Press Releases

Konsequent gläichberechtegt: Paritéit fir d'Setz an der Chamber festleeën.

Déi mësslonge Campagne „Madame on Tour“ vun der LSAP weist, dass d’Politik iwwert all Parteigrenzen ewech de falschen Usaz huet: Amplaz d’Frae selwer zu de Schëllege vun hirem Net-Engagement ze maachen, missten d’Hürden innerhalb vun der Politik ofgebaut – dat heescht virun allem d’Männerdominanz – duerchbrach ginn.
Déi haut an der Chamber debattéiert 40%-Quot op de Wahllëschte schéngt e Minimal-Kompromëss innerhalb vun der Regierung ze sinn. Dat ass zimlech peinlech fir eng Koalitioun, déi sech progressiv gi well – a bestëmmt frustréierend fir déi zoustänneg Ministesch, eng vun de grad mol 3 Fraen un der Spëtzt vun engem Ministère.
D’Jonk Lénk ass genervt vun esou Alibi-Manöver. Wann et de Parteie wierklech dru läit, net just al wäiss Männer an der Chamber setzen ze hunn, misst d’Wahlgesetz geännert an endlech vun deem personaliséierte Wahlsystem, der „Bistros-Kandidatur“, Ofstand geholl ginn. Ausrieden zielen net – och ouni Ännerung vum Wahlgesetz kéinte Parteien eegen Initiativen huelen an hir Chambersbesetzung anescht ausriichten.
Mir schloen eng paritéitesch Besetzung vun de Sëtzer vu Parteien an der Chamber vir. Dat heescht, datt d’Setzer pro Bezierk jeeweils tëscht deene meeschtgewielte pro Geschlecht opgedeelt gëtt. No der Wahl géifen d’Setzer esou verdeelt ginn:
– Éischte Sëtz: Meeschtgewielte Persoun
– Zweete Sëtz: Meeschtgewielte Persoun vum anere Geschlecht.
– Drëtte Sëtz: Nächstgewielte Persoun
– Véierte Sëtz: Nächstgewielte Persoun vum anere Geschlecht.
– etc.
Persounen mat engem drëttem oder ouni Geschlecht, déi kandidéiert hunn, géifen dee Moment an dëser Reiefolleg dotëschtgeholl ginn, wann hire Stëmmenundeel iwwert dem Stëmmenundeel vun der Persoun leit, déi als nächst un der Rei wier.
Op déi Aart-a-Weis kéinten elo schon 27 (+2, no der Rotatioun bei déi Lénk) amplaz 17 Fraen an der Chamber sëtzen. All Partei, déi et mat der Gläichberechtegung eescht hëlt, kéint dëse Mechanismus selwer aféieren. Schonn elo sinn de Verzicht op Mandater an d’Noréckele vun nächstgewielte Kandidat*innen an der Chamber Usus.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.