• Mir mussen driwwer schwätzen – Oktober 2017

    Léif Lieserin, léiwe Lieser, psychesche Krankheete sinn d’Thema vum véierte Jonk Lénk Zine – vill vun eis, eise Frënn, eisem Ëmfeld an eiser Generatioun si betraff. Mir mussen driwwer schwätze well et wichteg ass net eleng gelooss ze ginn, ze wësse wéi et deenen anere geet an dass et okay ass sech sou ze fillen. D’Thema seet awer och vill aus iwwert déi Welt an der mer liewen. Leeschtungsdrock, Uspréch an Erwaardungen, Stress a Konkurrenzkämpf, existenziell Ängschten, Vereenzelung an Isoléierung vu Mënschen, patriarchalesch a konservativ Strukturen: Psychesch Krankheeten hunn zum Deel hier Wuerzel am Fonctionnement vun eiser Gesellschaft. Et ass dowéinst ee politescht Thema a muss och als solches unerkannt ginn. Op deenen nächste Säite fënns du Texter déi…

  • Aus der Krankheet eng Waff maachen

    Zur Geschicht vum Sozialistesche Patientekollektiv (SPK) Wee psychesch Problemer huet, ass selwer Schold. Déi Vue ass an eise Gesellschaften leider ëmmer nach virherrschend. Dir geet et net gutt, du bass depressiv, bipolar, leids ënner Panikattacken? Schold bass du selwer, sinn d’Erliefnisser an denger Kandheet oder däin Ëmfeld. A wa psychesch Krankheeten näischt anescht ewéi den Ausdrock vun enger kranker Gesellschaft wieren? „Das System hat uns krank gemacht, geben wir dem kranken System den Todesstoß!“ war eng vun de Parolen vum „Sozialistesche Patientekollektiv“. Zwee Joer sinn d’Massendemonstratiounen an d’Ausernanersetzunge vun 1968 schon hier, wéi 1970 zu Heidelberg d’SPK gegrënnt gëtt. D’Studéierenderevolt ass méi oder wéineger gescheitert, vill Aktivist*innen zéien sech an…

  • Selfcare

    „Pass op dech op!“ „Erhuel dech gutt!“ héiert een*t oft, wann een*t de Réck wéi, Migräne oder sech de Fous gebrach huet. Dann léist een*t sech krank schreiwen, leet sech an d’Bett an drénkt en Téi, gënnt sech en Owend op der Couch mat engem gudde Film. Oder wann een*t e stressegen Dag hat oder no enger Trennung: dann leet een*t sech an d’Bidden, een*t aner*t spillt eng Ronn Videospiller fir de Kapp fräi ze kréien. Wéi  d’Beispiller scho weisen, heescht „sech eppes Guddes doen“ fir jiddereen*t eppes anescht. Mee wat heescht dat, wann een*t eng (chronesch) psychesch Krankheet huet? Et as eng verstoppte Krankheet, déi een*t vu baussen net…

  • Aarbecht – Mee 2017

    Léif Lieserin, léiwe Lieser, Dësen zweeten Zine vu Jonk Lénk dréint sech ronderëm d’Thema Aarbecht, passend zum 1. Mee, dem internationalen Dag vun der Aarbechter*innenbeweegung. “Géi du als Éischt mol richteg schaffen, da schwätze mer weider” – vill ze dacks kréie Jonker dëse Saz ze héieren. Eréischt wann een eng regulär Aarbecht huet, zielt een also zum Krees vun deenen, déi wëssen, wouvunner se schwätzen. Wéi vill Frustratioun hannert Säz wéi dësem stiechen ass déi eng Saach, vill méi wichteg ass awer, wat dëse Saz iwwert d’Fro, “wat Aarbecht ass” ausseet. Fréier wor et normal, dass een an enger Ausbildung ee Loun kritt. D’Aarbecht an der Schoul an op der…

  • "De fem hersketeknikker"

    Iergendwéi ass et an der leschter Diskussioun scho nees net sou gutt gelaf. U wat läit dat just – u dir selwer? Dass et un dir selwer leit wann Diskussiounsronnen emmer nees a Frustratioun enden ass onwahrscheinlech – ganz Fuerschungsfelder ennersichen a wéifern dominant Persounen an Diskussiounen mat Hellef vu bestemmten Techniken, bewosst oder onbewosst, géint aner Leit virginn. Déi norwegesch Sozialpsychologin a Politikerin Prof. Berit Ås huet 1979 de wessenschaftlechen Grondsteen dozou geluecht an deems si déi «5 Herrschaftstechniken» beschriwwen huet, déi besonnegt vu Männer benotz ginn fir Fraen an Diskussiounen kléng ze halen. Wann een*t drop oppasst mierkt een, dass praktesch an all gréisser Diskussiounsronn des Techniken ugewannt…

  • 13 vun 105

    E Bléck op d’Statistik ronderëm Fraen an der Gemengepolitik Datt Fraen* a politeschen Institutiounen ënnervertruede si par rapport zu hirem Undeel un der Populatioun, dierft scho méi laang gewosst sinn. Wéi déif verwuerzelt de Problem awer wierklech ass, gëtt engem réischt kloer, wann een*t sech mat den Zuele beschäftegt. Vun all de Kandidat*innen, déi fir d’Gemengewahlen ugetruede sinn, waren z.B. just knapp 32,1% Fraen*. Dat ass zwar méi wéi déi Kéiere virdrun, awer nach wäit ewech vu Representativitéit. Schliisslech maache Frae* gutt d’Halschent vun der Populatioun aus – an net just en Drëttel. Wann een*t sech d’Resultater vun de Gemengewahlen ukuckt, gëtt den Ecart an der Representatioun nach eng Kéier…

  • Gut gemengten Fitness-Tipp fir dech!

      Du hues der also grad geduecht, dass du e Moment Paus verdroen an sou en Fraen-Lifestyle-Magazine duerchbliedere kéins? Tjo, selwer Schold. Gesäiss de all déi Biller vun deene jonke, schlanken an erfollegräiche Fraen? Iwwerdriwwen, gell? Kloer, dat schreiwe mer jo och selwer. Tz, déi Celebreties. Normal Fraen däerfen natierlech ganz anescht ausgesinn. An et ass jo och logesch dass Models sou ausgesinn, si sinn aktiv, du setzt mol nees op der Couch a blieders duerch Magaziner. Mee sou bass du eben, an dat ass jo voll okay sou. Ausserdeem geet et jo hei jo offensichtlech net ëm Schlankheetswahn, mee ëm Gesondheet a Fitness, steet dach an der Iwwerschrëft hei.…

  • Moien, sexistesche Komerod

    Strukturelle Sexismus: Och a lénke Parteien déif verankert. Infobox: Strukturelle Sexismus heescht, dass Seximus (d‘Diskriminéierung opgrond vum Geschlecht) kulturell bedéngt, institutionell verankert an individuell verënnerlecht ass. Wa vu strukturellem Sexismus geschwat gëtt, geet et meeschtens ëm Ofleef a Systeemer innerhalb vun Organisatiounen an Institutiounen déi d‘Privilegéierung vu Männer als Konsequenz hunn. Den Asaz fir Fraenrechter schreiwen sech lénk Parteien gären op de Fändel an och mol an de Programm. Dass feministesch Politik feste Bestanddeel vun der Identitéit vun enger lénker Partei ass, sech feministesch Gruppen innerhalb vun dëse Parteien organiséiere kënnen an et een allgemengt Bewosstsinn fir feministesch Sujeten gëtt, entsprécht awer éischter seelen der Realitéit. Besonneg a Parteien, déi…

  • Suffragettes

    De Kampf fir d’Fraenwahlrecht De Begrëff Suffragette léist sech vum englesche Begrëff “suffrage” (Wahlrecht) ofleeden. Als Suffragette si Frae bezeechent ginn, déi sech um Ufank vum 20ste Joerhonnert fir d’Fraen-Wahlrecht a Groussbritannien agesat hunn, zu enger Zéit wou d’Fraen-Wahlrecht net nëmmen a Groussbritannien inexistent war. Wat ufanks nach als pejorativen, ofwäertenden Terminus benotzt ginn ass, huet sech no an no zu engem Synonym vir de Kampf ëm Gläichberechtegung an Emanzipatioun entwéckelt. Vir dëse Kampf novollzéien ze kenne muss een sech awer als éischt mam Kontext ausernee setzen, aus dem eraus dat ganzt entstanen ass. Mam Opkomme vun der Industrialiséierung am 19 Joerhonnert, sinn d’Fraen ëmmer méi als Aarbechtskraaft an de…

  • 4. Advent PwC

    Déi lescht Adventskäerz brennt. No den Audit-Firmen “EY”, “KPMG” an “Deloitte” fehlt nach PwC an der Serie vun de Big 4. PwC (“PricewaterhouseCoopers”) ass déi Beroderfirma mat deem mat Ofstand bedeitendste Sëtz zu Lëtzebuerg an ass wéinst dem LuxLeaks-Skandal och déi bekanntsten. Genee wéi déi aner grouss Audit Firmen zitt sech och duerch d’Firmegeschicht vu PwC eng Rei vu Skandaler. D’Beroderfirma huet Firmen ëmmer nees gehollef Bilanzen ze fälschen, knaschteg Geschäfter ofzewéckelen a Steieren ze vermeiden (1). Dobäi huet PwC och kee Problem Autokrate wei de Vladimir Putin z’ënnerstëtzen, wann et drëm geet fir politesch Géigner aus dem Spill ze zéien. PwC wor d’Accountingfirma vum Mikhail Khodorkovsky sengem Konzern Yukos…