Occupy for climate – 24.05.19

Wisou mir de Freiden d‘roud Bréck blockéieren


Laika rifft dozou op, de Freiden den 24. Mee zesummen mat Youth for Climate d‘roud Bréck ze blockéieren. Mir gesinn doranner een klengen Akt vun „zivilem Ungehorsam“, deen als Zeechen dofir steet, datt et net esou ka weider goen. Déi lëtzebuergesch Regierung schreift sech zwar gären grouss Ziler op hir Fändelen, mä si wëll de System net grondleeënd änneren.
An genee dat ass awer néideg.
Et geet net duer, virun all Wuert d‘Adjektiv „nohalteg“ ze klaken an ze mengen, domadder wier et gedoe.
Et geet net duer, Diesel- an Bensinner duerch Elektroautoen ze ersetzen.
Et geet net duer, d‘Masseproduktioun vu Fleesch a Mëllech „bio“ ze maachen.
Et geet net duer, ze mengen wa mir all e bësse Vëlo fueren an just nach zwee mol amplaz dräi mol am Joer an d‘Vakanz fléien.
Et geet net duer, eisen enormen Ressourcëverbrauch ze gesinn an Spacemining als zynesch Äntwert ze ginn.
Et geet net duer, vun „Green Finance“ ze schwätzen an dann och nach ze mengen de Kapitalismus kéint sech magescherweis selwer retten.

Schonn virun Joerzéngten hunn Wëssenschaftler*innen op d‘Limiten vum wirtschaftlechen Wuesstëm opmierksam gemaach. Déi Limitten sinn elo erreecht.
D‘Mierer versaueren an si voller Plastik. D‘Klimakatastroph ass do. D‘Aartenstierwen ass do. Et sinn net mir Jonker, déi Schold sinn un deenen Katastrophen. An et sinn och net déi kleng Leit, déi Aarm, déi Marginaliséiert, déi dës Katastrophen erbäigefouert hunn.
Schold ass d‘Politik, déi zanter Joerzéngten nogekuckt huet, wéi de Planéit vum globalen Kapitalismus zerstéiert gëtt: Räicher, Multinationalen an déi, deenen si gehéieren kréien de Bauch net voll genuch. An Lëtzebuerg war ëmmer eng Insel fir genee déi Leit. Mir hunn deenen, déi eise Planéit zerstéieren an eis ausbeuten och nach gehollef, méiglechst wéineg Steieren ze bezuelen, déi hätte kéinte benotzt ginn, fir schonn éischter ze reagéieren.
Mir brauchen een Ëmbau, mir brauchen eng néi Welt.
Eng, déi wierklech nohalteg a sozial gerecht ass, déi net op ëmmer méi wirtschaftlechem Wuesstëm an ëmmer méi Profitter baséiert. Dofir ginn kleng Schrëtter net méi duer, dofir brauch et een radikalen Broch.

Wann mir een Freiden d‘roud Bréck blockéieren, blockéiere mir net nëmmen de Verkéier. Mir blockéieren een vun den gréissten Finanzzentren vun der Welt, mir blockéieren eng vun den europäeschen Haaptstied an senden domadder een Signal un de ganze Planéit: Mir hunn es genuch, mir wëllen Verännerung a mir wëllen se direkt.



méi Informatiounen:
Facebook
Youth for Climate



fier den Visuel benotzten Photo: Tageblatt

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *