Uncategorized

Fuck me ≠ Rape me!

Laika dréckt seng Solidaritéit mat allen Jonken déi de Freiden um Klimastreik deel geholl hunn. 
Mir veruerteelen all déi Versich de Protest ze diskreditéieren oder ze appropriéieren.
Laika steet virun allem a Solidaritéit mat deene Fraen déi déi Deeg nom Streik an de sozialen Netzwierker ugegraff goufe fir d’Spréch ob hire Plakater.

Fraen hier Sexualitéit ass nach ëmmer net fräi. 

Mir ginn ob der enger Säit fir Ausdréck vu Sexualitéit bestrooft an ob der anerer Säit gëtt deen Deel vu weiblecher Sexualitéit dee Männer gefält a kommodifizéierbar ass ausgenotzt an eis vu ganz jonkem un opgedrängt. Sou fanne mer eis an enger Positioun erëm wou mer sexy musse sinn, mee net ze sexy duerfe sinn. Mer mussen eis zeréckhalend ginn, mee ze prüde solle mer awer net sinn. D’Resultat dovunner: eis Sexualitéit an den Ausdrock dovunner gëtt eis geholl.

Fraen déi hier Sexualitéit esou liewe wei et hinne gefält, déi sech net de patriarchaleschen Normen ënnerwerfen, déi d’Recht ob hier Sexualitéit afuerdere gi gedemütegt a bestrooft. Et ass een ëmmer erëm kommend Phänomen, dass Fraen a Meedercher op de soziale Plattformen (sexualiséierten) Ugrëffer erliewen, soubal se hier Meenung äusseren. Ween als Fra politesch aktiv ass an dëst och ëffentlech mécht ass ganz schnell d’Zilscheif vun engem sexisteschen an/oder sexualiséiertem shitstorm.

Sou ass et och de Fraen déi sech getraut hunn mat engem sexualiséierte Wuertspill de Freiden um Youth For Climate Luxembourg Streik deelzehuele gaangen. Si goufen an de leschten Deeg komplett ausernee geholl a kruten esouvill Haass ob de sozialen Netzwierker dass verschiddener vun hinnen hiert Profil misste läschen. Mir als Laika veruerteelen dësen Haass zudéifst a schwätzen dëse Fraen eis solidaresch Ënnerstëtzung aus.

Och de Fait, dass et duergestallt gëtt, wéi wann dës Meedercher dozou opgeruff hätten, vergewaltegt ze gi veruerteele mir zu déifst. “Fuck me” heescht net “rape me”! All Fra huet ee Recht ze soen, dass si Sex wëll OUNI dass doduerch hiert Recht ob Konsens opgehuewe gëtt. Eng Fra déi sech positiv iwwer Sex äussert, déi seet, dass se gäre Sex huet a wéilt, gëtt nach ëmmer an eiser patriarchalescher Gesellschaft ofgestempelt an diskreditéiert. Äusserungen, wei “Challenge accepted” als “Witz” ze poste weise just, wei strukturell an déif verankert d’Normaliséierung vu sexualiséierter Gewalt ass. Vergewaltegungsverharmlosungen an Opriff sinn inakzeptabel a scho guer net witzeg!


An dësem kuerze Statement schwätze mir Konzepter un déi wahrscheinlech net jidderengem eppes soen, hei sinn e puer Begrëffer déi ee ka googlen fir déi Persounen déi sech wëlle méi déifgrënneg domat beschäftegen: 
rapeculture: soziologescht Konzept wou beschreift wei Vergewaltegungen (an aner Forme vu sexualiséierter Gewalt) duerch gesellschaftlech Normen an Astellungen zu Geschlecht a Sexualitéit trivialiséiert an normaliséiert ginn
victim blaming/ Täter-Opfer-Umkehr: Opfer vu (sexualiséierter) Gewalt beschëllegen / d'Schold vun engem Iwwergrëff beim Opfer selwer sichen anstatt beim Täter
slutshaming: Frae fir hier Sexualitéit oder den Ausdrock dovunner kritiséieren]

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *