Home

Dësen Site ass nach net färdeg.


Sou wéi et ass, wäert et net bleiwen!

Den neien Numm vu Jonk Lénk ass ab elo LAIKA.

Dëse Wiessel bréngt intern Verännerunge mat sech – mee eis politesch Ausriichtung bleift nach ëmmer déi selwecht. Eisem Selbstverständnes als antifaschistesch, feministesch an anti-kapitalistesch Beweegung, déi mat lénksradikaler Kritik eng emanzipéiert Gesellschaft zu Lëtzebuerg ustriewe wëll, bleiwe mer trei.

Fir mat eise politesche Positiounen, Revendicatiounen an eiser Gesellschaftskritik weider ze kommen, musse mir eis selwer an eise Fonctionnement vun Zäit zu Zäit a Fro stellen. Eng Organisatiounsform ass näischt Statesches. Genausou wéi d’Verhältnisser, an deene mer agéieren, sinn och mir engem konstante Wandel ënnerworf. Dowéinst ass et Zäit ginn, dëse permanente Changement och no baussen ze projezéieren.

Mir ënnersträiche mat eiser Ëmbenennung a LAIKA eis Onofhängegkeet vun der Parteipolitik. Zu Lëtzebuerg hunn bal d’Halschent vun der Bevëlkerung just beschränkten Zougang zur parlamentarescher Parteielandschaft. Ausserparlamentaresch Oppositioun ass dohier ee wichtegen demokrateschen Outil fir déi ganz Bevëlkerung kënnen um politeschen Diskurs deelhuelen ze loossen. Eis politesch Zieler ëmfaassen déi ganz Gesellschaft, an all hiren Aspekter – ënner anerem och jonk Mënschen. Trotzdeem wëlle mer eis selwer net méi als Jugendgrupp definéieren. Eisen Alter soll net vu fir eran de Beräich limitéieren, an deem mer Politik maache sollen an dierfen. Och dat soll duerch eisen neien Numm widdergespigelt ginn.

An deene leschten 10 Joer huet Jonk Lénk sech reegelméisseg zu den ënnerschiddlechsten Theme geäussert, sou wéi Migratioun, Nationalismus, Feminismus, Kapitalismus, d’Finanzplaz, Logement a Mobilitéit. Dës Themenvielfalt wëlle mer kontinuéierlech ausbauen. Grousse Wäert leeë mer dobäi och dorop, Praxis an Theorie mateneen ze verbannen. Eis Sendung um Radio Ara all Mount, selwer gemaachten Zines an zuelräich Aktioune verdäitlechen dëst. Dozou hunn mer viru Kuerzem ee Lieskrees gegrënnt, an deem mer eis géigesäiteg dozou encouragéieren, reegelméisseg al an nei Klassiker aus der lénker Literatur ze liesen an driwwer ze diskutéieren. Mam Zil eis politesch Praxis doduerch ze ënnermaueren.

Emanzipatoresch Politik geschitt allerdéngs ni am Alleingang. D’Kooperatioun mat Organisatioune wéi Plattforme fir d’Journée Internationale des Femmes zu Lëtzebuerg a Kontakter zu Bündnisser a Gruppen am Ausland sinn ee wichtege Bestanddeel vun eisem Engagement. Ee weidere Schwéierpunkt, dee mer ausbaue wëllen, ass dowéinst d’national an international Vernetzung.

All Persoun, déi sech mat dësen Idealer an eiser Approche identifizéiere kann a mat eis fir eng méi gerecht a solidaresch Welt kämpfe wëll, ass ob eist oppent Treffen all 3. Freiden am Mount invitéiert. Mam LAIKA Café féiere mer ee Konzept weider, dat sech scho säit méi wéi engem Joer mat Jonk Lénk bewäert huet. Ob eiser Facebook-Säit an eisem Instagram Account kann een*t all Informatiounen dozou fannen. Dat nächst Treffe fënns de an eisem Kalenner.