Fraen hunn d'Programméieren erfonnt.

Vun de “Computer Girls” bis bei d’Geeks. Wéini d‘IT-Branche zur Männerdomän gouf.

Bill Gates, Mark Zuckerberg an den Steve Jobs kennt all Mensch. IT-Ikonen, Pionéier an Multimilliardären. Awer och Nerds, déi zanter hirer Jugend alleng an hirer Garage virum Computer souzen an domat d‘Bild vun der Informatik als Beruff vun den sozial isoléierten, männlechen Eenzelgänger weider geprägt hunn. EU-wäit sinn 81% Männer an der IT-Branche. Länneriwwergräifend gëtt haut gefrot: Wéini kommen d‘Fraen an d‘Informatik?
Déi Fro ass falsch gestallt: d‘Fraen woren souguer éischter do. D‘Pionéier am Programméieren woren nämlech Pionéierinnen. Den éischten Computerprogramm gouf vum Ada Lovelace 1842 fir eng Maschinn geschriwwen, déi schlussendlech ni gebaut konnt ginn. Et wor och d‘Ada Lovelace dat an sengen Aarbechten fir d‘éischt tëscht Hardware an Software ënnerscheed an wëssenschaftlech Grondsteen fir d‘Informatik geluecht huet – an dat obwuel hatt als Fra net d‘Bibliothéik besichen duerft an hire Mann hir Artikelen huet ofschreiwen missen. Ass d‘Ada Lovelace als Fra an der Informatik een anekdoteschen Eenzelfall? Nee.
D‘1940ger Joeren zielen als d‘Gebuertszäit vum Computer – an Programméieren deemols als “Fraenberuff”. Fir d‘„Coden“ goufen bal ausschliesslech Fraen beschäftegt, och an der Éntwécklung an an den Direktiounen wor den Fraenundeel wäit iwwert dem Duerchschnëtt zu der Zäit. D‘Mathematikerin Dr. Grace Hopper huet an der Zäit deen éischten Compiler konzipéiert an d‘Computersprooch erfonnt, andeems si e Wee fonnt huet vum Systeem vun 0en an 1ten op Wieder emzeklammen. Den ENIAC, den éischten reng elektroneschen Computer, gouf komplett vu 6 Fraen programméiert. D‘Gertrude Blanch wor als Direktrice vum „Mathematical Tables Project“ op der wichtegster Plaz an der US-Informatik während dem zweete Weltkrich. Dass déi Nimm net bekannt sinn läit virun allem dorunner, dass déi Beruffer deemols kee Prestige haten.

Ausgezeechnet goufen déi Männer, déi den ENIAC zesummegeschrauwt hunn, an net d’Fraen, déi en programméiert hunn.

Dass nach bis an d‘60ger souvill Fraen (1960: 50%) an engem héitegen “Männerberuff” geschafft hunn, läit och un Stereotypen. D‘Grace Hopper, eng vun deenen wichtegsten Informatiker*innen an hirer Zäit, gëtt an engem Interview mat der Cosmopolitian aus dem Joer 1967 sou zitéiert: „Et ass wéi d‘Owesiessen ze plangen, et muss een am viraus denken an alles sou plangen, dass et zum richtegen Zäitpunkt fäerdeg ass. Et geet ëm Gedold an Detailaarbecht. Programméieren entsprécht der Natur vu Fraen“. Programméieren, „to programm“ als am Militär verwennten Begreff fir „organiséieren“ wor als Aarbecht mat nidderegem Status, nidderegem Gehalt an ouni Prestige – also fir Fraen geduecht. Bei der „richteger“ Aarbecht am IT-Beräich, an domat der Männeraarbecht, goung et net ëm d‘Software, mee ëm d‘Hardware – an dovun woren d‘Fraen am Westen bis an d‘Mëtt vum 20te Joërhonnert ausgeschloss. Parallel woren awer Fraen an der Sowjetunioun mam Bau vum éischten digitalen Computer beschäftegt.
Wéi ass d‘Programméieren also zum “Männerberuff” ginn? Zwee Phänomener gëllen als Ursaach. An West-Europa an den USA huet sech den Zougank zum Beruff als Programméier*in verännert. Amplaz iwwert eng Ausbildung eranzekommen goufen Zougankstester agefouert, déi sech um mathemateschen Wëssen orientéiert hunn, dat an de Schoulen awer haaptsächlech de Jongen zougänglech wor. Déi zweet Ursach wor en Imagewandel vum Beruff. Duerch deels dubiéis Studien gouf d‘Bild vum „asoziale“ Mënsch un der Maschinn etabléiert. D‘Aarbecht um Computer stoung domat natierlech am kompletten Widdersproch zum Fraenbild. Iwwer erfollegräich Informatikerinnen guer net méi beriicht. Sou ass d‘Margaret Hamilton, Software-Entwécklungs-Direktesch um MIT an responsabel fir déi d‘Software vum Apollo Raumfahrtprogramm, guer net éischt bekannt ginn. An den 80ger Joeren wor den Undeel vu Fraen* an den Informatik-Studiengänk an deenen meeschten westlechen Länner ënnert 30% ukomm. Duerch d‘Aféierung vum „Personal-Computer“ fir doheem ass den Computer zur Spillsaach fir d’ Jongen ginn an mam Steve Jobs a Bill Gates goufen männlech Ikonen geschaf.

An den 90ger Joëren huet d‘Zuel vun den Informatikstudent*innen en Déifpunkt ereecht, an Däitschland zB. ënner 8% (1993).

Dass des Entwécklungen un der Verfestegung vun Stereotypen an der westlesch-kapitalistescher Kultursphäre louch weist sech am beschten duerch e Lännerverglach. 1986 louch den Taux vun den Informatikstudentinnen an der DDR bei 50% (1972 souguer nach bei 80%). An enger Studie vun 1993 gëtt d‘UNESCO un, dass a Kuwait, Saudi-Arabien, den Vereenegten Emirater, Jordanien an dem Libanon d‘Fraen un den technesch orientéierten Héichschoulen an domat an der Informatik an der Majoritéit wieren.
Obwuel zanter den 90ger Joren d‘Tauxen vu Fraen an der IT-Branche nees liicht klammen (EU-Schnëtt 2014 bei 19%, Lëtzebuerg ass EU-wäit op der leschter Plaz mat 11%) huet sech d‘Bild vum Männerberuff verfestegt. D’Ëmfeld vun deenen prestigiéisten an beschtbezueltesten Jobs ass och dat fraenfeindlechsten Ëmfelder. D‘„Bro-gramméierer“ hunn an der Silicon Valley eng Machokultur opgebaut an dofir gesuergt, dass Sexismus a kenger Beruffsspart sou institutionaliséiert ass wéi an der IT-Branche. Am Verglach lount sech ee Bléck op déi Länner, an deenen d‘IT-Beruffer schlecht bezuelt sinn. Bulgarien ass haut weltwäit een vun denen Länner wou vergläichsweis am mannsten Gehalt an der Informatik bezuelt gëtt. An, Iwwerraschung, Bulgarien ass haut och an der EU dat Land mat deem héchsten Fraenundeel an der Branche (mat iwwer 30%). Ee Bléck op d‘Hardware-Produktioun weist, dass dësen ursprünglechen Männerdomäne mëttlerweil am Bëllegloun-Sektor ukomm an geoutgesourced ass. Bei Firmen wéi Foxxcon, dem weltwäit wichtegsten Hardware-Produzent (zB. fir Apple) schaffen zu iwwer 80% Fraen.
All dës Vergläicher weisen och, wéi kuerzgegraff d‘Versich vun den Regierungen an Europa sinn, fir mat Reklammekampagnen de Fraen* „Loscht op Informatik“ ze maachen an hinnen dobäi mangelnden Interessi fir Zuelen z‘ënnerstellen an d‘Schold un der Entwécklung ze ginn. Et ass dowéinst noutwenneg géint déi patriachalesch Kultur kämpfen, duerch déi sexisteschen Stereotypen erschaaft ginn an gläichzäiteg fir gläichen Loun fir gläichwäerteg Aarbecht, géint Ausbeutung an d‘Opwäertung vum Niddregloun-Sektor kämpfen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *