Consent & Definitiounsmuecht

Let’s talk about sex, baby.


Mir hunn eis geduecht, dass et ëmmer nees wichteg ass iwwert Sex ze schwätzen an dat maache mer haut bei Iwwert der Plage. Dat wichtegst dobäi ass Consent, deen ass nëmmen dann erreecht wann all Persoun déi un enger sexueller Handlung bedeelegt ass dozou zougestëmmt huet a komplett domat averstanen ass. D’Persounen déi involvéiert si mussen also wësse wourop si sech grad aloossen. Dat setzt viraus, dass keent ze vill gedronk huet oder ob eng aner Aart a Weis net zourechnungsfäeg ass. Et ass wichteg, dass all Persoun eng informéiert Entscheedung treffe kann, Kanner a schlofend Persoune kënne keng informéiert Entscheedung treffen. Außerdem muss ganz kloer an ope kommunizéiert ginn, sou dass keng Mëssverständnesser kënnen opkommen zu wat grad zougestëmmt gëtt.
Konsens muss sech och ëmmer erëm ob een neits ageholl ginn, nëmme well eng Persoun eng Kéier Loscht ob Sex mat enger anerer Persoun hat, heescht net dass se e puer Stonnen, een Dag oder iergendwann dono dat och nach wëllt. Och kann net vu Consent zu Sex geschwat gi wann eng Persoun zu knuutschen zougestëmmt huet, dono awer net méi weider driwwer geschwat gëtt wei wäit déi bedeelegt Persoune goe wëllen. Et gëtt just ee ganz kloren Jo, alles anescht ass als Nee ze bewäerten. “Weess net”, “hmm”, Naicht-Soen, asw. heescht alles net “Jo” an ass domat keng Awëllegung, also Zwang oder souguer sexualiséiert Gewalt. Wichteg ass, dass all bedeelegt Persoun zu all Moment Nee soe kann. Et kann een sech dat ganzt ob enger Skala virstelle wou et vu sexualiséierter Gewalt, iwwert Zwang a Kooperatioun bis zu Consent geet. Wou genau ob där Skala eng Handlung anzeuerdnen ass, ass ëmmer un der Persoun selwer ze entscheeden. Wann däin “Nee” net akzeptéiert oder iwwergaange gouf, da läit d’Verantwortung dofir ni bei dir. An deem Moment ass dat eenzegt wat zielt, d’Fro wat passéiert ass a wéi et dir domat geet, ob a wéis du wëlls dorop reagéieren, dobäi huet keen dir eran ze rieden, weder däin*deng Partner*in, nach Aussestehender.
Woumatter mir beim Konzept vun der Definitiousnmuecht wären. Et ass un der Persoun, där sexualiséiert Gewalt widderfuer ass, ze definéieren ob et sech em sexualiséiert Gewalt gehandelt huet oder net. Deemno ass dat, wat als sexualiséiert Gewalt wouergeholl gëtt. och sexualiséiert Gewalt. Et geet dorëms amplaz objektive Kriterien d’subjektivt Empfannen an de Mëttelpunkt ze réckelen. D’Definitiounsmuecht läit also ouni Diskussioun bei der betraffener Persoun, d’Wahrnehmung vu Frënd*innen, vum Täter, vum Ëmfeld sinn dobäi egal. De Problem heibäi ass, dass d’Police an d’Justiz net esou funktionéieren. Et gëtt versicht, all Sicht ob dat wat geschitt ass anzehuelen, et gëtt versicht Beweiser ze sammelen a Widdersprech ze konstruéieren an d’Geriicht ka bei “Ausso géint Ausso” net méi vill maachen. Dat kann oft retraumatiséierend si fir d’Opfer, wat ee vun de Grënn ass, firwat d’Donkelziffer vun net reportéierte Fäll extrem héich ass bei sexualiséierter Gewalt.
Lénk Politik muss sech och mat dësem Thema beschäftegen an sech mat den Opfer vu sexualiséierter Gewalt solidariséieren an Ënnerstëtzung ubidden.
Wann s du Opfer bass vu sexualiséierter oder häuslecher Gewalt, da gëtt et zu Lëtzebuerg verschidde Stelle wou een sech ka mellen an Hëllef ka kréien: Beim “Planning Familial” oder bei “Femmes en Détresse” zum Beispill. Fir Leit déi sech nach méi zum Thema Consent an Definitiounsmuecht wëllen informéiere gëtt et zum Beispill ee Blog wou vill Material dozou ze fannen ass: defma.blogsport.de oder beim Cid-Fraen a Gender gëtt et sécherlech Bicher zum Thema. Mir wäerten dat alles och ob eiser Websäit verlinken.
De 25. November ass d’«journée d’action contre les violences faites aux femmes» an do wäerten och zu Lëtzebuerg sécherlech Aktiounen zum Thema statt fannen.
 

Links zum Thema:

Definitionsmacht
http://defma.blogsport.de

Cid – Fraen an Gender
http://cid-fg.lu
Planning Familial
http://www.planningfamilial.lu/fr/
Femmes en détresse – Luxembourg
http://fed.lu/wp/contact-2/
Kanner-Jugend-Telefon
https://www.kjt.lu/fr/adolescents/116111
Ministère de l’égalité des chances
http://www.violence.lu/violence_Accueil.1-2.html
RiichtEraus – Croix Rouge – service de consultation et d’aide pour auteurs de violence
http://www.croix-rouge.lu/riichteraus/

2 Comments

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *