• Mir mussen driwwer schwätzen – Oktober 2017

    Léif Lieserin, léiwe Lieser, psychesche Krankheete sinn d’Thema vum véierte Jonk Lénk Zine – vill vun eis, eise Frënn, eisem Ëmfeld an eiser Generatioun si betraff. Mir mussen driwwer schwätze well et wichteg ass net eleng gelooss ze ginn, ze wësse wéi et deenen anere geet an dass et okay ass sech sou ze fillen. D’Thema seet awer och vill aus iwwert déi Welt an der mer liewen. Leeschtungsdrock, Uspréch an Erwaardungen, Stress a Konkurrenzkämpf, existenziell Ängschten, Vereenzelung an Isoléierung vu Mënschen, patriarchalesch a konservativ Strukturen: Psychesch Krankheeten hunn zum Deel hier Wuerzel am Fonctionnement vun eiser Gesellschaft. Et ass dowéinst ee politescht Thema a muss och als solches unerkannt ginn. Op deenen nächste Säite fënns du Texter déi…

  • Aus der Krankheet eng Waff maachen

    Zur Geschicht vum Sozialistesche Patientekollektiv (SPK) Wee psychesch Problemer huet, ass selwer Schold. Déi Vue ass an eise Gesellschaften leider ëmmer nach virherrschend. Dir geet et net gutt, du bass depressiv, bipolar, leids ënner Panikattacken? Schold bass du selwer, sinn d’Erliefnisser an denger Kandheet oder däin Ëmfeld. A wa psychesch Krankheeten näischt anescht ewéi den Ausdrock vun enger kranker Gesellschaft wieren? „Das System hat uns krank gemacht, geben wir dem kranken System den Todesstoß!“ war eng vun de Parolen vum „Sozialistesche Patientekollektiv“. Zwee Joer sinn d’Massendemonstratiounen an d’Ausernanersetzunge vun 1968 schon hier, wéi 1970 zu Heidelberg d’SPK gegrënnt gëtt. D’Studéierenderevolt ass méi oder wéineger gescheitert, vill Aktivist*innen zéien sech an…

  • Selfcare

    „Pass op dech op!“ „Erhuel dech gutt!“ héiert een*t oft, wann een*t de Réck wéi, Migräne oder sech de Fous gebrach huet. Dann léist een*t sech krank schreiwen, leet sech an d’Bett an drénkt en Téi, gënnt sech en Owend op der Couch mat engem gudde Film. Oder wann een*t e stressegen Dag hat oder no enger Trennung: dann leet een*t sech an d’Bidden, een*t aner*t spillt eng Ronn Videospiller fir de Kapp fräi ze kréien. Wéi  d’Beispiller scho weisen, heescht „sech eppes Guddes doen“ fir jiddereen*t eppes anescht. Mee wat heescht dat, wann een*t eng (chronesch) psychesch Krankheet huet? Et as eng verstoppte Krankheet, déi een*t vu baussen net…

  • Driwwer schwätzen – 2

    Mir hu verschidden Leit gefrot, eis hier Erfahrungen als Betraffener vu psychesche Krankheeten z’erzielen an dräi Froen gestallt. 4) Wat bedeit Selfcare fir dech? Cyrille: Selfcare  ass fir mech eigentlech alles, wat irgendwei dozou beidreit, dass et  mir besser geht. Mein Emfeld drop opmierksam machen wann et engkeier net  geht, mech selwer och net forceiern mais agestoen, dass een net alles  erdroen kann. Beispiller ginn et bei mir amfong och vill. Seit  September, also seit 11 Méind hun ech elo Depersonalisatioun &  Derealisatioun weinst Femmen, am Ufank war et schrecklech an do war  Selfcare fir mech, dass ech mol Paus an der Schoul gemach hunn. Well  elo net weider drop…

  • Driwwer schwätzen – 1

    Mir hu verschidden Leit gefrot, eis hier Erfahrungen als Betraffener vu psychesche Krankheeten z’erzielen an dräi Froen gestallt. 1) Wie reagiert dein Umfeld auf deine Krankheit? Marie: Die Reaktionen varieren sehr stark, je nach Person. Meine Familie nimmt mich so an, wie ich bin, in der Außenwelt ist das schon wieder anders. Im Laufe meiner Schulkarriere (ich besuche derzeit die 12. Klasse) musste ich einige Pädagogen kennenlernen, die meine Krankheit nicht akzeptiert haben und mir eher Steine in den Weg legten. Von Bekannten  musste ich mir auch schon Aussagen wie “AD(H)S gibt es nicht, das ist erfunden” und ähnliches anhören, mittlerweile tangiert es mich nicht mehr wirklich. Was bedeutet Selfcare…

  • Begrëffer

    Depressioun Eng Depressioun kann sech op vill Aart a Weise weisen. Et fillt een sech hoffnungslos, et verléiert een Interêt un Saachen di ee gär mécht an et huet ee keng Energie. Mee och Problemer mat der Konzentratioun an Appetitverloscht sinn heefeg. Aner Unzeeche sinn dass een irritéiert wierkt, beonrouegt ass, Kappwéi oder Schloofstéierungen huet. Angschtzoustänn / Anxiety Angschtzoustänn betreffen d’Gehir an deem Sënn dass Decisiounen engem schwéier falen a vill Situatioune schonn am Virfeld wei eng Gefor wierken, obwuel et kee Grond dozou gëtt. Mee och de Kierper weist eng staark Reaktioun andeems d’Häerz méi schnell klappt, et fänkt een un mat zidderen an schweesse an et fillt een…

  • Ginn d'Mënschen méi krank oder ginn d'Krankheeten méi mënschlech?

    Psychesch Erkrankungen als Epidemie vun eiser Generatioun Jiddereen*t kennt iergendeen*t dat eng psychesch Krankheet huet, oder et huet ee souguer selwer eng. D’Fro ass ob sech di Krankheete méi verbreeden oder ob just méi oft driwwer geschwat gëtt. De wuessenden Drock, Stress an d’Zukunftsonsecherheet mat deem jonk Leit hautdesdaags konfrontéiert gi schéngt den Ausléiser fir Erkrankungen ze sinn. Ginn des Krankheeten einfach méi oft erkannt oder hunn se tatsächlech zougeholl? Laut Statistike sinn d’Zuele vun Diagnosen nämlech däitlech geklommen an ëmmer méi Leit gi wéinst Depressiounen an Angschtstéierungen krank geschriwwen. Dëst bedeit net onbedéngt dass sech d’Krankheete verbreet hunn, obwuel et dorop hiweise kéint dass et  an dëser Gesellschaft méi…