Feminismus ass Klassekampf

Lénksradikal Bedeelegung um Fraekampfdag zu Lëtzebuerg

Laika bedeelegt sech un der Solidaritéitsaktioun mat alle streikende Fraen dëse Freiden den 8. Mäerz um 12 Auer ob der Gare an der Stad.

D’Zuelen zu Lëtzebuerg weisen, dass 34% vun de Frae an Deelzäit Aarbecht sinn an doduerch manner finanziell Ressourcen hunn. Dovunner ginn 58% un, dëst wéinst perséinlechen a familiäre Responsabilitéiten (Betreiung vu Kanner an ale Persounen, Hausaarbecht,…) ze maachen. [1]
Et ass wichteg net nëmme vu Lounaarbecht, also déi bezuelten Aarbecht (Produktiounsaarbecht) ze schwätzen, mee och d’onbezuelten Aarbecht déi all Dag muss gemaach gi fir dass mer fit genuch si fir enger bezuelter Aarbecht nozegoen, wéi z.B. d’Hausaarbecht, d’Kannerbetreiung, déi emotional Aarbecht,… . Dës Reproduktiounsaarbecht, gëtt duebel esou vill vu Fraen iwwerholl wei vu Männer.
Frae verbrénge ~4 Stonne mat Hausaarbecht a Kannerbetreiung, wärend Männer ~2 Stonnen heiranner investéieren. [1]

D’Patriarchat kann net duerch e puer Quoten-Reegelungen a méi Representatioun a Chefetagen zerschloe ginn. D’Patriarchat an de Kapitalismus hunn eng gemeinsam Geschicht a si bis haut enk matenee verstréckt. Ween patriarchalesch Ënnerdréckunge kritiséiert muss déi kapitalistesch Ënnerdréckung matdenken an ëmgekéiert.

Fraestreik 2020
Mir begréissen d’Fraestreiks an eisen Nopeschlänner a soss iwwerall ob der Welt a schwätzen eis dofir aus, ob ee Streik 2020 hinzeschaffen. Duerch ee vu Frae gefouerte Streik ob hirer Aarbechtsplaz, an der Hausaarbecht, bei der Kannererzéiung an der Pflege kënne mer d’Verstréckung vu Kapital a Patriarchat däitlech maachen. D’Opdeelung an d’Produktiouns- a Reproduktiounsaarbecht huet et um Ufank vun der kapitalistescher Geschicht gepackt, d’Fraen an de private Raum ze verdrängen. D’verstäerkt Optriede vun de Fraen um Aarbechtsmarché huet eis zwar zu méi finanzieller Onofhängegkeet verhollef, mee eng Duebelbelaaschtung bruecht: Lounaarbecht zousätzlech zur Hausaarbecht.

Säit méi wéi 2 Joer si mir, als Jonk Lénk an elo als Laika, an der Plattform JIF Luxembourg fir d’Organiséiere vum Internationale Fraekampfdag aktiv.
Mir kënnen eis mol méi, mol manner mat den Texter an Aktioune vun der Plattform identifizéieren. Kompromëssbereetschaft bréngt ee breede Bündnis vun 22 Organisatiounen aus ënnerschiddleche politeschen a gesellschaftlechen Ecker mat sech. Et gëtt, säit et Feminismus gëtt, Differenzen iwwert déi gestridde gëtt, an dat ass och gutt esou. Well nëmmen doduerch komme mer an eise Fuerderungen, Aktiounen an Errongenschafte weider.

Fir Laika ass et wichteg sech am feministeschen Diskurs zu Lëtzebuerg anzebréngen a gegebenefalls och mateneen ze streiden. Op mannst grad esou wichteg ass et sech mateneen ze verbünden, Gemeinsamkeeten erauszebilden a Solidaritéit ze weisen an ze verspieren.

Feminismus kann esou villes.
Feminismus erméiglecht eis d’Welt an d’Ongerechtegkeete vun dëser Gesellschaft besser ze verstoen, Strukturen ze erkennen, eis méi Raum ze huelen, Ongerechtegkeeten ze benennen a bekämpfen, méi politesch Muecht a Ressourcen ze hunn, bessere Sex ze hunn, besser Frëndschaften a Bezéiungen ze feieren, a gemeinsam un enger emanzipéierter Gesellschaft ze schaffen.

Mir ruffen dozou ob, den 8. Mäerz 2019 um 12 Auer ob d’Place de la Gare ze kommen a gemeinsam mat der Plattform JIF Luxembourg eis Solidaritéit mat alle Fraestreiks ze weisen. An eisen Aen ass et extrem wichteg, feministesch Revendicatiounen ob d’Strooss ze bréngen an eis doduerch den ëffentleche Raum zeréck ze huelen:
facebook-event 8. Mäerz

Den 10. Mäerz fënnt fir déi fënneft Kéier eng Fête féministe am Neimënster statt mat villen Diskussiounen, Atelieren, etc. Mir wäerten een Infostand ob dësem Fest hunn a bidden ee Workshop zesumme mam CIGALE (Centre d’Information Gay et Lesbien) un wéi Antifeminismus ze erkennen an ze bekämpfen ass:
facebook-event 10. Mäerz

[1] type=news&id=1520″>https://www.liser.lu/?type=news&id=1520

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *