Press Releases

Fraen* – Just Deko.

Jonk Lénk huet gëschter an der Nuecht mat enger Aktioun um Monument vun der „Gëlle Fra“ op de Sexismus opmierksam gemaach, deen déif an eiser Gesellschaft verankert ass.


Dass Fraen* just Dekoratioun si sollen, bleift Realitéit zu Lëtzebuerg. Reklammen, déi Produite mat Frae*kierper dekoréieren („Poll on Ice“, Poll-Fabaire), Medien, déi Frae* wéi Objete presentéieren („Pin-ups“, RTL) a Parteien, déi Fraen* iwwert hier Posch definéieren („Madame on Tour“, LSAP).
Beispillhaft ass de peinleche Versuch, bei de Gemengewalen engem reelle Probleem – dem Mangel u Fraen* an der Politik – entgéintzewierken. Amplaz Männerbündnisser opzeléisen a strukturelle Sexismus an de Parteien ze kritiséieren, gëtt eng Alibi-Campagne lancéiert. D’Zil ass et nämlech net, Frae* politesch ze stäerken. Fraen* op de Wal-Lëschten sollen just dat schlecht Gewëssen vu „progressive“ Männer berouegen. Tatsächlechen Fortschrëtt schafen schéngt net am Interessi vun den etabléierte Parteien ze leien. Eng einfach Fuerderung wéi d’Erofsetzen vum Steiersaz op Tamponen gëtt ignoréiert.
Jonk Lénk wëll mat dëser Aktioun awer och un „d’Lady Rosa“ (2001) vum Sanja Iveković erënneren. Op engem Monument fir de männlechen Heldenmythos, Krichsrethorik an Nationalismus setze mir en Zeechen fir de Kampf géint d’Patriarchat. Eng vergoldet Fra als Deko op engem Krichsmonument, déi passiv den Asaz vu Männer éiert ass leider keng Billersprooch aus vergaangener Zäit. Eng ähnlech Sprooch ass och haut Alldag. Mee an dësem Alldag sinn déi Betraffen keng wehrlos Objeten.
Frae*kampfdag ass net nëmmen eemol am Joer – et ass all Dag. Et ass ee Kampf géint Sexismus an alle Beräicher vun eisem Liewen. Et ass e Kampf géint d’Strukturen vum Patriarchat. Dëse Kampf gëtt net an engem Dag gewonnen. Lénksradikale Feminismus muss och den aktuellen Rietsruck an eiser Gesellschaft ugräifen a fir dat gutt Liewe fir all kämpfen.
Mir ruffen dozou op, selwer aktiv ze ginn an den Diskriminatiounen an Ongerechtegkeeten vun eiser Zäit eppes entgéintzesetzen.

Make feminism a threat again – Kapitalismus an Patriarchat ofschafen!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.