• Sakura Kai

    Kiischtebléie Gesellschaft D’Kiischtebléien Gesellschaft (Sakura Kai) war en ultra nationalistesche Geheim-Bond deen sech am Kontext vun der japanescher Arméi am Joer 1930 entwéckelt huet. D’Kiischtebléi sollt dobäi d’Vergänglechkeet vum Liewen an déi eegen Opferung duerstellen, mat der d’Zaldote während hirem Kampf konfrontéiert goufen. Mee aus wei engem Grond huet dëse Bond sech gegrënnt? No deem sech an der japanescher Arméi en enormen Onmut par Rapport zu der bestoender Partei-Politik (déi an hiren Ae korrupt war) breet gemaach hat, hunn den Hashimoto Kingoro an de Cho Isamu sech zesumme geschloss an dëse Bond gegrënnt. Ugefouert gouf den Sakura Kai deemno och haaptsächlech vun hinnen, mee och vu weidere Membere vum japanesche…