• Summercamp 2019

    Laika invitéiert op de Summercamp 2019, den 31. August. Du kanns eis kenneléieren a mat aneren Interesséierten u Workshops an Diskussiounen deelhuelen!

  • Fuck me ≠ Rape me!

    Laika dréckt seng Solidaritéit mat allen Jonken déi de Freiden um Klimastreik deel geholl hunn. Mir veruerteelen all déi Versich de Protest ze diskreditéieren oder ze appropriéieren. Laika steet virun allem a Solidaritéit mat deene Fraen déi déi Deeg nom Streik an de sozialen Netzwierker ugegraff goufe fir d'Spréch ob hire Plakater.

  • Feminismus ass Klassekampf

    Lénksradikal Bedeelegung um Fraekampfdag zu Lëtzebuerg Laika bedeelegt sech un der Solidaritéitsaktioun mat alle streikende Fraen dëse Freiden den 8. Mäerz um 12 Auer ob der Gare an der Stad. D’Zuelen zu Lëtzebuerg weisen, dass 34% vun de Frae an Deelzäit Aarbecht sinn an doduerch manner finanziell Ressourcen hunn. Dovunner ginn 58% un, dëst wéinst perséinlechen a familiäre Responsabilitéiten (Betreiung vu Kanner an ale Persounen, Hausaarbecht,…) ze maachen. [1]Et ass wichteg net nëmme vu Lounaarbecht, also déi bezuelten Aarbecht (Produktiounsaarbecht) ze schwätzen, mee och d’onbezuelten Aarbecht déi all Dag muss gemaach gi fir dass mer fit genuch si fir enger bezuelter Aarbecht nozegoen, wéi z.B. d’Hausaarbecht, d’Kannerbetreiung, déi emotional Aarbecht,……

  • "De fem hersketeknikker"

    Iergendwéi ass et an der leschter Diskussioun scho nees net sou gutt gelaf. U wat läit dat just – u dir selwer? Dass et un dir selwer leit wann Diskussiounsronnen emmer nees a Frustratioun enden ass onwahrscheinlech – ganz Fuerschungsfelder ennersichen a wéifern dominant Persounen an Diskussiounen mat Hellef vu bestemmten Techniken, bewosst oder onbewosst, géint aner Leit virginn. Déi norwegesch Sozialpsychologin a Politikerin Prof. Berit Ås huet 1979 de wessenschaftlechen Grondsteen dozou geluecht an deems si déi «5 Herrschaftstechniken» beschriwwen huet, déi besonnegt vu Männer benotz ginn fir Fraen an Diskussiounen kléng ze halen. Wann een*t drop oppasst mierkt een, dass praktesch an all gréisser Diskussiounsronn des Techniken ugewannt…

  • Draupadi

    Een Opruff zum feministeschen Handelen aus der indescher Mythologie Draupadi ass ee vun de wichtegste Figuren aus der indescher Erzielung Mahabharata. De Mahabharata ass dat zweetlängste Buch vun der Welt, geschaten 2000 Joer al a gëtt duerch Verfilmungen an Néierzielungen um Liewe gehale. Den Text fonctionnéiert duerch Dialog an doduerch dat eng grouss Villfälltegeet un Perséinlechkeete vertruede sinn, hannerfreet den Text de Status Quo. D’Roll vun der Fra ass soumat en Haaptthema an der Erzielung an Draupadi ass eng wichteg Figur déi d’Patriarchat a Fro stellt. Eng Schlësselstell an der Erzielung ass de Moment wou dem Draupadi séin Mann (ee vu senge fënnef Männer) seng Suen, säi Kinnekräich a schliisslech…

  • 13 vun 105

    E Bléck op d’Statistik ronderëm Fraen an der Gemengepolitik Datt Fraen* a politeschen Institutiounen ënnervertruede si par rapport zu hirem Undeel un der Populatioun, dierft scho méi laang gewosst sinn. Wéi déif verwuerzelt de Problem awer wierklech ass, gëtt engem réischt kloer, wann een*t sech mat den Zuele beschäftegt. Vun all de Kandidat*innen, déi fir d’Gemengewahlen ugetruede sinn, waren z.B. just knapp 32,1% Fraen*. Dat ass zwar méi wéi déi Kéiere virdrun, awer nach wäit ewech vu Representativitéit. Schliisslech maache Frae* gutt d’Halschent vun der Populatioun aus – an net just en Drëttel. Wann een*t sech d’Resultater vun de Gemengewahlen ukuckt, gëtt den Ecart an der Representatioun nach eng Kéier…

  • Gut gemengten Fitness-Tipp fir dech!

