Moien, sexistesche Komerod

Strukturelle Sexismus: Och a lénke Parteien déif verankert.

Infobox: Strukturelle Sexismus heescht, dass Seximus (d‘Diskriminéierung opgrond vum Geschlecht) kulturell bedéngt, institutionell verankert an individuell verënnerlecht ass. Wa vu strukturellem Sexismus geschwat gëtt, geet et meeschtens ëm Ofleef a Systeemer innerhalb vun Organisatiounen an Institutiounen déi d‘Privilegéierung vu Männer als Konsequenz hunn.
Den Asaz fir Fraenrechter schreiwen sech lénk Parteien gären op de Fändel an och mol an de Programm. Dass feministesch Politik feste Bestanddeel vun der Identitéit vun enger lénker Partei ass, sech feministesch Gruppen innerhalb vun dëse Parteien organiséiere kënnen an et een allgemengt Bewosstsinn fir feministesch Sujeten gëtt, entsprécht awer éischter seelen der Realitéit.

Besonneg a Parteien, déi sech als traditionell lénks verstinn an sech an engem Gewerkschaftsëmfeld verankert gesinn, herrscht eng Machokultur.

Et gëtt net just en Desinteressi u feministescher Politik mee tatsächlech Blockaden wann et zum Beispill ëm geschlechtergerecht Sprooch, intern Quotenreeglungen an Repräsentatiounsfroen geet. D‘Atmosphär an d‘Diskussiounskultur signaliséieren kloer, dass Fraen net wëllkomm sinn. Un der niddreger Partizipatioun sollen d‘Fraen dann natierlech selwer Schold sinn – et géif hinnen jo offensichtlech u Motivatioun fehlen. Ze dax reagéieren Fraen souguer selwer mat Selbstkritik: se hätten eben net sou vill Ahnung vu Politik. Dass männlech-dominant Riedeverhalen, d‘Männerbündnisser a sexistesch Stereotypen, also strukturellen Sexismus, de Probleem si kéint steet net zur Debatt.
Ier also déi lénk Parteien prett sinn fir feministesch Politik ze maachen muss de Kampf géint d‘Macho-Kultur innerhalb vu lénke Parteien gewonne ginn.
 
“Salut camarade sexiste”, eng Sammlung u Beispiller fir Sexismus a lénke Millieuen:
http://salutcamaradesexiste.tumblr.com/
https://www.facebook.com/salutcamaradesexiste/

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *