• Climate Action Now

    CLIMATE ACTION PLAKAT-DOWNLOADDir kénnt all d’Plakater, déi een Deel Informatioun an een Deel Revendikatioun sinn, hei erooflueden: Plakat-Download.

  • 100% ERNEIERBAR ENERGIEN ELO!

    D’Zukunft net dem fräie Marché iwwerloossen. Den Energiesecteur an d’ëffentlech Hand! D’Verbrenne vu fossille Ressourcen, wéi Kuel, Pëtrol an Äerdgas, verursaacht CO2-Emissiounen weltwäit an erhëtzt nieft aneren Ofgasen d’Atmosphäre säit Joerzéngten. Dëst bréngt Loftverschmotzung, Aartestierwen, méi extrem Wieder-Evenementer wéiStierm, laang Drëcheperioden an eng erhéichte Frequenz vun Héichwaasser mat sech. Am Paräisser Klimaofkommes (2015) gouf festgeluecht, dass d’Erhéigung vun derglobaler duerchschnëttlecher Temperatur bis 2100 „däitlech ënnert 2 Grad Celsius“gehale soll ginn (am Verglach zu pre-industrielle Wäerter) – ugepeilt ginn 1,5°C.En hallwe Grad Celsius mécht dobäi e groussen Ënnerscheed fir d’Naturverhältnisser, an domat och fir Mënschen, Déieren a Planzen. Am Moment steiere mir awer op engErwiermung vun 3 bis 4°C zou. Bis spéitstens 2030 musse mer d’weltwäit CO2-Emissiounen em…

  • De Klimawandel – eng Introduktioun

    Fir Joerdausenden ass den Taux vum CO2 (Kuelestoffdioxid) an der Loft konstant bliwwen. Kleng Schwankungen si normal, an eréischt sait mir, d’Mënschen, riseg Mengen un CO2, produzéieren an an d’Loft ausstoussen, geet den Taux vun CO2 erop. Laut der Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) loung d’CO2-Konzentratioun an der Atmosphäre virun 1750, also dem Ufank vun der Industrialiséierung, bei 280 ppm (parts per million). Den Duerchschnëtt louch 1960 dunn bei 315 ppm an 2018 bei 408 ppm. Säit 1850 ass d’global Kuelestoffemissioun aus fossille Quellen steeteg an d’Luucht gaangen. Ab 1850 huet dann d’Verbrenne vu Kuel e groussen Deel zu de Kuelestoffemissiounen bäigedroen, ab 1950 Pëtrol an Äerdgas an säit 1970 ass…

  • Occupy for climate – 24.05.19

    Wisou mir de Freiden d‘roud Bréck blockéieren Laika rifft dozou op, de Freiden den 24. Mee zesummen mat Youth for Climate d‘roud Bréck ze blockéieren. Mir gesinn doranner een klengen Akt vun „zivilem Ungehorsam“, deen als Zeechen dofir steet, datt et net esou ka weider goen. Déi lëtzebuergesch Regierung schreift sech zwar gären grouss Ziler op hir Fändelen, mä si wëll de System net grondleeënd änneren.An genee dat ass awer néideg.Et geet net duer, virun all Wuert d‘Adjektiv „nohalteg“ ze klaken an ze mengen, domadder wier et gedoe.Et geet net duer, Diesel- an Bensinner duerch Elektroautoen ze ersetzen.Et geet net duer, d‘Masseproduktioun vu Fleesch a Mëllech „bio“ ze maachen.Et geet…