Freedom March-Prozess #luxTrial

(deutsche Version weiter unten)

Haut war deen éischte Verhandlungsdag am Prozess ronderëm den “Freedom March”. Op enger  Demonstratioun géint d’EU-Flüchtlingspolitik am Juni 2014 um Kierchbierg wor et zu engem brutale Police-Asaz géint d’Demonstrant*inne komm.

 Schockéierend  waren haut net just dat neit Video-Material, dat gewisen huet, wéi  brutal an dilettantesch d’Police un d’Opléisung vun der Demonstratioun erugaange war an doduerch d’Lag zum Eskaléiere bruecht huet. Schockéierend war och d’Verhale vun de Poliziste viru Geriicht. Mat hirer absurder Weigerung op däitsch auszesoe  fir dass all déi Ugekloten si verstinn, hunn d’Beamten de Prozess an  d’Längt gezunn – offensichtlech fir méi Zäit ze kréien sech ënnerteneen ofzeschwätzen an nei Erklärunge fir dat duerch den neie Video offensichtlecht Feelverhalen ze fannen.

 Jonk Lénk si solidaresch mat den Ugekloten. Haut gouf vill iwwer “Police-Taktiken” geschwat an de Leeder vum Police-Asaz huet vu “Ordre public”, Waasserwerfer a fixéiere vu Leit geschwat, wéi vu senge Liiblings-Hobby. Mir froen eis op Deseskalatioun iwwerhaapt zur Ausbildung vun der Lëtzebuerger Police gehéiert a wéi ee Verständnis d’Police vu Grondrechter wéi der Versammlungsfräiheet huet. Grad an Zäiten, wou Leit hier politesch  Wënsch och nees méi op der Strooss zum Ausdrock brénge kann et net sinn, dass d’Police just Repressioun an hirem Mesure-Katalog huet.

 Mir  wëllen un d’Pressekonferenz vun den Ugekloten erënneren, déi muer  (06.04.) um 15h00 am CLAE stattfënnt (26, rue de Gasperich,  Lëtzebuerg-Stad). Ënnerstëtzen kann een*t déi Ugekloten och mat Spenden fir d’Prozesskäschten:

Verwendungszweck „M4F“:
Rote Hilfe e.V.
Sparkasse Göttingen
IBAN: DE 25 2605 0001 0056 0362 39

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *