Jingoismus, Hurra Patriotismus, Spread-Eagleismus

Firwat ech soss keen Stolz an mengem Liewen hun oofgsin vun mengem National Stolz:
Den Begrëff Patriotismus gëtt meeschtens benotzt vir en staark ausgeprägten National-Stolz par Rapport zu der eegener Heemecht auszedrécken. Dobäi ass den Spektrum vum Patriotismus awer relativ grouss. Sou ginn et z.B. ënnerschiddlech Ausprägungen wei den Jingoismus den Hurra Patriotismus an den Spread-Eagleismus. Des Begrëffer sinn zwar an historesch ënnerschiddlechen Kontexter unzesidelen, mee si vertrieden all den selwechten ideologeschen Standpunkt: déi eegen Natioun ass déi eenzeg déi zielt, an déi et ze verteidegen gëllt.
Den Terme Jingoismus (Jingo=Jesus) ass am Joer 1878 an Groussbritannien entstan, an léist sech op den Krich zwëschen dem russeschen Räich an dem osmaneschen Räich zréck feieren. Deemools sinn vill Leit an den Krich gezunn, wou duerch dat patriotescht Lidd by Jingo entstan ass.

 We don’t want to fight but by Jingo if we do
We’ve got the ships, we’ve got the men, we’ve got the money too
We’ve fought the Bear before, and while we’re Britons true
The Russians shall not have Constantinople

Dëst Lidd verdäitlecht, dass d’Briten dovun ausgaangen sinn dass si all néideg Mëttelen dofir hätten vir eng Victoire vun den Russen iwwer Konstantinopel ze verhënneren. An zwar well si Briten waren. An déi aner net. Eng zimlech patriotesch an chauvinistesch Usiicht, virun allem wann een bedenkt, dass all déi grouss ugekënnegt Mëttelen d’Victoire vun den Russen dunn awer net verhënneren konnten.
Den Spread-Eagleismus ass den amerikaneschen Pendant zum Jingoismus. Ofleeden kann een den Begrëff Spread Eagleismus vum Wuert Spread Eagle. Dobäi gëtt den Bezuch zum Adler hier gestallt deen oft als Symbol vir Amerika benotzt gëtt: Den Adler soll d’USA ënnert seng weit ausgebreet Flilleken huelen an d’amerikanescht Vollek (an nëmmen dat!) beschützen. Sou zumindest an der Theorie vum Spread-Eagleismus. Och hei gëtt erëm op en staarken Interêt vir déi eegen Heemecht demonstréiert an d’Natioun an den Virdergrond gestallt.
Den Hurra Patriotismus huet Parallellen zu den zwee schonn genannten Ausdréck: hien zeechent sech doduerch aus, dass seng Vertrieder eng extrem Begeeschterung vir hier eegen Natioun un den Dag leeën, eng Begeeschterung vir déi si souguer an den Krich zeien géifen.
An genau aus dem Grond gëtt den Hurra-Patriotismus och oft mat Krichs-Euphorie associéiert. Frei no dem Motto: Sou laang een vir seng eegen Heemecht kämpfen kann ass och den Krich akzeptabel, schliisslech kann een doduerch séin primitiven patrioteschen Geescht ënner Beweis stellen.
Virun allem am Kontext vum 1ten Weltkrich ass oft vum sougenannten Hurra Patriotismus geschwat ginn, well dësen Krich déi enorm Euphorie par Rapport zum Krich, an d’Bereetschaft séin Liewen vir déi eegen Natioun ze opferen, däitlech gemaach huet.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *