De Klimawandel – eng Introduktioun

Fir Joerdausenden ass den Taux vum CO2 (Kuelestoffdioxid) an der Loft konstant bliwwen. Kleng Schwankungen si normal, an eréischt sait mir, d’Mënschen, riseg Mengen un CO2, produzéieren an an d’Loft ausstoussen, geet den Taux vun CO2 erop.
Laut der Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) loung d’CO2-Konzentratioun an der Atmosphäre virun 1750, also dem Ufank vun der Industrialiséierung, bei 280 ppm (parts per million). Den Duerchschnëtt louch 1960 dunn bei 315 ppm an 2018 bei 408 ppm.
Säit 1850 ass d’global Kuelestoffemissioun aus fossille Quellen steeteg an d’Luucht gaangen. Ab 1850 huet dann d’Verbrenne vu Kuel e groussen Deel zu de Kuelestoffemissiounen bäigedroen, ab 1950 Pëtrol an Äerdgas an säit 1970 ass och d’Produktioun vun Zement e Problem ginn.

CO2 ass en Treibhausgas, et gëtt also verhënnert dass d’Wäermt vun der Äerd an de Weltall entwaicht. Dësen Effekt brauche mer usëch fir dass et waarm genuch op der Äerd ass fier dass mir hei kënne liewen.
Duerch eis industriell Produktiounen an d’Verbrenne vu Rohstoffer wéi Kuel, Pëtrol oder Äerdgas ginn all Joer circa 32 Milliarden Tonnen Kuelendioxid an d’Atmosphäre bruecht, doduerch erhëtzt d’Äerd sech.
Planzen bannen een Véierel vum gesamten CO2 dee mir ausstoussen, e Bam zum Beispill bënnt am Joer ongeféier 10 Kilo CO2. Och D’Mierer bannen e Véierel vum CO2, an de Rescht – also d’Halschent – bleift an eiser Atmosphäre fir ongeféier 120 Joer. Dat heescht, och wa mir muer géingen ophalen Kuelendioxid en Masse an d’Atmosphäre ze blosen, géingen d’Temperaturen trotzdeem fir eng Zäit laang erop goen.

D’Naomi Klein ass eng kanadesch Journalistin an Aktivistin. Si schreift an hirem Buch “Die Entscheidung – Kapitalismus vs. Klima” zum Ustig vun den Treibhausgasen: “In den 1990er Jahren, als das Projekt der Marktintegration gerade anlief, stiegen die globalen Emissionen jährlich um 1 Prozent. In den 2000er Jahren, als “Schwellenländer” wie China komplett in die Weltwirtschaft integriert waren, schossen die Emissionen katastrophal nach oben – fast das ganze Jahrzehnt hindurch betrug die jährliche Zuwachsrate 3,4 Prozent. Die rapide Zunahme setzte sich bis zum heutigen Tag fort, (unterbrochen nur im Jahr 2009 durch die weltweite Finanzkrise.)”

Wat fir Moossname ginn ergraff?
Am Februar 2005 ass d’Kyoto-Ofkommen a Kraaft getrueden, wou vir d’éischte Kéier verbindlech Ziilwerter fier den Ausstouss vun Treibhausgasen an den Industrielänner festgeluecht gi sinn.
D’Paräisser Ofkommen gouf, als Nofolg vum Kyoto Ofkommes, am Dezember 2015 op der UN-Klimakonferenz zu Paräis vun 197 Länner, der Klimarahmenkonvention der Vereinten Nationen (UNFCCC = United Nations Framework Convention on Climate Change) festgeluecht. Ab 2020 sollen des festgeluechten Reegelungen dann a Kraaft trieden.

Di global duerchschnëttlech Temperatur soll bis 2100 “däitlech ënnert 2 Grad Celsius” gehale ginn am Verglach zu pre-industrielle Wäerter, ugepeilt ginn 1,5 Grad Celsius.
Am “Atlas der Globalisierung” vum Le Monde diplomatique schreift den Bernhard Pötter zum Paräisser Ofkommen: “Um das zu erreichen, soll die Weltwirtschaft zur Mitte des Jahrhunderts praktisch vollständig auf die Verbrennung von fossilen Energieträgern wie Öl, Kohle und Gas verzichten. Für die Industrienationen heißt das, die »Dekarbonisierung« muss schneller voranschreiten, um den Schwellenländern für den Übergang zur CO2-freien Wirtschaft noch ein paar Jahrzehnte mehr Zeit zu geben. Den armen Ländern sollen ab 2020 jährlich mindestens 100 Milliarden US-Dollar für Klimaschutz, Anpassung an den Klimawandel und grüne Technologien zur Verfügung stehen.”

Den internationalen Weltklimarat IPCC (Intergovernmental Panel on Climate Change) besteet aus 195 Regierungen an dausenden Wëssenschaftler di zesumme schaffen.
Am IPCC Special Report 2018 gëtt festgehalen em wéi vill eis CO2-Emissiounen ofhuele mussen fir dass d’Ziler vum Paräisser Ofkomme duerchgesat kenne ginn an Temperaturen bei 1,5 Grad gehale kenne ginn. Am “Atlas der Globalisierung” gëtt resuméiert: “Zwischen 2010 und 2030 müssten die weltweiten CO2-Emissionen um 45 Prozent reduziert werden. In jedem weiteren Jahrzehnt sollten sie halbiert werden, um bis 2050 praktisch auf null zu sinken. Ökoenergien müssten mindestens 70 Prozent des Stroms liefern.”
“Zwischen 1,5 und 2 Grad gebe es große Unterschiede. 1,5 Grad bedeute 10 Zentimeter weniger Anstieg des Meeresspiegels, 10 Millionen Menschen weniger, die deshalb ihre Heimat verlieren. Die Arktis werde bis 2100 im Sommer nur einmal ihr Eis verlieren, sonst einmal alle zehn Jahre. Bei einem Anstieg von 1,5 Grad würden im warmen und saurer werdenden Ozean »nur« 70 bis 90 Prozent der Korallen sterben, verglichen mit praktisch allen bei 2 Grad. […] nach den bisherigen Trends und Szenarien steuern wir auf eine Erwärmung von 3 bis 4 Grad zu […].”
Och am IPCC-Report steet: “Global warming is likely to reach 1.5°C between 2030 and 2052 if it continues to increase at the current rate.”

Climate Action Network” (CAN) ass en Daachverband vun iwwer 1300 ëmweltpoliteschen Net-Regierungsorganisatiounen aus 120 Länner. An hirem Media briefing zum European Council vum Juni 2019 beschreiwen si “net zero emissions economy”: “‘Net zero’ means a balance between what goes in and what goes out. For greenhouse gas emissions, that means that we must not emit more than can be absorbed by nature. At the moment, up to 7% of the EU’s total greenhouse are removed by natural sinks like forests and wetlands.”

D’Naomi Klein schreift dozou an “Die Entscheidung”: “Was unser Klima braucht um nicht zu kollabieren, ist ein Rückgang des Ressourcenverbrauchs durch den Menschen; was unser Wirtschaftsmodell fordert, um nicht zu kollabieren, ist ungehinderte Expansion. Nur eines dieser Regelsysteme lässt sich verändern, und das sind nicht die Naturgesetze. […] Weil sich die Regierungen nicht auf verbindliche Ziele geeinigt haben, können sie ihre Zusagen nach Belieben ignorieren. Und genau das passiert im Augenblick. Die Emissionen steigen so rasch an, dass 2 Grad aus heutiger Sicht wie ein utopischer Traum erscheinen, wenn wir unser Wirtschaftssystem nicht von Grund auf ändern. […] Wir versuchen […] die physikalischen Bedürfnisse des Planeten an die Bedürfnisse eines Wirtschaftsmodells anzupassen, das auf fortwährendes Wachstum und immer neue Profitmöglichkeiten setzt.”

Fir eis ass et kloer dass de Kampf géint de Klimawandel nëmme mam Ofschafen vum Kapitalismus zesummegoen kann, well di Moossname di getraff musse ginn fir d’Äerderwiermung ënner Kontroll ze kréien net mat Profitmaximéierung an stetegem Wuesstem vereenbar sinn.

D’Lag zu Lëtzebuerg
Mier hunn eis ugekuckt wat zu Lëtzebuerg fir Moossname geplangt sinn.
Am “Strategie und Aktionsplan für die Anpassung an den Klimawandel in Luxemburg 2018-2023” vum Ministère du Développement durable et de Infrastructures gëtt festgehalen, dass d’duerchschnëttlech Temperatur zu Lëtzebuerg am Zäitraum vun 1981 bis 2019 bei 9,3°C louch, wat verglach zum Zäitraum vun 1961-1990 1°C méi ass. Als Verglach: de globalen Tempeartur-Ustig läit säit 1880 bei 0,85%.
Dem Aktiounsplang vum Ministère no falen 16 vun den insgesamt 17 wäermste Joer säit dem Ufank vun den Opzeechnungen an 21. Joerhonnert.

Ausserdeem gëtt prognostizéiert, dass an Zukunft mat enger Baisse vun de Nidderschléi an de Summerméint an enger Hausse vun de Nidderschléi am Wanter ze rechnen wier. Dëst géing a Verbindung mat den erhéichten Temperaturen vun der Loft an de Wanterméint zu enger méi grousser Héichwaassergefor féieren.
Den Aktiounsplang gesäit “Prioritär Klimafolgen” fir Lëtzebuerg fier. Op Platz 1 bei de Moossname fir Bauen a Wunnen gëtt zum Beispill vum Upassen vun de Baunormen un di méi extrem klimatesch Bedingunge geschwat, mee awer beispillsweis net dovunner wéi eng Materialien ee benotzen oder vermeide sollt. Wéi mer wunnen a bauen hëlt e groussen Deel vun den CO2-Emissiounen an: weltwäit sinn ca. 50% vun den Emissiounen op de Bausecteur zeréckzeféieren, ënner anerem duerch d’Produktioun vun de Materialien, wéi zum Beispill dem Zement.
Lëtzebuerg gëllt mat senge Treibhausgaser vun 19,6 Tonnen CO2-Equivalent pro Awunner (2014) als gréissten Emitent vun der EU.
D’Energie zitt Lëtzebuerg virun allem aus dem Import vun Pëtrol: ronn 60% am Joer 2013.
Den Energiegewënn duerch Waasserkraaft läit bei 0,3 %, Wandkraaft a Solarenergie bei 0,2 % a spillen deemno nach keng grouss Roll zu Lëtzebuerg.

Allgemeng komme laut dem Ministère di folgend Problemer duerch de Klimawandel op Lëtzebuerg zou:
“Veränderung der Artenzusammensetzung und Verschiebung von Lebensräumen, steigender Bewässerungsbedarf in der Landwirtschaft, Zunahme Schadorganismen (S. 30), zunehmende Waldbrandgefahr, Zunahme von Extremwetterereignissen, erhöhte Bodenerosion, Beeinträchtigung der Bodenfruchtbarkeit und -stabilität.”

Punkto Waasser wäerten d’Problemer sinn: “Gefährdung der Wasserqualität, Wassertemperaturerhöhung, Zunahme der Wasserbedarfs (Bedingt durch eine Zunahme der Trockenperioden[…]), Veränderung der saisonalen Niederschlags- verteilung ([…] Abnahme der Niederschläge im Sommer und eine Zunahme im Winter.” A fir Lëtzebuerg gëtt matt enger “Zunahme der Frequenz von Hochwässern” gerechent.
Fir d’mënschlech Gesondheet gëtt en “thermesche Stress” firausgesot, dee firun allem eeler Mënschen, kleng Kanner a chronesch Krank Mënschen betreffe wäert. Ausserdeem gëtt mat enger Zounam suwuel vu bekannte souwéi neien Krankheetserreegeren an Allergenen gerechent.

Dës sinn Themen déi weltwäit ëmmer méi wichteg wäerte ginn. Den Klimawandel kënne mer net méi stoppen. Mer kennen awer dozou bäidroen, dass d’Temperaturen ënnert den geplangten 1,5 bis 2°C bleiwen fir schlëmmer Klimaeffeten a -katastrophen ze verhënneren.

Wei d’Naomi Klein a sengem Buch die Entscheidung schreift:
“Der Klimawandel stell eine schwere Bedrohung für (den) moderaten Kurs dar, weil halbherzige Maßnahmen nichts bewirken werden.
[…] Wir kommen nicht weiter, weil die Maßnahmen, die am besten geeignet wären, die Katastrophe zu verhindern – un die dem Großteil der Menschheit zugutekommen würden -, eine extreme Bedrohung für eine elitäre Minderheit darstellen, die unsere Wirtschaft, unseren politischen Prozess und unsere wichtisten Medien im Würgegriff hat […] Der Klimawandel stellt eine schwere Bedrohung für (den) moderaten Kurs dar, weil halbherzige Maßnahmen nichts bewirken werden. […] Wir kommen nicht weiter, weil die Maßnahmen, die am besten geeignet wären, die Katastrophe zu verhindern – un die dem Großteil der Menschheit zugutekommen würden -, eine extreme Bedrohung für eine elitäre Minderheit darstellen, die unsere Wirtschaft, unseren politischen Prozess und unsere wichtisten Medien im Würgegriff hat.”

Dëst heescht fir eis: Aktiv ginn, Drock op d’Politik maachen. Net zouloossen dass dës wichteg Decisiounen no hanne verschiibt ginn. Mer mussen elo reagéieren, an zesummen e neie Fonctionnement opbauen.

Eis Fuerderungen:
Mir appelléieren un d’Regierung sech radikal a nohalteg anzesetzen fir
– 100% erneierbar Energie esou séier wéi méiglech
– den Ausbau vu qualitativem gratis ëffentlechen Transport – och an der Groussregioun
– Keng gréng Versioun vum Kapitalismus mee nohalteg Léisungen unzegoen
– Divestment Strategien, keng finanziell Ënnerstëtzung fir fossil Energien a Grousskonzerner
– Climate Justice, all Mënsch muss ageplangt ginn am Kampf fir eng gerecht a nohalteg Welt
– Klimaofkommen iwwert Handelsoofkommen ze stellen

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *