Biji Berxwedana Rojava

Solidaritéit mam Widderstand vu Rojava – Massaker verhënneren!

Jonk Lénk huet gëschter am spéiden Nomëtteg eng Aktioun virun der tierkescher Ambassade duerchgefouert. Mat faarwegem Damp, enger Banderole an e puer Fändelen hunn sech Aktivist*inne virun d’Ambassade beginn, fir do géint d’Attacken op déi selwerverwalt kurdesch Gebidder am Norde vu Syrien, d’demokratesch Federatioun vu Rojava, ze protestéieren.
Nodeems déi kurdesch Kräften, virun allem d’Volléksverdeedegungseenheete YPG an d’Fraen*-Unitéite YPJ d’Organisatioun Islamesche Staat ënner villen Affer esou gutt wéi zerschloen hunn (mir erënneren eis un de gefeierte Widderstand vu Kobane 2014), gräift d’Tierkei säit Ugangs des Joers mat hiren djihadisteschen Alliéierten de Kanton Afrin un. Ënnert den Ae vun der Weltgemeinschaft dréit e Massaker zu Afrin. D’tierkesch Arméi mécht keen Ënnerscheet tëscht Zivilbevëlkerung an aktive Kämpfer*innen. Et gi gezielt ganz Uertschaften zerstéiert an d’Drénkwaasserversuergung ugegraff. Honnerte vu Leit si scho gestuerwen oder schwéier verletzt. Zenter enger Woch ass Afrin agekesselt an d’Lag spëtzt sech ëmmer méi zou. An der leschter Nuecht ass eng Klinik bombardéiert ginn, woubäi mindestens 16 Mënsche gestuerwe sinn.
Weder vun der EU, nach vu Lëtzebuerg ass vill ze héieren. De Jean Asselborn ass ausser dem übleche Geschwätz aussergewéinlech zréckhalend. Si all hunn elo scho Blutt un hiren Hänn. Mir wäerten déi lëtzebuergesch Regierung an de Jean Asselborn héchstperséinlech dofir verantwortlech maachen, wann den NATO-Partner Tierkei zu Afrin e Massaker verustalt. Si wäerte mat de Konsequenzen dovu liewe mussen.
Mir fuerderen d’Expulsioun vum tierkeschen Ambassadeur an d’Afréiere vu sämtlechen diplomateschen a wirtschaftleche Relatioune mat der Tierkei an d’bedéngungslos Ënnerstëtzung vun de kurdeschen Organisatioune YPG a YPJ.
Solidaritéit mam kurdesche Befreiungskampf heescht d’Sich no engem Liewen ouni Kapital a Patriarchat ze ënnerstëtzen. Rojava ass eng Inspiratioun fir lenks Beweegunge weltwait.
Si fir eis, mir fir si!
Biji Berxwedana Rojava – Vive de Widderstand vu Rojava!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *