Ënnert dem Pavé

Kurdistan

Opgepasst: Dësen Text ass den 3.11.2016 geschriwwen an opgeholl ginn, d’Evenementer vun der Nuecht duerno konnten also nach net berécksiichtegt ginn.

Historesch Aleedung zur kurdescher Bewegung
PKK, YPG (sprich: Yepegeh), Peshmerga – Begrëffer déi iwwert déi lescht Méint ëmmer rem an de Medien opdauchen. Op, wéi aktuell, d’“Peshmerga“ am Zesummenhang mam Stuerm op Mossul, d’„YPG“ bei der Verdeedegung vun der syresch-türkescher Grenzstad Kobane géint den Islamesche Staat oder d’“PKK“ am Zesummenhang mat bewaffenten Ausernanersetzungen an der Türkei – allen dräi Begrëffer hunn eppes gemeinsam: si sinn Nimm vu kurdeschen, bewaffenten Organisatiounen. Während d’PKK um türkeschen Territoire aktiv ass, kämpfen d’YPG op syreschem Territoire, d’Peshmerga dogéint am Irak. Woubäi, eigentlech kämpfen se allen dräi a Kurdistan. Dat mécht iech elo duercherneen?
Kee Wonner. Och a ville westleche Mainstream-Medien gëtt oft muenches duerchernee gehäit.
Dofir mol ganz vu vir: Wat oder wien ass Kurdistan? Kurdistan ass kurdesch an heescht „Land vun de Kurden“. Dat bréngt iech och net weider? Dann awer vläicht dëst: als Kurdistan gëtt e Siedlungsgebitt bezeechent, dat tëschent der Tierkei, Syrien, dem Irak an dem Iran opgedeelt ass. An dësem Gebitt liewen op alle Säite vun de Grenzen Mënschen, déi kurdesch schwätzen an sech zum groussen Deel als ee „Vollek“ verstinn – als Kurden eben.
De Begrëff Kurdistan daucht fir d’éischt am 10. Joerhonnert op, Unzeechen fir eng administrativ Eenheet „Kurdistan“ ginn et ab dem 11. Joerhonnert. Quasi vun Ufank un awer war den Territoire, vun dem rieds ass, Deel vun anere Länner. Am 17. Joerhonnert zum Beispill gouf Kurdistan tëscht dem osmanesche Räich a Persien opgedeelt. An obwuel 1920, nom Fall vum osmanesche Räich, de Kurden e „Recht op Selbstbëstemmung“ agestane gouf, gouf dat kurdescht Gebitt op verschidde Staaten opgedeelt. De Rescht huet sech d’Tierkei ënnert dem Mustafa Kemal Atatürk averleift. Säit dem huet sech un der Situatioun vun de Kurd*innen net vill geännert, och wann et ëmmer rëm Versich goufen, eng onofhängeg kurdesch Entitéit ze grënnen. Sou zum Beispill d’Republik Mahabad, déi 1943 ausgeruff gouf, mee scho manner wie e Joer méi spéit rëm néiergeschloe gouf. Hautdesdaags gëtt et zwou kurdesch Entitéiten, an denen d’Kurd*innen méi oder manner selwer iwwert hiert Schicksal bestëmme kennen. Eng dovun ass D’“Autonom Regioun Kurdistan“ am Irak. Déi aner ass Rojava, op syreschem Territoire – mee dozou spéider méi. Wichteg ass op alle Fall ze wëssen, dass et haut bis zu 30 Milliounen kurdeschsproocheg Mënschen op der Welt ginn – domat sinn si dat gréissten „Vollek“ ouni Staat vun der Welt.
Erneierung vun der Bewegung (Demokratesche Konföderalismus/Öcallan)
Berxwedan Jiyan E (sprich Berschwedan Jian Eh) ass kurdesch an heescht souvill wéi „Widderstand heescht Liewen“. D’Geschicht vun der kurdescher Minoritéit ass enk mam Widderstand géint d’Besatzungsmuechten an dem Kampf fir Selwerbestëmmung verflecht. 1978 gouf am tierkeschen Deel vu Kurdistan d’PKK gegrënnt – d’Aarbechterpartei vu Kurdistan. An zwar vum Abdullah Öcallan, deen och haut nach onbestriddene Leader vun der kurdescher Bewegung ass, an 28 anere lénke Studenten. D’PKK war vun Ufank un eigentlech eng klassesch marxistesch-leninistesch national Befreiungsbeweegung. Et ass hir awer nieft dem Kampf fir e kurdesche Staat och em d’Zerstéierung vun de feudale Klanstrukturen gaange, déi déi kurdesch Gesellschaft deelweis bis haut duerchzéien. Scho kuerz no hirer Grënnung koum et awer an der Tierkei zu engem Militärputsch, an d’PKK-Leit hunn sech missten an den Ënnergrond zréckzéien.
Richteg lassgaange mam bewaffente Kampf ass et dunn awer eréischt 1990 beim éischte „Serhildan“ – wat ee mat „Volléksopstand“ kéint iwwersetzen. Opgrond vu massiver Ënnerdréckung vis-a-vis vun allem, wat iergendwéi kurdesch oder kurdeschsproocheg war, hunn sech vill Leit, virun allem Jonker, der PKK ugeschloss. Ënnert dem Ruff „Berxwedan Jiyan E“ hunn se sech massiv géint déi türkesch Arméi a Polizei rebelléiert. Säit dem herrscht an de kurdesche Gebitter an der Tierkei e mol méi, mol manner heftege Biergerkrich.
