Fir een neit Aarbechter*innewahlrecht.

D’Wahlrecht an déi sozial Fro zu Letzebuerg
2015 hunn déi Lëtzebuerger Staatsbierger*innen, déi nach eng knapp Majoritéit vun der Populatioun ausmaachen, dierften doriwwer ofstëmmen, ob an Zukunft Auslänner*innen zu Lëtzebuerg duerfen ënner lächerlech strenge Konditioune matwielen. Eng Majoritéit vu bal 80% vun deenen, déi wiele gaange sinn, huet dogéint gestëmmt an domat en éischte Schrëtt Richtung demokratesch Erneierung verhënnert. Am Géigesaz zu där reaktionärer Propaganda géint d’Auslänner*innewahlrecht, déi vun Nee2015, ADR, CSV a CGFP gefouert gouf, goung et dobäi awer net dorëms, d’Lëtzebuerger Identitéit “ofzeschafen” an et gouf och keng Verschwörung vun de grousse Gewerkschaften an de Patronatsvertriedunge fir d’Staatsbeamt*innen ze “entmuechten” an doropshin de Staat dem fräie Marché unzepassen.

Wien ass iwwerhaapt wahlberechtegt zu Lëtzebuerg?

Et goung a geet ëmmer nach ëm vill méi: Wien ass iwwerhaapt wahlberechtegt zu Lëtzebuerg? D’Statistike schwätzen eng eendeiteg Sprooch: No der Vollekszielung vun 2011 si 48,5% vun den zu Lëtzebuerg liewenden Auslänner*inne Salarié*eën, bei de Lëtzebuerger*inne sinn et just 39,5%. Wann ee sech dann och nach eenzel Secteuren ukuckt, gëtt d’Bild nach méi detailléiert – sou sinn z.B. am Bausecteur 75% Net-Lëtzebuerger*inne beschäftegt. Auslänner*inne si mat 22,3% och wesentlech méi engem groussen Aarmutsrisiko ausgesat ewéi Lëtzebuerger*innen (7,9%), Portugis*inne si souguer bei 30%.
Vun de Lëtzebuerger*inne si just 13% Locatairen, am Landesschnëtt sinn et der awer 24,9%, bei de Portugis*innen a Fransous*inne ronn 45%. Vun all de Menagen, déi Loyer bezuele fir hir Wunneng oder hiert Haus, sinn insgesamt 73,1% Auslänner*innen an domat vun den Nationalwahlen ausgeschloss.
Et ass also kee Wonner, datt d’Regierunge vun deene leschte Joerzéngte sech net drëms beméien, de Mindestloun esou wäit ze hiewen, datt een dovun och wierklech liewe kann – déi meescht Betraffen duerfe guer net wielen a bréngen also déi parlamentaresch Majoritéit net a Gefor. Oder datt zanter Joren keng spierbar Logementspolitik gemaach gëtt, déi de Locatairë wierklech eppes brénge géing – och si kënne souwisou net wiele goen.

D’Auslänner*innewahlrecht ass nämlech och Aarbechter*innewahlrecht

Dofir huet och d’Majoritéit vun den an der Chamber vertruedene Parteien am Endeffekt guer keen Interêt dorun, den Auslänner*innen d’Wahlrecht ze ginn. D’Auslänner*innewahlrecht ass nämlech och Aarbechter*innewahlrecht a gëtt domat all deenen, déi hir Aarbechtskraaft mussen hiergi musse fir e Loun, mat deem se knapp iwwert d’Ronne kommen, eng Stëmm, eng Méiglechkeet, sech politesch auszedrécken a schlussendlech och politeschen Drock ze maachen.
Nom Referendum vun 2015 ass et dofir méi denn jee un der Zäit, fir dat fundamentaalt Recht vu Salarié*en, jonke Leit a Locatairen anzetrieden, wielen ze duerfen – an dat ouni réischt musse bürokratesch Hürde mussen ze iwwerwannen! Et ass un der Zäit, déi politesch Muecht anzefuerderen, déi eis allen zousteet!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *