Et gëtt näischt ze feieren.

Et ass alt nees geschwënn esou wäit. De Nationalfeierdag steet virun der Dir. An do feiere mir zu Lëtzebuerg zwar iergendwéi de Gebuertsdag vum Grand-Duc, mä am Fong gëtt d‘Natioun geféiert. An déi Natioun, déi ass dach eigentlech eng zimlech komesch Saach.
D‘Iddi vun der Natioun ass net immens al. Se staamt aus dem 19. Joerhonnert an ass also eng modern Erfindung. Dat heescht eben och, datt villes, wat mir haut als national Symboler, Gebräicher oder Traditioune verstinn, méi oder wéineger erfonnt oder adaptéiert gi sinn, fir een Gefill vun Zesummenhalt, eben een Nationalgefill, ze kreéieren. A ville Länner ass zimlech kloer, wat déi eegen national Identitéit duerstellt, Mä zu Lëtzebuerg ass dat net sou. Nieft der Monarchie, dem Kachkéis an eben der lëtzebuergescher Sprooch ass net sou vill do, wat eenzegaarteg fir de Grand-Duché wier.
Lëtzebuerg ass an der haiteger Form knapps 150 Joer al – esou laang ass „eis“ Sprooch och net méi op d‘Staatsgebitt beschränkt, mä gëtt eben och „hei vir an der Belsche“ geschwat. An natierlech ass et een historeschen Zoufall, datt Lëtzebuerg existéiert. Natiounen si kënschtlech geschaaft ginn – dat gesäit een net nëmmen, wann een déi riicht Linne kuckt, déi d‘europäesch Kolonialnist*innen op anere Kontinenter gezunn hunn. Mä just well eis Grenzen sech Flëss oder Bierger upassen, heescht dat nach laang net, datt se „natierlech“ sinn.

Natierlech ass et een historeschen Zoufall, datt Lëtzebuerg existéiert
D‘Natioun ass also kënschtlech, een Konstrukt. An se ass eng vun deenen déidlechsten Erfindungen, déi d‘Mënschheet jee gemaach huet. An der Iddi vun der Natioun ass ëmmer och d‘Ofgrenzung dran: Mir an déi aner. Do ass ganz kloer och ëmmer eng Bewäertung dran: Mir sinn déi gutt, déi aner sinn dat Friemt, déi Geféierlech, déi Béis. Déi Ofgrenzung gëtt duerch een Nationalgefill natierlech méi staark. Wann d‘Zougehéieregkeet zu enger bestëmmter Natioun een wichtegen Deel vun der eegener Identitéit ass, wierkt d‘Ofleenung an d‘Ofwäertung vun dem Frieme wéi een natierleche Prozess, wéi wann et aus dem Häerz géif kommen.
Vill Leit behaapten, si wieren ebe patriotesch, mä dat hätt näischt mat Friemefeindlechkeet ze dinn. Dat ass natierlech eng Behaaptung, déi falsch ass. Vläicht huelen sech déi Patriot*innen sech selwer net als friemefeindlech oder rassistesch wouer, mä eleng duerch déi identitär Ofgrenzung iwwerhuelen si Stereotyppen, Klischeeën an Ressentimenter. Mä ginn et da net Ënnerscheeder tëschen engem aggressiven Nationalismus an engem harmlose bis gesonde Patriotismus? Et gesäit net sou aus. An enger Laangzäitstudie vun der Universität Marburg ass erauskomm, datt nationalistesch Astellungen zu enger méi héijer Friemefeindlechkeet féieren. Et géif och kee positiven „Partypatriotismus“ ginn, mä och dee géif zu méi Nationalismus an domadder och méi Friemefeindlechkeet féieren, sou d‘Fuerscher_innen.
D‘Natioun an de Kapitalismus sinn natierlech och enk matenee verbonnen.
D‘Natioun an de Kapitalismus sinn natierlech och enk matenee verbonnen. D‘Aarbeschter*innen sollen hier eege Bedierfnesser – gutt Aarbechtsbedéngungen, mënschlech Aarbechtszäiten an natierlech hiren Undeel un dem Wäert, deen si produzéiert hunn – zeréckstiechen. An dat zum Wuel vun der Natioun. Dat geet esouwäit, datt esouguer scho Gewerkschaften an der kapitalistescher „Standuert“-Logik denken an géint hir eegen Interessen argumentéieren. Et muss och keen*t mengen, d‘Europäesch Unioun hätt eppes um Nationalismus geännert. An der Unioun ginn et stänneg Kämpf ëm „Standuertvirdeeler“. Bei deene wéist sech grad Lëtzebuerg ëmmer erëm als Kämpfer fir manner Steiergerechtegkeet. An och déi „europäesch Identitéit“, déi am Fong näischt aneres ass wéi EU-Nationalismus ass eng Ideologie, déi dofir do ass, fir Mënschen ze trennen. Dat gesäit een*t ganz gutt, wann een sech ukuckt, wéi Europa sech virun deenen aneren – de Refugees, déi Schutz siche wëllen – ofschotte wëll.
Et gëtt den 23. Juni näischt ze feieren: Weder eis anachronistesch Staatsform, nach eis kënschtlech Identitéit, déi just dofir do ass, fir eis géint anerer opzestëppelen.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *