#KappVollerIddien – Politik am Kapp, net an der Posch.

D’LSAP wëll also méi “Madammen” iwwerrieden vir hier Lëschten ze kandidéieren. Interessanterweis schéngt d’LSAP der Meenung ze sinn, dat net d’Männerdominanz an den oppene Sexismus an der Politik, net de personaliséierte Wahlsystem, net de strukturelle Sexismus an hirer Partei an deenen anere Parteien oder de Mangel u Bereetschaft Fraen* vun Ufank un mat opzebauen an ze ënnerstëtzen de Problem ass. De Problem ass der LSAP no offensichtlech, dass bis elo nach keen d’Fraen* mat engem rosa Camper an enger rosa Posch voller Iddie siche komm ass.
Dës Aktioun ass fir ze katzen. Fraen* ginn op ee sexistesche Stereotyp, d'”Madamm mat hirer Posch” reduzéiert a lächerlech gemaach. Mee nieft der schlechter Ëmsetzung ass och d’Iddi u sech fatal. Amplaz d’Problemer am System ze sichen, gëtt sou gemaach, wéi wann een d’Problemer bei de Frae behiewe komme misst. Et gëtt suggeréiert, dat Fraen* d’Politik vereinfacht duergestallt kréie musse fir se ze verstoen. Et gëtt suggeréiert, dat et e Mangel u Motivatioun wier, dee Fraen* dovunner ofhale géif aktiv ze ginn. D’Selbstvertraue gëtt ënnergruewen an déi Fraen*, déi probéieren hire Wee an der Politik ze goen ouni sech deene männleche Spillregelen z’ënnerwerfen oder unzepassen, kreien et duerch d’Reproduktioun vun dëse Stereotyppen nach méi schwéier gemaach.
Leider dréit elo och d’Medienofdeckung vun dëser Campagne trotz kritesche Wierder och nach weider zum Verfestege vun deene Klischee bäi. ZB. schéngt d’Tageblatt dovunner auszegoen, dass Fraen, déi sech fir High Heels, Mascara a Lëppestëft interesséieren automatesch net u Politik oder politescher Theorie interesséiert wieren.
Mir Jonk Lénk wëlle politesch Institutiounen, déi wierklech oppe fir all d’Geschlechter sinn. Politik maachen heescht net an engem rosa Camper dozou iwwerriet ze ginn, sech vun enger Partei vir d’Dekoratioun vun enger Wahllëscht benotzen ze loossen. Fraen* (mat Posch oder ouni, mat Lëppestëft oder ouni) hunn hier politesch Iddien am Kapp, genee sou wéi all aner Mënschen och. Just hu Fraen* am bestoende System selwer vill manner Chancen a vill méi Hürden – Dat muss sech änneren.
Ech brauch keng Posch voller Iddien – Ech hunn ee Kapp voller Iddien!
Geheit d’LSAP-Posch an d’Poubelle – aus Protest dogéint, op en Accessoire reduzéiert ze ginn. Post är Photo an är Erfahrungen ënnert dem Hashtag #KappVollerIddien
 
img_2751-2 foto-22-11-16-19-15-04 imag2490 img_0077 img_20161121_181818 photo-21-11-2016-14-02-23 photo-22-11-2016-13-59-26 photo-22-11-2016-16-34-18 photo-22-11-2016-18-07-56 photo-22-11-2016-18-08-46 simone_bearbeitet-2

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *