• Ginn d'Mënschen méi krank oder ginn d'Krankheeten méi mënschlech?

    Psychesch Erkrankungen als Epidemie vun eiser Generatioun Jiddereen*t kennt iergendeen*t dat eng psychesch Krankheet huet, oder et huet ee souguer selwer eng. D’Fro ass ob sech di Krankheete méi verbreeden oder ob just méi oft driwwer geschwat gëtt. De wuessenden Drock, Stress an d’Zukunftsonsecherheet mat deem jonk Leit hautdesdaags konfrontéiert gi schéngt den Ausléiser fir Erkrankungen ze sinn. Ginn des Krankheeten einfach méi oft erkannt oder hunn se tatsächlech zougeholl? Laut Statistike sinn d’Zuele vun Diagnosen nämlech däitlech geklommen an ëmmer méi Leit gi wéinst Depressiounen an Angschtstéierungen krank geschriwwen. Dëst bedeit net onbedéngt dass sech d’Krankheete verbreet hunn, obwuel et dorop hiweise kéint dass et  an dëser Gesellschaft méi…

  • Nationalismus, Grenzen a Patriotismus – Juni 2017

    Léif Lieserin, léiwe Lieser, den drëtten Zine vu Jonk Lénk hu mir zum Thema Nationalismus, Grenzen a Patriotismus geschriwwen. D’Publikatioun reit sech an an eng Rei vun Aktiounen, déi mer ronderëm Nationalfeierdag den 23. Juni lancéiere fir géint d’Feieren vu Natiounen ze protestéieren. Dass dëst Thema schonn nees do ass, bzw. ni fort war a lo esou aktuell wéi scho laang net méi ass, ass wierklech tragesch. Mir gesinn, dass sech den neien Nationalismus haaptsächlech aus de Verwerfunge vum Kapitalismus an de Wirtschaftskrisen eraus entwéckelt. Dobäi gëtt ëmmer nees déi nämmlecht Logik benotzt: Wann et eis net gutt geet, musse mer eis als Éischtes ëm “eis” selwer këmmeren. Firwat zu…

  • Natiounen déi eis gefaalen

    Prokrasti-natioun Imagi-natioun Faarwkombi-natioun Deto-natioun Faszi-natioun Hiber-natioun Kombi-natioun Determi-natioun Koordi-natioun Reinkar-natioun Prädesti-natioun

  • Energie fir eng progressiv Gesellschaft

    Interview iwwer d‘Erausfuerderungen u lénke Separatismus an Europa. Déi schottesch an déi katalanesch Onofhängegkeetsbestriewunge sinn zwee Mouvementer, bei deenen d’Virstellung vun enger “Staatsgrënnung” haaptsächlech vu lénken Iddie gedroe gëtt. Zentral sinn d’Iwwerleeunge ronderëm eng nei Selbstorganisatioun. D’Tessy war fir säi Studium éischt zu Glasgow, dann um Erasmus zu Barcelona an elo och fir de Master zu Barcelona. Hatt kruut doduerch direkt zwee separatistesch Beweegungen an divers Referendumskampagne mat: De schotteschen Onofhängegkeetsreferendum am September 2014, déi zu engem Referendum iwwer d’Onofhängegkeet ëmdeklaréierte Wahl vum katalanesche Regionalparlament am September 2015, de Brexit-Referendum am Juni 2016 an elo d’Virbereedungen zu engem neie Referendum a Katalounien. Du hues a Glasgow studéiert, zur Zäit vum…

  • Linnen op Kaarten

    Wéi am 19ten Joerhonnert Strécher op de Globus gemoolt goufen, op déi d’Leit haut houfreg sinn. Déi meescht vun den aktuelle Landesgrenzen op der Äerd ginn zeréck op sougenannten “territorial Nei-Uerdnungen”. Op exklusive Konferenze setzen sech ee puer Mächteger mat engem Lineal virun d’Weltkaart an definéiere Grenzen am Bezuch op hier strategesch Interessen op. Déi haiteg Grenzen op der Welt erginn sech aus ganz fréie Verträg wéi zum Beispill aus der Opdeelung vun de Weltmierer tëscht Portugal a Spuenien 1493 duerch de Pobst Alexander VI., deen domat dat spéidert Brasilien zu Aflossgebidd deklaréiert huet. Oder och aus méi rezente Verträg, wéi dee vun der Yalta-Konferenz nom zweete Weltkrich, op der…

  • Dat hannerhältegste Land op der Welt.

    Wéi Tricks mat Grenzen dëst Stéck Buedem zu enger richteger Natioun maachen. Lëtzebuerg huet zanter senger Erfindung Problemer domat, sech als Natioun ze spieren. Also ginn ëmmer nees Weeër gesicht, vir géint dës Mannerwäertegkeetskomplexer virzegoen. D’Politik huet Komesches proposéiert fir d’Patriot*innen ze berouegen: De blatzegen hollännesche Fändel sollt zum Beispill duerch ee Ritterbuergen-Léiw ausgetosch ginn. Den hei vun engem Deel vun den Awunner*inne geschwaten däitschen Dialekt kritt lo eng offiziell Grammatik a soll dann och Nationalsprooch ginn. D’Hymne, bei der een net erwäne sollt, dass se vun engem Auslänner komponéiert gouf, soll geschwënn Verfassungsrang kréien. Dass dat net duer geet, fir d’Nervositéit ze calméieren hätt misse kloer sinn. Kee Wonner…

  • Wat bedeit(en) dir deng Nationalitéit(en)?

    Äntwerten aus dem Jonk Lénk Grupp. “Näischt” “Ee Label fir Leit déi probéieren eng Gemeinsamkeet ze fanne wou et keng gëtt. an awer och een Numm fir Leit déi iergendwéi dach komesch Gewunnechte gemeinsam hun.” “Nationalitéit as en fiktivt Konstrukt, dat éischter Differenzen ewéi Gemeinsamkeete kreéiert. Och wann jiddereen*t déi nämmlecht Nationalitéit huet, bleiwen déi Differenze weider bestoen, Gläichheet as doduerch net garantéiert.” “E Stéck Pabeier wat gläichzäiteg alles an näischt bedeit. Meng Mamm huet an de 70er d’britesch Nationalitéit ugeholl fir kënne legal a Westeuropa ze liewen an ze schaffen. Duebel hunn ech eben aus demselwechte Grond beantragt obwuel ech se usech bis virum Brexit refuséiert hat, well et…

  • Eng offiziell Legitimatioun

    Interview mat enger lénker Persoun, déi ee lëtzebuergesche Pass ugeholl huet Wisou hues du déi lëtzebuergesch Nationalitéit ugeholl? Dat ass lo bal 20 Joer hier, an ech kann di genau Motivatioun net méi richteg retracéieren. Mee ech mengen, et war aus engem – deemools – eescht gemengten “Zugehörigkeitsgefühl”; ech sinn zu Lëtzebuerg gebuer, opgewuess, an d’ Schoul gaangen, an hu mat mengem “Ursprongsland” Italien just familiär Connectiounen, a keng vum Liewensalldaag. Ech hunn dat deemools scho komesch fonnt, dass ech dann an Italien hätt dierfe wielen, mee hei dann net. Et war awer och bëssen aus Trotz: ech hu selwer ni grouss Diskriminéierungen erfuer, mee anscheinend gesinn ech wuel net…

  • Emma Goldman

    E Kampf géint de Patriotismus D´Emma Goldman, wat am Joer 1869 zu Kowno (haut Litauen) gebuer gouf, war Zäit hires Liewens eng engagéiert Aktivistin, Anarchistin an Feministin. Mee firwat huet d´Emma Goldman dëse Wee ageschloe gehat? Schon séit fräister Kandheet huet hat geleiert wat et heescht, a batterer Aarmut ze liewen: mat 13 Joer muss hat schaffe goen, well d’Elteren d’Famill nëmmei iwwert d’Ronne brénge kennen. Dëse Fait huet sech awer och no der Emigratioun an d’USA net geännert: och do huet hat ënner inhumane Konditioune misse vir en Hongerloun schaffen. Mee grad des Zéit war eng vun de prägendsten Etappen am Liewe vum Goldman: et war déi Zéit, an…

  • Eng nationalistesch Sprooch

    Jonk Lénk zur aktueller Debatt ronderëm Sproochen zu Lëtzebuerg. Mir hunn eng historesch Verantwortung an eng aktuell Erausfuerderung: Opkommende Rietsextremismus an Nationalismus fréizäiteg z’erkennen an ze stoppen. Wat ass d’Zil vun der Sproochendiskussioun? An der Diskussioun ronderëm d’Sprooche kéint praxis-orientéiert iwwer Léisunge fir all déi Betraffen, egal wéi eng Sproochen se schwätzen, nogeduecht ginn. Zu Lëtzebuerg geet et drëms, dass Leit, déi lëtzebuergesch schwätzen, mat hirer franséischsproocheger Doktesch, Leit déi franséisch schwätzen an hirem engleschsproochegen Aarbechtsëmfeld an och Leit déi portugisesch schwätzen zB. an hirer Pensioun mat däitschsproochegem Fleegepersonal eenz ginn. D’Sproochendiskussioun misst also automatesch ee positiven Exercice sinn, fir d’Ausschléisse vu Leit ze verhënneren. Grad geschitt awer de Géigendeel.…