Uncategorized

Féck Lëtzebuerg, féck dat ganzt Land

Den Donneschden 28. Mäerz huet den Turnup Tun missten virun Geriicht optauchen, fir sech géint d’Plainten vum Fred KeupJoe Thein an Dan Schmitz ze wieren. 

Am Oktober, kuerz firun de Nationalwahlen, hat heen e Lidd erausbruecht, woumat heen eng Äntwert ob den identitären Diskurs vun rietsen Parteien, Organisatiounen an Eenzelpersounen während dem Wahlkampf an verstäerkt ob den sozialen Netzwierker geliwwert huet. Mir hunn dëst Lidd schon deemols gefeiert, well et op eng satiresch Art eng Kritik um Haas, deen sech a Form vun Rassismus, Homophobie an Antifeminismus ausdréckt, eppes entgéint setzt. Senger eegener Ausso no géif et eis ouni dësen Haas all besser goen. 

Den Fred Keup gouf duerch den ADR-noen Affekot Alex Penningrepresentéiert, deem seng Strategie et war, duerch Matleed mam Keup senger Famill, Sympathien mam Fred Keup ze entfachen. Ween auslännerfeindlech Politik mecht, kann sech och net domat rausrieden, dass en eng “Auslännerin” bestuedt huet. Dass dem Keup seng Schüler*innen d’Lidd och gelauschtert hunn freet eis, hien kann sech neierens verstoppen, firun allem net am Klassenzëmmer. Den Penning huet dem Turnup Tun virgeschloen, dass en, wann heen Politik well maachen, z.B. op eng politesch Table Ronde kommen an dem Fred Keup do “de Bass haalen” sollt anstatt Konscht ze maachen. Konscht ass politesch an daat ass och gudd esou! Et gëtt net nëmmen eng “legitim” Art a Weis fir Politik ze maachen, an et muss een scho guer net esou eng langweileg Form wei eng Table Ronde wielen, fir politesch aktiv ze ginn. 

De Joe Thein an den Dan Schmitz hunn sech selwer representéiert. Dës Entscheedung war wuel net déi allerschlausten. Den Joe Thein huet sech ënner aanerem mat opgeplusterter Entrüstung doriwwer, dass et nach gefehlt hätt dass “eis Arméi an eis Police” beleidegt gi wieren, lächerlech gemach. Den Dan Schmitz wollt nach eng Kéier kloerstellen, dass heen definitiv keen Geschlechtsverkéier mam Tun Tonnar weilt hunn. 

Den Affekot vum Turnup Tun huet ob d’Liberté d’Expression an d’Konschtfraiheet plädéiert, mee awer och opgewisen, wisou dës drai Personnagen am Lidd als Symboler fir den rietsen Diskurs, Nationalismus an Ausgrenzung zu Lëtzebuerg benotzt ginn. FCKLXB weist der Jugend hieren Desaccord mat der Ausgrenzung an dem Haas. 

Eng Diskussioun, déi och no dëser Gerichtsaffaire wuel net wäert fäerdeg sinn, ass d’Fro déi d’Richterin opgeworf huet: Wini ass een Kënschtler*in? Der Richterin hierer Interpretatioun no wier een Kënschtler*in wann een den “statut d’artiste indépendant professionel” hätt. Deen kann een awer nëmmen hunn, wann engem sain zweete Verdengscht net iwert ronn 25.000€ pro Joër goen (salaire social minimum). Dëser Interpretatioun no gëtt et zu Lëtzebuerg net vill Kënschtler*innen an déi déi et sinn, sinn entweder vun Aarmut betraff oder kënnen sech et leeschten, well se och ouni Lounaarbescht zu Lëtzebuerg iwerliewe kënnen. 

De Parquet huet zum Schluss dann nach eng Kéier d’Uklo ënnermauert, dem Turnup Tun “l’intention de nuir” ënnerstallt an eng Stroof vun 1.500€ gefroot. Den Fred Keup an den Joe Thein hunn jeweils 5.000€ Schuedensersatz gefroot, den Dan Schmitz der 10.000€. D’Uertdeel gëtt den 8. Mee gesprach.

Laika feiert weiderhin dem Tun Tonnar sain Humor a seng antirassistesch an antifaschistesch Approche.

Mir stinn a Solidaritéit mam Turnup Tun:
Féck Lëtzebuerg, féck daat ganzt Land!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *