• Suffragettes

    De Kampf fir d’Fraenwahlrecht De Begrëff Suffragette léist sech vum englesche Begrëff “suffrage” (Wahlrecht) ofleeden. Als Suffragette si Frae bezeechent ginn, déi sech um Ufank vum 20ste Joerhonnert fir d’Fraen-Wahlrecht a Groussbritannien agesat hunn, zu enger Zéit wou d’Fraen-Wahlrecht net nëmmen a Groussbritannien inexistent war. Wat ufanks nach als pejorativen, ofwäertenden Terminus benotzt ginn ass, huet sech no an no zu engem Synonym vir de Kampf ëm Gläichberechtegung an Emanzipatioun entwéckelt. Vir dëse Kampf novollzéien ze kenne muss een sech awer als éischt mam Kontext ausernee setzen, aus dem eraus dat ganzt entstanen ass. Mam Opkomme vun der Industrialiséierung am 19 Joerhonnert, sinn d’Fraen ëmmer méi als Aarbechtskraaft an de…

  • Sexism sells!

    E Joer Fraenfeindlechkeet zu Lëtzebuerg Mäerz: De lëtzebuerger Filmpräiss 2016 gëtt verdeelt, et ass nees keng eenzeg Fra ënnert de Gewënner. De Filmsecteur zu Lëtzebuerg ass komplett vu Männer dominéiert an et gëtt och vu staatlecher Säit (zB. iwwer d’Filmförderung) keng Initiative fir dogéint ze steieren. Abrëll: A Frankräich gëtt een neit Prostitutiounsgesetz gestëmmt, dat d‘Penaliséierung vu de Clienten virgesäit. Déi Lëtzebuergesch Regierung erkläert, net op dëse Wee goen ze wëllen, an verstreckt sech a Widderspréch bei hierem Versuch et mat engem eegenen Gesetz allen Recht zemaachen. Mee: Eng Reklamm vun Poll Fabaire an der eng hallefplakesch Fra op enger Äisplack dat neit Gedrenks “Poll on Ice” duerstellt gëtt vum…

  • Riot Grrrl*

    De Riot Grrrl Movement war ursprénglech eng feministesch underground Bewegung, déi an der amerikanescher Alternativ a Punk Szen entstanen ass. Begrënnerin war d‘Kathleen Hanna, Frontfra vun der Band Bikini Kill. D´Sängerin hat Ufank den 90er Joren d’Iddi eng Zeitung ze verëffentlechen, mat ebe grad deem Numm: Riot Grrrl. Beaflosst gouf hat vu Museker*innen aus de 70er an 80er Joren (Patti Smith,…) Mee eleng déi Tatsaach dass den Numm op eng Zeitung zréck ze feieren ass, erkläert nach net Sënn an Zweck hannert der Beweegung. Vir d’Beweeggrënn also ze verstoen, muss een als éischt op d´Situatioun agoen, an der sech déi deemoleg Musekerinne* befonnt hunn. Natierlech goufen et och schonn zu dem…

  • Konsequent gläichberechtegt: Paritéit fir d'Setz an der Chamber festleeën.

    Déi mësslonge Campagne “Madame on Tour” vun der LSAP weist, dass d’Politik iwwert all Parteigrenzen ewech de falschen Usaz huet: Amplaz d’Frae selwer zu de Schëllege vun hirem Net-Engagement ze maachen, missten d’Hürden innerhalb vun der Politik ofgebaut – dat heescht virun allem d’Männerdominanz – duerchbrach ginn. Déi haut an der Chamber debattéiert 40%-Quot op de Wahllëschte schéngt e Minimal-Kompromëss innerhalb vun der Regierung ze sinn. Dat ass zimlech peinlech fir eng Koalitioun, déi sech progressiv gi well – a bestëmmt frustréierend fir déi zoustänneg Ministesch, eng vun de grad mol 3 Fraen un der Spëtzt vun engem Ministère. D’Jonk Lénk ass genervt vun esou Alibi-Manöver. Wann et de Parteie…

  • #KappVollerIddien – Politik am Kapp, net an der Posch.

    D’LSAP wëll also méi “Madammen” iwwerrieden vir hier Lëschten ze kandidéieren. Interessanterweis schéngt d’LSAP der Meenung ze sinn, dat net d’Männerdominanz an den oppene Sexismus an der Politik, net de personaliséierte Wahlsystem, net de strukturelle Sexismus an hirer Partei an deenen anere Parteien oder de Mangel u Bereetschaft Fraen* vun Ufank un mat opzebauen an ze ënnerstëtzen de Problem ass. De Problem ass der LSAP no offensichtlech, dass bis elo nach keen d’Fraen* mat engem rosa Camper an enger rosa Posch voller Iddie siche komm ass. Dës Aktioun ass fir ze katzen. Fraen* ginn op ee sexistesche Stereotyp, d'”Madamm mat hirer Posch” reduzéiert a lächerlech gemaach. Mee nieft der schlechter…

  • Consent & Definitiounsmuecht

    Let’s talk about sex, baby. Mir hunn eis geduecht, dass et ëmmer nees wichteg ass iwwert Sex ze schwätzen an dat maache mer haut bei Iwwert der Plage. Dat wichtegst dobäi ass Consent, deen ass nëmmen dann erreecht wann all Persoun déi un enger sexueller Handlung bedeelegt ass dozou zougestëmmt huet a komplett domat averstanen ass. D’Persounen déi involvéiert si mussen also wësse wourop si sech grad aloossen. Dat setzt viraus, dass keent ze vill gedronk huet oder ob eng aner Aart a Weis net zourechnungsfäeg ass. Et ass wichteg, dass all Persoun eng informéiert Entscheedung treffe kann, Kanner a schlofend Persoune kënne keng informéiert Entscheedung treffen. Außerdem muss ganz kloer an ope kommunizéiert ginn, sou dass keng Mëssverständnesser kënnen opkommen zu wat grad zougestëmmt gëtt. Konsens muss sech och…

  • Ënnert dem Pavé – Grenzenlose Solidarität & Frauen*kampftag – 04.03.16

    Ab dem 04. März 2016 gëtt et um Radio Ara all Freiden vun 16-17 Auer eng nei Radio Sendung déi “Ënnert dem Pavé” heescht. Zësummen mat der UNEL, mat OGBL-Jeunes an mat Richtung22 wiesselen mir eis all Freiden oof. Mir klären iech iwwer politesch Phänomener op, interviewe spannend Personnagen an diskutéieren iwwert aktuell politesch Themen. Den Numm vun der Sendung kënnt vun engem Sproch aus der ’68er Beweegung: “sous les pavés, la plage” a wéist, datt duerch Opbroch eng besser Zukunft méiglech ass. Den Podcast vun eiser éichter Sendung an där et ëm eng Demo zu Treier ënnert dem Motto “Grenzenlose Solidarität” an ëm den Fraen*kampfdaag geet fann der hei:…