      Du hues der also grad geduecht, dass du e Moment Paus verdroen an sou en Fraen-Lifestyle-Magazine duerchbliedere kéins? Tjo, selwer Schold. Gesäiss de all déi Biller vun deene jonke, schlanken an erfollegräiche Fraen? Iwwerdriwwen, gell? Kloer, dat schreiwe mer jo och selwer. Tz, déi Celebreties. Normal Fraen däerfen natierlech ganz anescht ausgesinn. An et ass jo och logesch dass Models sou ausgesinn, si sinn aktiv, du setzt mol nees op der Couch a blieders duerch Magaziner. Mee sou bass du eben, an dat ass jo voll okay sou. Ausserdeem geet et jo hei jo offensichtlech net ëm Schlankheetswahn, mee ëm Gesondheet a Fitness, steet dach an der Iwwerschrëft hei.…

  • Fraen – just Deko.

    Jonk Lénk huet an der Nuecht zum 8te Mäerz mat enger Aktioun um Monument vun der “Gëlle Fra” op de Sexismus opmierksam gemaach, deen déif an eiser Gesellschaft verankert ass. Dass Fraen* just Dekoratioun si sollen, bleift Realitéit zu Lëtzebuerg. Reklammen, déi Produite mat Frae*kierper dekoréieren (“Poll on Ice”, Poll-Fabaire), Medien, déi Frae* wéi Objete presentéieren (“Pin-ups”, RTL) a Parteien, déi Fraen* iwwert hier Posch definéieren (“Madame on Tour”, LSAP). Beispillhaft ass de peinleche Versuch, bei de Gemengewalen engem reelle Probleem – dem Mangel u Fraen* an der Politik – entgéintzewierken. Amplaz Männerbündnisser opzeléisen a strukturelle Sexismus an de Parteien ze kritiséieren, gëtt eng Alibi-Campagne lancéiert. D’Zil ass et nämlech…

  • Let’s talk about sex, baby.

    Ze wëssen op eng Persoun mat enger anerer wierklech schlofen wëll ass kee Rätsel. Just “Jo” heescht “Jo”. Et ass ëmmer nees wichteg iwwert Sex ze schwätzen. Dat wichtegst dobäi ass Consent, oder och Konsens genannt, deen ass nëmmen dann erreecht wann all eenzel Persoun déi un enger sexueller Handlung bedeelegt sinn, dozou zougestëmmt hunn a komplett domat averstane sinn. D’Persounen déi involvéiert si mussen also wësse wourop si sech grad aloossen. Dat setzt viraus, dass keent ze vill gedronk huet oder ob eng aner Aart a Weis net zourechnungsfäeg ass. Et ass wichteg, dass all Persoun eng informéiert Entscheedung treffe kënnen: z.B. Kanner oder schlofend Persoune kënne keng informéiert…

  • Suffragettes

    De Kampf fir d’Fraenwahlrecht De Begrëff Suffragette léist sech vum englesche Begrëff “suffrage” (Wahlrecht) ofleeden. Als Suffragette si Frae bezeechent ginn, déi sech um Ufank vum 20ste Joerhonnert fir d’Fraen-Wahlrecht a Groussbritannien agesat hunn, zu enger Zéit wou d’Fraen-Wahlrecht net nëmmen a Groussbritannien inexistent war. Wat ufanks nach als pejorativen, ofwäertenden Terminus benotzt ginn ass, huet sech no an no zu engem Synonym vir de Kampf ëm Gläichberechtegung an Emanzipatioun entwéckelt. Vir dëse Kampf novollzéien ze kenne muss een sech awer als éischt mam Kontext ausernee setzen, aus dem eraus dat ganzt entstanen ass. Mam Opkomme vun der Industrialiséierung am 19 Joerhonnert, sinn d’Fraen ëmmer méi als Aarbechtskraaft an de…