee Loun kritt. D’Aarbecht an der Schoul an op der…

  • Jonk a prekär beschäftegt.

    Wat kee Mensch iwwer d’Aarbechtskonditiounen vu Jonken wesse well. Gleeft een dem Aarbechtsminister Schmitt, den Zuelen vun der ADEM oder och de Medien, déi wéi zum Beispill d’Wort mat Titele wéi “Jahresbericht der ADEM: Ein großer Schritt nach vorne” oder “Jugendarbeitlosigkeit: Luxemburg ist Klassenbester” gutt Stëmmung verbreeden schéngt Letzebuerg a Puncto Aarbechtslosegkeet gutt do ze stoen. Kuckt een awer méi genee hin, a sicht ee sech net grad just aus deene Statistiken déi Zuele raus, déi ee sou dréine kann, dass et gutt ausgesäit, dann ass ze erkennen, dass sech elo scho grouss Deeler vun enger ganzer Generatioun a prekären Aarbechtsverhältnisser befannen. Zuelen iwwer d’Jugendaarbechtslosegkeet liwwert d’ADEM just iwwert déi…

  • International Worker‘s Day

    Iwwert den historeschen Ursprong vum Dag vun der Aarbecht Den 1ten Mee feiere mer den internationalen Dag vun der Aarbecht. Mä wisou feiere mer deen iwwerhaapt a wisou den 1ten Mee? War dat en Trick vun der Fleeschindustrie fir en Dag Congé anzeféieren, wou all Mënsch bei sengem Fussballclub Thüringer friesse ka fir d’Grillsaison anzeleeden? Oder hat et aweriergendwann eng Kéier eppes mat Aarbecht ze dinn? 8 hour day with no cut in pay D’Originne vun dësem Dag kommen aus den USA vum spéiden 19ten Joerhonnert. Migrant*innen, déi zu Chicago ukomm si fir en neit Liewen am „Land vun den onbegrenzten Méiglechkeeten“ unzefänken, ware schnell desillusionéiert. Schlecht Aarbechtskonditiounen (laang Deeg…

  • Schaffen; 2017 – Freelance, Frust a Fräizäit.

    Wéi vill schaffs du an der Woch? Am Moment schaffen ech 40 Stonnen d‘Woch an 2 Stonnen den Dag si mat fort fir op d‘Aarbecht hin an nees zeréck ze fueren. Déi sinn et och, déi mer e bëssen d‘Genéck briechen, wat Fräizäit ënnert der Woch ugeet. Virdrun hunn ech freelance geschafft, wou ee selwer e bëssen entscheede kann, wéi vill ee schafft a wei laang den Dag ass, mä et ass een och ofhängeg vum jeeweilege Projet. Leider war dat oft een Hin an Hier tëscht onméiglechen Iwwerstonnen während e puer Wochen an dann e puer Woche wou guer näischt leeft. Dat mécht d‘Fräizäit och stresseg, well ee stänneg…