D’PKK huet bis haut vill Ënnerstëtzer am Kurdistan an hire militäreschen Aaarm, d’HPG (sprich: Hepegeh) zielt eng ronn 10.000 KämpferInnen. Hire Leader, den Abdullah Öcallan, vun de Kurd*innen oft „Apo“ genannt, setzt säit 1998 an engem türkesche Prisong. En ursprénglecht Doudesuerteel géint hien gouf an eng liewenslaang Prisongstrof ëmgewandelt, déi hien op enger Gefängnisinsel ofsetze muss. An dem Prisong sëtzt iwwregens ausser him keen anere Prisonéier. Am Prisong huet den Öcallan, a mat him d’PKK, e wäitgräifende Wandel duerchgemaach. Inspiréiert vum kanadeschen Anarchist Murray Bookchin huet den Öcallan d’Theorie vum „demokratesche Konföderalismus“ elaboréiert. Der PKK geet et haut net méi onbedéngt em en onofhängege Staat, mee éischter em Selbstverwaltung, Demokratie, mee och em Feminismus an Ökologie. Déi nei Ideologie vun der PKK ass mat där vun den Zapatisten a Mexico ze vergläichen – et geet net drëm, d’Muecht am Staat un sech ze räissen, mee vun ënnen aner, horizontal Forme vu Verwaltung ze experimentéieren a sou Géigemuecht opzebauen.
Rojava, Situatioun an Ausbléck
Syrien war fir d’PKK-Kämpfer ëmmer eng Aart Réckzuchsgebitt, wou se sech konnten zréckzéien, wann d’Attacke vum türkesche Militär ze hefteg goufen. Et gouf eng Zort Ofkommes mam Regime vum Bashar Al Assad: heen huet si mat Rou gelooss, soulaang sie keng Attacken op syreschem Buedem gestart hunn. Wéi et dunn awer am Zuch vun de „printemps arabes“ och a Syrien zu Opstänn a schlussendlech zum Biergerkrich koum, huet de syreschen Aarm vun der PKK, d’ PYD mat hirem bewaffenten Aarm, den YPG seng Chance gesinn. An de kurdesche Gebitter vu Syrien gouf eng autonom Federatioun ugestrieft a schlussendlech dëst Joer offiziell ausgeruff. D’PYD huet en Netz vu selbstverwaltete Gemengen opgebaut, deen ënnert dem Numm Rojava zu engem eegestännegen Territoire zesummegewuess ass. Rojava ass fir d’kurdesch Bewegung dat, wat Chiapas fir d’Zapatisten ass: Experimentéierfeld a Keimzelle vun der Revolutioun.
Aus dem syresche Biergerkrich huet sech d’PYD eigentlech erausgehalen, bis de sougenannten Islamesche Staat, mat deelweis Ënnerstëtzung duerch d’Tierkei – där d’Iddi vun enger autonomer kurdescher Regioun direkt un hirer Grenz guer net passt – d’Gebitt ugegraff huet. Bekannt ginn ass Rojava duerch de méintelaange Kampf em d’Stad Kobane, déi d’YPG schlussendlech dovugedroen hunn. Woubäi een eigentlech net nëmme vun der YPG schwätze kann: e groussen Deel vum Kampf vun d’YPJ (Yepejih), d’Fraenuniteiten vun der YPG gedroen. Am Géigesaz zu de meeschten Acteuren an der Regioun ass d’kurdesch Bewegung der Meenung, dass d’Grondviraussetzung fir d’Befreiung vu Kurdistan, mee och vun der Mënschheet am Allgemengen, d’Befreiung vun der Fra ass. Déi kurdesch Kämpferinne spille bis haut eng wichteg Roll beim Kampf géint den IS – a gi vun den IS-Kämpfer gefaart wéi d’Pescht.
Ufanks konnten d’YPG an d’YPJ, déi duerch hir enk Verbindungen mat der PKK an där hire joerzéngtelaange Guerilla-Kampf géint den türkesche Staat kampferprobt waren, op d’Ënnerstëtzung vun den USA zielen. Haut huet sech d’Blat e wéineg gewend: d’Tierkei attackéiert ëmmer erëm déi kurdesch KämpferInnen un hirer Grenz an ënnerstetzt deelweis och islamistesch Bewegungen, déi géint d’YPG kämpfen. D’USA, an allgemeng déi westlech Koalitioun géint den IS, toleréieren dat, well d’Tierkei Deel vun der NATO ass. E kurdescht Spréchwuert seet: „D’Kurden hunn nëmmen d’Bierger als Frënn“. Bis haut huet dat sech ëmmer erëm bestätegt…mat dem Ënnerscheed, dass haut a Rojava e puer Honnert Volontairen aus aller Welt – och aus Däitschland, Frankräich an der Belge – géint den IS a fir d’Revolutioun a Rojava kämpfen.
Photo: cc-by Kurdishstruggle

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.