Solidaritätsmessage an die Genoss*innen in Österreich

Et ass am gaangen ze geschéien.

Zentraleuropa erlieft en staarke Rietsruck, net nëmmen huet d’AfD et an de Bundestag gepackt, an Éisträich huet sech no 17 Joer nees eng schwaarz-blo Regierung forméiert. 
D’FPÖ ënnert dem Heinz-Christian Strache an d’ÖVP ënnert dem néie Bundeskanzler Sebastian Kurz sti fir Ausgrenzung, Rassismus, Antisemitismus an Ufeindunge géint Aarbechter*innen a Locatairen.
Puer Beispiller:
Scho befiert Schwaarz-Blo 2017 gewielt gouf, huet de Kurz sech mam Schléisse vun der Balkanroute een Numm als Ausseminister gemaach. Dës Route war bis dohin vital fir Geflüchteter, vir dem Albdram vum IS ze entkommen. De néie Bundeskanzler ass ee vun de Verfechter vun der„Festung Europa“, déi Geflüchteter zu Eindringlingen degradéiert.
Ënnert dem Deckmantel vun der Terrorismusbekämpfung gëtt d’Police gestäerkt an d’Iwwerwaachung vun de Bierger*innen erweidert. Zum Beispill duerch ee Bundestrojaner gi Fräiheeten ageschränkt am Numm vun der angeblecher Bekämpfung vun Terror. D’Angscht vun der Gesellschaft virun islamisteschem Terrorismus gëtt benotzt a geziilt weider verbreet. Ob der anerer Säit gouf et rietsextrem motivéiert Terrorattacken, déi net beschwat ginn. Datt ee Rietsextremen, deen op sengem Auto “Heil Hitler” stoen hat, virun e puer Méint säin Noper ëmbruecht huet a säit dem op der Flucht ass, gëtt quasi net diskutéiert.
Net nëmmen dem Vizekanzler HC Strache seng Vergaangenheet wéisst, datt d’FPÖ keen “Rietsextremismus-Problem” huet, mä selwer een ass. (Kontakter zu der Wiking-Jugend, eng verbueden neonazistesch Organisatioun an antisemitesche Cartoons op Facebook posten, etc.)
Och aktuell Proposë wei déi vum Johann Gudenus (FPÖ) fir 13000 Geflüchteter, déi privat a Wien liewen, ausserhalb vun der Stad an „Massenquartiere“ “auszelageren” a Geflüchteter éischt no 5 Joer Urecht ob d’Mindestsicherung a Kannergeld ze garantéieren, weise wei rietsextrem a rassistesch Motiver ee feste Bestanddeel vun der bloer Politik sinn.
Schwaarz-Blo well dat eigentlecht scho beschloss Fëmmverbuet ofschafen. Si wëllen een 12-Stonnen-Dag, Familienbonus nëmme fir méi räich Famillen, ee komplett fräien Wunnengsmaart, grouss Entreprisë solle manner bezuelen a Student*inne sollen nees Studiegebühre bezuelen.
Déi néi Regierung ass net ze toleréieren. Si vernoléissegt grouss Bevëlkerungsgruppe mat hirer Wirtschafts- a „Sozial“-Politik. Rassismus a Jugendfeindlechkeet wéist sech elo schonn a ville vun hire Proposen. Duerch den Ausbau vun Iwerwaachungsmeiglechkeeten engersäits an der Hetz géint a Straichung vu Gelder fir lénk an/oder feministesch Organisatiounen, befiirchte mir, dass an den nächste Joren ëmmer méi Repressioun ob eis Genoss*inne wäert duerkommen.
Jonk Lénk wéist sech solidaresch mat allen Mënschen, déi an Éisträich an iwwerall op der Welt géint Rietsextremismus, Antifeminismus a Rassismus kämpfen.
Et ass wichteg sech net un dës rietsextrem Entwécklungen ze gewinnen an se ob allen Niveau’en ze bekämpfen.
Dofir, elo méi wéi je: Streech fir de Strache an seng Frënn! Weltwäit vereent géint de Rietsruck!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *